D'Emmy Awards, kuerz Emmys, sinn en US-amerikaneschen Televisiounspräis.
Si gëllen nieft den Academy Awards ("Oscar") fir Filmer, den Tony Awards fir Theater an de Grammy Awards fir Musek zu de véier bedeitendsten Präisser an der Entertainmentindustrie vun den USA.
Zënter 1949 ginn d'Emmy Award fir déi ofgelafe Fernseesaison verginn. Et gi vill verschidde Kategorien an Zeremonien, vun deenen déi bekanntst d'"Primetime Emmy Awards" (fir d'Sendezäit Owes) an d'"Daytime Emmy Awards" (fir den Dagesprogramm) sinn. Aner wichteg Emmy-Evenementer éieren ënner anerem national Sportprogrammer an Noriichtesendungen. Donieft gëtt et och nach regional Präisser an d'"International Emmy Awards" fir Sendungen, déi baussent den USA produzéiert a fir d'éischt diffuséiert goufen.
Dräi Institutiounen organiséieren d'Emmy-Awards:
D'Präisskulptur ass eng Fra mat Flilleken, déi hir Äerm an d'Luucht streckt an en Atom hält. Si gouf vum Televisiounstechniker Louis McManus entworf, dee seng eege Fra als Modell geholl hat.
Den Numm Emmy kënnt vun "immy", engem informelle Begrëff fir "image orthicon tubes", engem Tüb, deen a fréiere Fernseekameraen ze fanne war.
Commons: Emmy Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Emmy Awards, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.