Déiereräich: Räich (Ënnergrupp) vun den Eukaryoten

D'Déiereräich (Animalia) ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten.

D'Naturwëssenschaft vun den Déieren ass d'Zoologie.

Déiereräich
Aphthona flava

Aphthona flava
Aphthona flava
Systematik
Domän: Eukaryoten
Räich: Déiereräich
Wëssenschaftlechen Numm
Animalia

Et gëtt iwwer 30 Stämm am Déiereräich an all Membere sinn Organismen déi méi Zellen hunn, keng Photosynthes bedreiwen, mä hir Energie mat der Narung ophuelen.

D'Déiereräich ëmfaasst net nëmmen d'Mamendéieren, mä och d'Reptiller, d'Vullen, d'Amphibien, d'Fësch an déi enorm Mass vun Déieren ouni Wierbel wéi d'Schwämm, d'Quallen, d'Kriibsen, d'Insekten an d'Séistären.

D'Zoologen hu bis elo schonn iwwer 1,5 Milliounen Déierenaarte beschriwwen, dovu sinn 90 % ouni Wierbel. D'Wësseschaftler ginn dovun aus datt et nach 15 Milliounen onentdeckt Aarte gëtt.

Entwécklung

Well d'Déiere vill Kraaft fir d'Fortbeweegung brauchen, hu sech d'Muskelen an de Skelett entwéckelt. D'Fortbeweegung war wichteg, well si hir Energie just konnten duerch d'Friesse vun aneren Organisme kréien.

Ausserdeem hu si Sënnesorganer gebraucht fir Informatiounen ze kréien a sech séier kënnen z'orientéieren. Fir dës Informatiounen ze verschaffen an a prezis Beweegunge vun de Muskele kënnen ëmsetzen, hu si en Nervesystem gebraucht. E groussen Deel vun den Déieren hunn ausserdeem e Verdauungssystem gebraucht fir d'Narung déi opgeholl ginn ass a konsuméierbar cheemesch Eenzeldeeler ze zerleeën an de Recht erëm auszescheeden.

Sënnesorganer

Ouni hir Sënner kënnen Déiere keng Narung oder aner Déiere fannen. Si géifen net matkréie wa si a Gefor sinn a kéinte sech bei der Fortbeweegung net orientéieren. Nieft deene 5 bekannte Sënner, wéi d'Richen, d'Fillen, d'Kucken, d'Héieren, d'Schmaachen, hu vill Déieren nach aner Sënner déi si brauche fir z'iwwerliewen. D'Klapperschlaange kënnen z. B. waarm Stralen empfannen a sou hiert Affer erkennen. All Sënnesorganer wéi d'Aen, d'Oueren oder d'Taaschthoer vun den Huese sinn iwwer Nervenzelle mam Gehier verbonnen.

Anatomie

Vill Déieren, virun allem d'Landwierbeldéieren hunn e Skelett, dee wichteg ass fir de Kierper ze halen, déi bannenzeg Organer ze schützen a fir d'Muskelen. D'Wierbeldéieren hunn e Skelett aus Schanken, ouni dat si sech emol net kéinte beweegen. Aner Déiere wéi d'Spannendéieren hunn e Skelett aus der fester Substanz Chitin.

Systematik

Déiereräich

  • Ënnerräich Metazoa (Déiere mat villen Zellen)
    • Iwwerstamm Urmünder (Protostomia)
      • Stamm Glidderféisser (Arthropoda)
      • Stamm Réngelwierm (Annelida)
      • Stamm Weechdéieren (Mollusca)
      • Stamm Kelchwierm (Entoprocta)
      • Stamm Schnouerwiirmer (Nemertini)
      • Stamm Gnathostomulida
      • Stamm Plattwierm (Plathelminthes)
      • Stamm Sprëtzwierm (Sipunculida)
      • Stamm Tentaculata
      • Stamm Schlauchwierm (Nematoda)
    • Iwwerstamm Neimünder (Deuterostomia)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Déiereräich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Déi véier Räicher vun den Eukaryoten

Déiereräich - Planzeräich - Protisten - Pilzeräich

Tags:

Déiereräich EntwécklungDéiereräich SënnesorganerDéiereräich AnatomieDéiereräich SystematikDéiereräich Kuckt ochDéiereräich Um SpaweckDéiereräichEukaryotenZoologie

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Charles ArendtAuteursrechtEldoradioNorbert von KunitzkiLéiffrawëschdagMasturbatiounMoskau15. AugustRomanMandy GraffKierchbiergEisenImmanuel KantEdy Schütz2000800Ordre de la couronne de chêneCharleroiNeubrasilien2003San FranciscoInstitut national pour le patrimoine architecturalLëscht vu lëtzebuergesche MusekerVereenegt KinnekräichChrëschtentum5. JuliAlphonse Weicker1975Johann Wolfgang von GoetheKiewFeilHypertext Markup LanguageSchreifmaschinnRap11. JuniJang-de-Blannen-Gedenkplack am Stater ParkJuventus Football Club22. DezemberLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderAlgriicheschLënster Lycée International SchoolDeutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum PerlWikimediaChaild2. MäerzDanielly KaufmannPilo FonckAtert-LycéeD'MargréitchenBauschelter Millen16. MeeGustav FröhlichDe FeierwonBuffalo BillGuglielmo MarconiKlëppelkrichmonument um LampertsbiergGeorgiaSarajevoDäneschWebbrowserBibliothèque nationale de FranceHardwareChrëschtdagÄerdmoundRumm-BefestegungenUS-Dollar31. Mäerz19681685🡆 More