De Josef Kreitmaier, gebuer den 20.
November 1874 zu Siegenburg (Niederbayern), gestuerwen de 15. Januar 1946 zu Holzhausen bei Augsburg, war en däitsche Jesuitt, Konschthistoriker a Komponist.
Josef Kreitmaier | |
---|---|
Gebuer | 20. November 1874 |
Gestuerwen | 15. Januar 1946 |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
1897 huet hie säin Noviziat bei de Jesuitten ugefaangen. D'Priisterwei krut hien 1907. Als Redakter vum "Leuchtturm" huet hien 1909 zu Lëtzebuerg a vun 1910-1911 zu Köln geschafft. Zu Lëtzebuerg war hien am Schrëftstellerheem um Lampertsbierg ënnerbruecht.
Vun 1918 un huet de Kreitmaier fir d'Konscht- a Museksredaktioun vun der Zäitschrëft Stimmen der Zeit (fréier: Stimmen aus Maria Laach) geschafft; vun 1927 bis 1936 huet hien d'Redaktioun vun där Zäitschrëft offiziell, faktesch awer och vum 5. August 1941 bis zum 9. Mee 1945, geleet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Josef Kreitmaier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.