Den Henri Ahnen, gebuer den 19.
Oktober">19. Oktober 1866 zu Bartreng, gestuerwen den 28. Mee 1934 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer.
Henri Ahnen | |
---|---|
Gebuer | 19. Oktober 1866 |
Gestuerwen | 28. Mee 1934 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den Henri Ahnen huet am Oktober 1890 säin Doktorat am Kader vun der “Collation des grades” gemaach. 1892 gouf hie Repetent am Athenäum, wou hien 1895 seng Nominatioun als Professer krut. Vun 1896 bis 1908 war hien am Iechternacher Kolléisch. Am September 1908 gouf hien an den Athenäum versat. De 26. Juli 1911 ass hien “Directeur-délégué” vum Stater Meedercherslycée ginn. Den definitiven Titel als Direkter krut hien de 16. Februar 1917. Hie blouf bis zu sengem Doud un der Spëtz vun dësem Lycée.
1905 huet den Henri Ahnen gehollef, d'APESS ze grënnen; hie war Member vum Kommitee a Sekretär vun 1905 bis 1908. Zu Iechternach war hien an der Schoulkommissioun (1906-1908). Hien huet 1905 déi Iechternacher Sektioun vun der “Alliance française” gegrënnt; vun 1911 bis 1930 war hie Vizepresident vun der Stater Sektioun.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Henri Ahnen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.