Intarabus

Intarabus oder Entarabus, ass eng keltesch Gottheet vun den Treverer an der Provënz Gallia Belgica.

All bekannt Inskriptioune goufen an engem relativ begrenzte Raum ronderëm Lëtzebuerg fonnt. Der Interpretatio Romana no gëtt e mam Mars gläichgesat, eventuell awer och mat der keltescher Gottheet Narius.

Intarabus
Intarabus-Statu vu Foy-Noville, ewell am Musée archéologique d'Arlon.

Mythologie

Et gëtt néng bekannt Dedicace-Inskriptiounen, op deene den Intarabus genannt gëtt. Eng dovunn ass op enger Statu aus der Géigend vu Foy, am Arrondissement Baaschtnech . Och zu Tréier (Augusta Treverorum) an zu Niersbach goufen der fonnt. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Fonntplaz aus der Géigend vun Iechternach. Op enger Opschrëft, déi zu Mackwiller, am Departement Bas-Rhin am Elsass fonnt gouf, hat en de Bäinumm Narius. Op där Plaz stoung schonn am 1. Joerhonnert n. Chr. en Hellegtum fir de Genius loci Narius Intarabus, am Zesummenhang mat enger lokaler Quelleveréierung. An engem Mithräum, dat am 2. Joerhonnert opgeriicht gouf, bezeien Inskriptiounen, datt do de Mithras an de Narius Intarabus zesumme veréiert goufen. An der zweeter Hallschecht vum 3. Joerhonnert gouf d'Mithräum zerstéiert an an d'Plaz gouf en traditionelle galleschen Tempel ronderëm déi helleg Quell gebaut, wat bedeiten dierft, datt de Mithraskult zu Gonschte vun den ale keltesche Gottheeten nees opgi gouf.

Etymologie

Dem Xavier Delamarre no géif sech den Numm aus de protokeltesche Wierder enter ("tëschent") an ab(us) ("Floss") zesummesetzen. Déi meescht Keltologe bezeechnen awer d'Origine vum Numm als ongekläert.

Literatur

  • Helmut Birkhan: Kelten. Versuch einer Gesamtdarstellung ihrer Kultur. Verlag der Österreichischen Akademie der Wissenschaften, Wien 1997, ISBN 3-7001-2609-3.
  • Bernhard Maier: Lexikon der keltischen Religion und Kultur (= Kröners Taschenausgabe Band 466). Kröner, Stuttgart 1994, ISBN 3-520-46601-5.

Referenzen

Tags:

Intarabus MythologieIntarabus EtymologieIntarabus LiteraturIntarabusGallia BelgicaInterpretatio RomanaKeltenLëtzebuerg (Land)Treverer

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Aube (Floss)Henri vu LëtzebuergFrankräichMyriam Spiteri DebonoLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergGene HackmanRobert DelaunayMontserrat CaballéFränz HausemerBouferEgyptenRegierungPaul OtletAdolphe SaxThomas BrezinaFernand SchwachtgenEswatiniGenossenschaftGemeng JonglënsterTelekommunikatiounGladioTsachiagiin ElbegdordjStenia Zapalowska2020NeimënsterSœur SourireVindobonaLëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren1965BouneschluppFeierstengszalotMiguel de CervantesGeneratiounSonnGuy SchonsRéimesch Villa zu Schieren855MundaneumBlues-Club LëtzebuergVancouverBlue (Film 1968)Un der AtertDavid BeckhamIndonesienAssuranceSylvia CamardaPyrenäenSpuerkeessBonnie Lynn AdelsonBléiLyonNicolaus MameranusRanga YogeshwarHaaptsäit/WDS-SpënnchenEdsun1941NicoolRTL Radio LëtzebuergGesetzMoof2017James Stewart1887🡆 More