Hobich

D'Hobich, Carpinus betulus, ass e Lafbam aus Mëttel- a Westeuropa, deem säi Vebreedungsgebitt mat deem vun der Buch zimmlech iwwerenee stëmmt, mat Ausnam vum Nordoste wou se méi wäit wéi d'Buch virstéisst.

Hobich
Hobich
Hobich
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Fagales
Famill Betulaceae
Ënnerfamill Coryloideae
Gattung Hobichen (Carpinus)
Wëssenschaftlechen Numm
Carpinus betulus
Linnaeus
Hobich
Eng Hobich am Summer
Hobich
Blat vun der Hobich
Hobich
Carpinus betulus

Hir Grenz an der Héicht ass an de Mëttelbierger tëscht 400 a 600 Meter. An den Alpe ka se plazeweis bis op 1000 Meter goen.

Si wiisst gutt zesumme mat Eechen, an op Biedem mat Quellen, oder Sickerhorizonten, ass et eng ideal Bäimëschung fir Eschen. Op dréchene Biedem leescht se och gutt Déngschter wa se a Kiferbestänn bäigemëscht ass.

Habitus an Alter

D'Hobich ass e summergrénge Lafbam, dee bis zu 25 Meter héich gëtt an en Duerchmiesser vu bis zu engem Meter erreeche kann. Am Kaukasus kann dëse Bam souguer 35 Meter héich ginn. Den Alter läit bei bis zu 150 Joer. An dichte Bestänn hunn dës Beem e Schaft vun 8–10 m, am Extremfall souguer 18 m. De Stamm ass dacks kromm.

Solitärbeem bilden eng breet oval Kroun.

Knäpp, Blieder a jonk Äscht

D'Blieder sinn duebel gezackt, d'Wanterknospe si spëndelfërmeg a 5–8 mm laang, si leien dicht um Zweig. D'Knospeschuppe si brong bis routbrong an um Rand bewimpert. D'Bléieknospe si méi grouss an net sou spatz wéi déi vegetativ Knospen.

D'wiesselstänneg Blieder si 4–10 cm laang an 2–4 cm breet, eefërmeg an zougespëtzt. Déi ënnescht Säit vun de Blieder ass am Ufank behoert, méi spéit awer net méi. D'Hierschtfaarf ass giel, a se hänken dacks nach am brongen Zoustand am Fréijoer un den Äscht.

Déi jonk Äscht si blénkeg brong (bis gréng-brong) a schwaach behoert. Méi spéit gi se brong-gro a plakeg. Si hu vill wäiss elliptesch Lentizellen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Carpinus betulus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Hobich Habitus an AlterHobich Knäpp, Blieder a jonk ÄschtHobich Kuckt ochHobich Um SpaweckHobichBuchenLafbam

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KatalounienJean-Pierre Georg23. MeeHans SteinhoffWikipedia op LëtzebuergeschNassau-WeilburgEngleschJohny FlickRandschelt51Schëld F, 16Nico ReisdorffLëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a SchlässerAli RuckertMichel LentzFrançois-Xavier de FellerVeianen31. JanuarDäitschlandJohn SchummerEuropa (Kontinent)LissabonLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergAndy BauschBernard FeltenPopmusekJohn CastegnaroBatty WeberSterBanque FortunaKaunerefBlue (Film 1968)FamillJean-Paul LehnersSummerzäitDaniel BalthasarBill GatesPol LeursKrich an der VendéePéiter OnrouBasiliscus plumifronsWilliam Turner31. MäerzSchëld C, 14Lëscht vun de Weekapellen zu LëtzebuergPëtzClaire DelcourtDylan RyderBiologieCoco ChanelZesummen - d'BréckX (Soziaalt Netzwierk)IslamBarockTim HensgenRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstSystematik (Biologie)Dieter DBommeleeërRégis MoesSechseckOns stadDrottnarOrdre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de NassauMarc ThomaNationalstrooss 50🡆 More