En Internetforum ass eng Web Applikatioun op enger Websäit, déi et senge Benotzer erméiglecht, fir mateneen ze kommunikéieren.
Et ass eng Alternativ zu scho méi eelere Systemer wéi Usenet oder Mailinglëschten. Am Géigesaz zum Chat ginn déi geschriwwe Bäiträg net an engem Lach vu Logdateien ënner, mä se bleiwe gespäichert a kënne vu all berechtegte Benotzer (User) resp. Gaascht (Guest) gelies ginn.
Déi verschidden Nimm fir Internetforume sinn:
An der Reegel huet sou een Internetforum e bestëmmt Theema an ass an der Struktur a Kategorië resp. an Ënnerkategorien opgegliddert.
Bannent de Kategorië kann de Benotzer dann en Theema (Topic, Thread) wat e wëllt opmaachen, deem en natierlech och een Titel (Iwwerschrëft) gëtt. Doropshi kënnen aner Benotzer dann äntwerten (reply) an de Threadstarter kann dat selbstverständlech och. Déi eenzel Bäiträg an engem Internetforum nennt een och nach "postings" (pl. Bäitrag) oder "replies" (pl.: Äntwert)
Ofhängeg vun der Foresoftware an hirer Konfiguratioun gëtt et verschidde Méiglechkeete fir den Inhalt vun engem Theema unzeweisen:
En Internetforum ass generell hierarchech organiséiert an an all gréisserem Internetforum gëtt et op d'mannst dës "Zorte" vu Benotzer:
Commons: Internet forum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Internetforum, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.