Ech leeë grad kuerz Beschreiwungen iwwer déi verschidden Haaptfilmgenren un (Drama, Fantasyfilm, Actionfilm...). Een dovun ass natierlech deen hei. Mee déi grouss Fro ass: wéi nennt een dat op Lëtzebuergesch? Ech hunn ugefaangen mat enger Sich, wéi eng Ausdréck aktuell gebraucht ginn. Et schéngt kee Konsens ze ginn. Hei ass meng Iwwerleeung. Do drënner wär et flott, wann Anerer och hir Meenung dozou géife soen. --Bdx (Diskussioun) 17:17, 18. Jan. 2022 (UTC)
D'Resultater vun der Sich um Web
E Koméidistéck / Kaméidisstéck:
- am LOD
- Vum Koméidistéck bis bei Charakterrollen, hien deckt déi ganz Palett of. - Quell: https://www.podchaser.com/podcasts/riicht-eraus-582381/episodes/marco-lorenzini-37085895
- Nom grousse Succès mam Stéck « 14 Deeg Luxus » am leschte Joer spillt d’Musik Gemeng Ell dëst Joer dat flott a lëschtegt Koméidistéck « D’Klengelcherter Patent ». - Quell: https://www.wort.lu/de/mywort/ell/event/theater-zu-ell-5e1c46e1da2cc1784e353e9d
- Leider kënnt et, wéi et an engem Koméidistéck komme muss, zu Verwirrungen - Quell: https://rido-op.lu/?portfolio=optretter/alles-op-krankeschain
- An der Chamber war et haut e bësse wéi an engem Koméidistéck mat Gestreids - Quell: https://twitter.com/eldoradio_lux/status/306440561349496832
- Hätt onse gudden Dicks net déi wonnerschéi Musek zu sengem Koméidistéck Op der Juegd komponéiert - Quell: https://www.stadhaus.lu/agenda/detail?tx_stadhausagenda_agenda%5Baction%5D=show&tx_stadhausagenda_agenda%5Bcontroller%5D=Event&tx_stadhausagenda_agenda%5Bevent%5D=243&cHash=7fedd5ac179697d25d651e471611002c
- a mam Koméidistéck Useldinger erëm doheem vum Jemp Schuster. - Quell: https://shop.literaturarchiv.lu/de/etudes-editions/186-ennerwee-uechter-dland-.html
- Den TNL hat zesumme mam Schauspielhaus Salzburg den Hieronymus Bosch an engem Koméidistéck erëm zum Liewen erwäche gelooss. - Quell: https://www.rtl.lu/kultur/news/995438.html
- Oder werden wir gerade Zeuge eines „Koméidistéck“ in fünf Akten - Quell: https://www.tageblatt.lu/meinung/mit-dem-kopf-durch-die-wand-99440010/
- Voilà, den Nation Branding ass an der nächster Phas – a beweist eemol méi, datt en éischter e provinziellt Koméidistéck ass, wéi eng seriö Promotioun vum Land. - Quell: https://www.woxx.lu/nation-branding-make-letzebuerg-great-again/
- Krimi-Koméidi "Wat manner - Wat besser" - Quell: https://www.wort.lu/de/mywort/leudelingen/event/krimi-komeidi-wat-manner-wat-besser-5ba616bc182b657ad3b93421
- hie war de Pionnéier vum sougenannte Kaméidisstéck, déi laang Zäit déi dominanst a beléifsten Textzort - Quell: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/69#8
- iwwert dem Dicks seng Kaméidisstécker, bis bei den Eugène Heinen - Quell: https://play.rtl.lu/shows/lb/rtl-documentaire/episodes/r/3247209
- la comédie musicale et les "Koméidisstécker" de Dicks. - Quell: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/06-juin/21-bnl-cedom-delitty5.html
- en immens polyvalent Gebai, wann ee bedenkt, datt hei 100 Joer virdrun dem Dicks seng Koméidisstécker opgeféiert goufen,[https://www.100komma7.lu/article/wessen/hello-dolly-vegan-liewensmettel-an-de-freieren-premier
- genannt den Dicks, dee virun allem mat ville Lidder aus senge Koméidisstécker “Éiweggrénger” produzéiert. - Quell: https://tonnar.lu/events/tonnar-urwald-aus-der-heemecht-album-release/
E Kaméidistéck + Kaméidisfilm:
Eng Comedy:
Eng Comédie:
Eng Komödie:
Diskussioun
Et gëtt kee Konsens, wat de "korrekte" lëtzebuergesche Begrëff ass. Den LOD, dee generell meng Referenz ass, gebraucht "Koméidistéck" a "Koméidisstéck", mee nëmme fir Theaterstécker, net fir Filmer/Serien. Am Allgemenge ginn, den uewe genannte Quellen no, d'Begrëffer "Koméidixxx" a "Kaméidixxx" éischter fir Theaterstécker wéi fir Filmer gebraucht. Wikipedia gebraucht aktuell d'Kategorie "Kaméidisfilmer"; dat schéngt awer net am aktuelle Sproochgebrauch baséiert ze sinn. Perséinlech géif ech ni den Ausdrock "Kaméidisfilmer" gebrauchen, an hunn en och nach ni a mengem Ëmfeld héieren. Dowéinst hunn ech mech fir "Comedy" entscheet, well ech deen (a "Comédie") am heefegsten am Radio an op der Tele an a Podcasten héieren hunn (a selwer gebrauchen). Ech wäert dem LOD och eng Email schreiwen, well si schreiwen "Hei entsteet en neien Artikel. Fir zousätzlech Informatioune kënnt Dir den ZLS kontaktéieren.":
Wat mengt dir? --Bdx (Diskussioun) 17:17, 18. Jan. 2022 (UTC)
- Zum LOD
- Wann dien do stoen huet datt en amgaangen ass en neien Artikel ze maachen da géif ech mol einfach waarden bis en deen hunn.
- Et ass och net un ons fir hei dem LOD seng Artikelen ze diskutéieren. (Obschonn der en ettlech diskutabel sinn, dat wëssen déi Leit déi a Reuniounen derbäi waren)
- Bis elo war et fir ons Kaméidisstéck wann et Theater war (cf. Theaterstéck), oder e Kaméidisfilm wann et e Film war war. (cf Dictionnaire français Luxembourgeois an (DFL) an Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch (DLW). Wa mer ufänken hei iwwerall nëmme méi Englesch oder Franséisch Wierder ze gebrauchen well mer mengen déi wiere besser wéi lëtzebuergescher da froen ech mech firwat datt mer iwwwerhaapt eppes op Lëtzebuergesch sollen hei maachen. Et gëtt souguer schlecht Zongen déi behaapten datt et traureg ass wann een auslännesch Wierder gebraucht well een entweeder déi Lëtzebuergesch net kennt, oder well e mengt déi wieren almoudesch.
- Am Luxemburger Wörtebuch fënnt ee Kaméidi a Koméidi. Am Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart fanne mer déi al Schreifweis Kameⁱdi. - Les Meloures (Diskussioun)
- Gudde Moien,
- Sou wéi och de Bdx, benotzen ech den Ausdrock Kaméidisstéck / Koméidisstéck am privaten Ëmfeld quasi guer net. Ech hunn awer kee Problem dermat, datt mer hei op der Wiki probéieren dës méi lëtzebuergesch Variant weider ze benotzen. Wa mer eis tëscht Kaméidi / Koméidi entscheede mussen, sinn ech éischter fir Koméidi fir et mam Kaméidi (Lärm / bruit) auserneen ze halen.
Hallo, merci fir äre Feedback bis elo. Ech hunn dem LOD geschriwwen. Elo kucke mir, wat déi Leit dozou mengen. Zu dem Les Meloures senger Remark: ech fannen net, datt dat eppes domat ze dinn huet, datt meng perséinlech Meenung ass datt bestëmmte Wieder almoudesch wieren. Just datt bestëmmt Begrëffer quasi net méi benotzt ginn, an d'Wikipedia souwäit ech weess den aktuelle Sproochgebrauch zumindest minimal sollt reflektéieren. Déi zwee genannten Dictionnaire si méi wéi 100 a 50 Joer al, an dowéinst net déi bescht Referenz. Zum Soued031: leider ass Kaméidisfilm eben net dat Wuert, dat am dackste gebraucht gëtt. Dem GilPe säi Kommentar zur "Actioncomedy" fannen ech hei och relevant.
Natierlech kënne mir den Artikel och op "Koméidisfilm" oder "Kaméidisfilm" réckelen, et musst just iergendwéi fundéiert sinn.
Wéi gesot, soubal ech eng Äntwert vum LOD hu, deelen ech se hei.
--Bdx (Diskussioun) 13:16, 21. Jan. 2022 (UTC)
- Eng Äntwert vum Les Meloures op dës Bemierkung: Zu dem Les Meloures senger Remark: ech fannen net, datt dat eppes domat ze dinn huet, datt meng perséinlech Meenung ass datt bestëmmte Wieder almoudesch wieren.
- Ech hunn nie behaapt et wier deng perséinlech Meenung, et ass awer meng perséinlech Meenung datt am grousse Ganzen ze séier mat Friemwierder jongléiert gëtt, wëll verschidde Mataarbechter hei sech mol net méi de Gedanke maachen, datt et och nach heinsdo lèetzebuergesch Wierder fir eppes gëtt. Ech mierken dat bei de Verbesserunge quasi praktesch all Dag. --Les Meloures (Diskussioun) 23:25, 21. Jan. 2022 (UTC)
- Mä zréck zum Comedyfilm. D'Fransouse féieren dat ënner Comédie (Film), eis Noperen déisäit de Musel nennen et et Filmkomödie. Da froen ech mech firwat datt mir net sollte Kaméidisfilm däerfen oder sollten nennen? --Les Meloures (Diskussioun) 23:30, 21. Jan. 2022 (UTC)
Äntwert LOD
Gudde Mëtteg, ech krut eng Äntwert vum LOD (schonn de 24. Januar, mee well ech elo vill ze dinn hat hunn ech se elo eréischt gesinn). Si soten:
- Gudde Moien,
- merci fir Äre Message.
- Mir verstinn d'Wuert Koméidistéck just als Theaterstéck.
- Fir de Film proposéiere mir entweeder Comedie (ausgeschwat ewéi dat franséischt Wuert comédie) oder Komödie (esou ewéi am Däitschen ausgeschwat). Verschidde Leit benotzen doriwwer eraus och dat englescht Léinwuert Comedy.
- Mat beschte Gréiss
Ech fannen dat eng Äntwert, mat där ech liewe kann an déi mir och am aktuelle Sproochgebrauch baséiert schéngt. Ech proposéieren dofir, den Artikel ëmzebennen a "Comedie (Film)" an den Intro: "Eng Comedie oder Komödie, heiansdo och Comedy oder Kaméidisfilm genannt, ass..."
Wär dat akzeptabel fir jiddereen? --Bdx (Diskussioun) 13:00, 4. Feb. 2022 (UTC)
Gudde Mëtteg, Ech schreiwen heiansdo Artikele fir déi lëtzebuergesch Wiki Lëtzebuergesch. Fir déi Aarbecht ass den LOD eng super nëtzlech Ressource, déi ech och dacks consultéieren. Elo hunn ech eng kuerzen Artikel "Comedyfilm" geschriwwen: https://www.duhoctrungquoc.vn/wiki/lb/Comedyfilm Et schéngt kee Konsens ze ginn, wat méi oder manner richteg fir dee Begrëff op Lëtzebuergesch ass.Dir kënnt doriwwer och eng kleng Diskussioun liesen: https://www.duhoctrungquoc.vn/wiki/lb/Diskussioun:Comedyfilm Am LOD steet am Antrag "Koméidisstéck": Hei entsteet en neien Artikel. Fir zousätzlech Informatioune kënnt Dir den ZLS kontaktéieren. https://www.lod.lu/?KOMEIDISSTECK1 Dowéinst schreiwen ech Iech dës Email fir ze froen, ob den LOD aktuell un enger Entrée fir d'"Koméidi" als Film schafft? Oder nach ëmmer nëmme just am Theaterberäich? Am Allgemenge ginn et nach keng Entréeë fir Filmgenren (Horrorfilm, Drama als Film, net just Theaterstéck, Fantasyfilm, etc...). Et wier Interessant, dem LOD seng Meenung zu "Comedyfilm" ze héieren. Ech géif mech op eng Äntwert vun Iech freeën. |
- Wann een dat hei ka soen: Eng Comedie oder Komödie, heiansdo och Comedy oder Kaméidisfilm genannt, ass..."
- Da kann een och soen: E Kaméidisfilm oder Comedie och alt Komödie, oder Comedy genannt, ass..."
- Ech verstinn net wat um Ausdrock Kaméidisfilm auszesetzen ass. Wat ech awer wees dat ass datt den LOD nach net d'Hallschent vun de Wierder huet déi mir hei stoen hunn (als eenzel Vokabelen), an datt ech bal all Kéiers wann ech eppes bei hinne sichen et net fannen. Dat ass waer kee Virworf, just eng Tatsaach. Ech gesinn och hei datt den LOD ganz schlau ass a sech net festleet a just verschidde Méiglechkeeten ubitt. Wann den LOD dat wat e proposéiert eng Kéier a sengem Vocabulaire konsolidéiert huet kënne mer nach eng Kéier driwwer schwätzen. Bei RTL schénge jo och Journalisten déi méi e grousst Häerz fir ons Sprooch hunn sech fir de Kaméidisfilm entscheet ze hunn. Aner Linguisten déi mer kennen sinn och net ëmmer mam LOD senge Meenungen d'accord. Wat méch besonnesch stéiert ass datt hei sou vill Gedäisch fir ee Wuert gemaach gëtt, awer soss ass ons d'Ortographie an d'Grammaire an déi richteg Ausdrocksweis an och Adjektivéirung (fir nëmmen déi ze nennen) Wurscht. --Les Meloures (Diskussioun) 17:19, 5. Feb. 2022 (UTC)
- Bon, dat heescht, dir mengt et besser ze wëssen, wéi eng unerkannten Institutioun, bei där Linguiste sech mat der lëtzebuergescher Sprooch befaassen?:
- - "dat ass datt den LOD nach net d'Hallschent vun de Wierder huet déi mir hei stoen hunn" --> ech krut eng Äntwert per Email fir dëse spezifesche Fall
- - "Ech gesinn och hei datt den LOD ganz schlau ass a sech net festleet a just verschidde Méiglechkeeten ubitt" --> Bei wéi villen Artikelen hu mir méi wéi ee Begrëff dee ka benotzt ginn?
- - "Bei RTL schénge jo och Journalisten déi méi e grousst Häerz fir ons Sprooch" --> geet et w.g.l nach méi subjektiv? Well een net "däin" Ausdrock gebraucht huet een elo keen Häerz fir d'Sprooch?
- - "Aner Linguisten déi mer kennen sinn och net ëmmer mam LOD senge Meenungen d'accord" --> Aner Linguisten sinn och net ëmmer mat deem wat hei op Wikipedia geprafft gëtt d'accord, a wéivill Linguiste sinn hei op der Wikipedia ënnerwee?
- - "Wat méch besonnesch stéiert ass datt hei sou vill Gedäisch fir ee Wuert gemaach gëtt" --> Tant mieux, ech reegelen déi Fro dann elo
- - "awer soss ass ons d'Ortographie an d'Grammaire an déi richteg Ausdrocksweis an och Adjektivéirung Wurscht" --> absolut, mir schäissen all op dat, du bass deen eenzegen deen nach Wäert dorop hält, de wäisser Ritter an enger däischterer Zäit
- - "duerch eppes méi Schlechtes ersetzen" --> Et geet (gottseidank) net dorëm wats du perséinlech als gutt oder schlecht empfënns
- FAZIT: alles ass subjektiv, eng renomméiert Instanz huet hir Meenung ginn, déi huele mir elo un, a jiddwereen deen net domat averstanen ass ka sech direkt un déi Instanz wenden an hir Argumentatioun areechen. --Bdx (Diskussioun) 09:13, 6. Feb. 2022 (UTC)
- Wann hei de Wikipediasprinzip net méi applizéiert gëtt dann awer nach eng Saach wou ech drop halen an dofir nach en Fro: Hu mer nach e Lemma dee mat Comedie ze dinn huet? Am Fall wou nee da froen ech mech firwat datt hei eng Homonymies-Lemmatisatioun gebraucht gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:32, 6. Feb. 2022 (UTC)
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Diskussioun:Comedie (Film), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.