D'Hënn (Canidae) sinn eng Famill bannent der Iwwerfamill vun den Hondsdéieren.
Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Heizou gehéieren z. B. d'Fiiss, verschidden als "Schakal" bezeechent Aarten, Kojoten, Wëllef an Haushënn. Et gëtt am Ganze 35 Aarten aus der Famill vun den Hënn.
Hënn | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Canis latrans | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Canidae „Fischer“ 1817 | |||||||||||
Ënnerfamilljen a Stämm | |||||||||||
Caninae
|
D'Hënn hu bal all laang Kiferen, spatz Oueren an e Schwanz, mä am Kierperbau am Allgemenge gëtt et vill Ënnerscheeder.
D'Canidae hu véier Zéiwen un den hënneschte Patte sou wéi véier (Lycaon) oder fënnef (Canis, Cyon, Icticyon, Otocyon) un de fiischte Patten.
Caniden hunn och gréisstendeels 42 Zänn. Op all Säit sinn jeeweils véier Premolaren (fiischt Bakzänn) uewen an ënnen, sou wéi zwéi Molaren (Bakzänn) uewen an dräi Molaren ënnen.
Si sinn op alle Kontinenter vertrueden; ursprénglech hu s'an Australien, Neiséiland, Neuguinea, Madagaskar an an der Antarktis gefeelt, mä och do si se duerch de Mënsch a ville vun deene Regiounen erabruecht ginn.
Hënn sinn am Oligozen vun Nordamerika entstanen. Et waren deemools kleng Déieren, déi de Fiiss geglach hunn, an nach hir Krallen anzéie konnten.
Et gëtt Ënnerscheeder am Sozial- an am Juegdverhalen tëscht deene verschiddenen Aarten.
Commons: Canidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hënn, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.