Den Elon Reeve Musk, gebuer den 28.
Juni 1971 zu Pretoria a Südafrika, ass en US-amerikanesche Fabrikant, Investisseur an Erfinder., Hie gouf bekannt duerch seng Erfolleger als Internetdéngschtubidder, besonnesch mam Bezueldéngscht PayPal an der follgender Grënnung vun dräi Firmen: der Solarstroumentreprise SolarCity, dem Elektroautoproduzent Tesla an der Firma SpaceX, mat där hie seng Visioun vun enger privat finanzéierter Raumfaartindustrie verwierklecht huet. Doriwwer eraus ass hien an der Direktioun vun eelef weideren Entreprisen, an huet am Oktober 2022 fir 44 Milliarden US-Dollar de Mikrobloggingdéngscht Twitter kaaft.
Elon Musk | |
---|---|
Gebuertsnumm | Elon Reeve Musk |
Gebuer | 28. Juni 1971 Pretoria |
Nationalitéit | Südafrika, Kanada, USA |
Educatioun | Wharton School, University of Pennsylvania, Stanford University |
Aktivitéit | Programméierer, Ingenieur, Entreprener, Investisseur, Geschäftspersoun |
Member vun | Royal Society |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Amber Heard |
Kanner | Nevada Musk, Exash Musk |
Dem Musk säi Papp war e südafrikanesche Maschinnebauingenieur a seng Mamm e kanadescht Model.
Mat 12 Joer hat de Musk e Videospill entwéckelt, dat hien enger Computerzäitschrëft verkafe konnt. Kuerz viru sengem 16. Gebuertsdag huet hien zesumme mat sengem jéngste Brudder an der kanadescher Ambassade Reespäss ugefrot an e Joer méi spéit ass hien an Nordamerika ausgewandert, fir dem Zaldotendéngscht an der südafrikanescher Arméi ënner dem Apartheid-Regime z'entgoen. Säin éischt Zil war Kanada, wou hie sech op der Queen's University zu Kingston am Ontario, ageschriwwen huet. No engem Wiessel op d'University of Pennsylvania huet hien do säi Studium mat engem Bachelor an der Wirtschaft a Physik ofgeschloss. 1995 ass hien op Palo Alto a Kalifornien gewiesselt, wou hien op der Stanford University zu engem Ph.D.-Programm a Physik zougelooss gouf.
Allerdéngs huet hien no zwéin Deeg um Campus entscheet, d'Studium opzeginn an eng Internetentreprise ze grënnen.
Den Elon Musk war mat der Fantasyschrëftstellerin Justine Musk bestuet, d'Koppel huet fënnef Jongen. De 25. September 2010 bestit de Musk déi brittesch Schauspillerin Talulah Riley. Schonn Ufank 2012 gouf hien nees gescheet. Am Juli 2013 huet d'Koppel sech nees bestuet, a schonn den 31. Dezember 2014 huet den Elon Musk fir d'zweet d'Scheedung agereecht. 2015 hu si hir Scheedung nees réckgängeg gemaach. De Musk wunnt an engem Haus zu Boca Chica (Texas) um Terrain vun der Starbase, dat hie vu senger Firma SpaceX lount.
Am Mäerz 2010 war hien am Dokumentarfilm Die 4. Revolution – Energy Autonomy ze gesinn.
2015 hat den Elon Musk e Gaaschtoptrëtt an der 9. Folleg The Platonic Permutation vun der 9. Staffel vun der Serie The Big Bang Theory, an där hie sech selwer gespillt huet.,
Commons: Elon Musk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal Astronomie
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Elon Musk, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.