Kéis ass e fest Mëllechprodukt, dat – mat wéinegen Ausnamen – duerch d'Féngen an d'Andéckse vum Eewäissundeel vun der Mëllech gewonne gëtt.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kéis gëtt zu de Grondliewensmëttele gerechent.
Um Weltniveau ass de Kéis ee vun den Haaptprodukter vun der Landwirtschaft. Der FAO no huet d'Kéisproduktioun an der Welt méi wéi 18 Milliounen Tonnen am Joer 2004 erreecht. Déi gréisst Kéisproduzente sinn d'USA, mat engem Undeel vu 30 %, virun Däitschland a Frankräich.
Déi gréisst Kéisproduzenten- 2004 (an 1.000 Tonnen) | |
---|---|
USA | 4 327 |
Däitschland | 1 929 |
Frankräich | 1 827 |
Italien | 1 102 |
Holland | 672 |
Polen | 535 |
Brasilien | 470 |
Egypten | 450 |
Australien | 373 |
Argentinien | 370 |
De gréissten Exportateur vu Kéis, a Geld ausgedréckt, ass Frankräich; den zweetgréissten Däitschland, dat awer quantitativ un éischter Plaz steet.
Haaptexportlänner vu Kéis(nëmme vu Kéis aus Mëllech) - 2004 (an 1.000 US-Dollar ausgedréckt) | |
---|---|
Frankräich | 2 658 441 |
Däitschland | 2 416 973 |
Holland | 2 099 353 |
Italien | 1 253 580 |
Dänemark | 1 122 761 |
Australien | 643 575 |
Neiséiland | 631 963 |
Belsch | 567,590 |
Irland | 445,240 |
Groussbritannien | 374,156 |
Déi gréisst Kéiskonsumenten - 2003 (A kg pro Awunner a Joer) | |
---|---|
Griicheland | 27,3 |
Frankräich | 24,0 |
Italien | 22.9 |
Schwäiz | 20,6 |
Däitschland | 20,2 |
Holland | 19,9 |
Éisträich | 19,5 |
Schweden | 17,9 |
Griicheland ass, mat engem duerchschnëttleche Konsum vu 27,3 kg pro Awunner, de weltgréisste Konsument vu Kéis, hei stellt de Feta 3/4 vum Konsum duer. Frankräich kënnt op d'zweet Plaz mat 24 kg op de Kapp.
Commons: Kéis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kéis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.