Deneb ass den Eegennumm vum hellsten Stär (α Cygni) am Stärebild Schwan.
Den Deneb ass een ganz waarme Iwwerris deen zu de bloe Rise gehéiert. Hie mécht zesumme mat der Vega an dem Altair dat bekannt Summerdräieck. Distanz vum Deneb op eis Sonn léisst sech ganz schwéier bestëmmen, well bei wäiten Objeten d'Moossfeeler scho groussen Afloss op d'Resultat hunn. Bei geneeë Miessungen duerch de Satellit Hipparcos gouf eng Parallax vun nëmmen 1,01 Millibousekonnen ermëttelt, wat enger Distanz vun zirka 3200 Liichtjoer entsprécht. Dem Deneb seng Stralungsenergie ass ronn 1,2 × 1032W an ass domat ronn 300.000-mol méi staark wéi eis Sonn.
Den Numm Deneb, kënnt aus dem arabeschen a bedeit „Schwanz“.
Commons: Deneb – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Deneb (Stär), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.