Film Comedie: Filmgenre

Eng Comedie oder Komödie, heiansdo och Comedy oder Kaméidisfilm genannt, ass e breetgefächerte Genre am Film, deen den Zuschauer duerch witzeg Geschichten oder Personnage soll zum Laache bréngen.

Traditionell geet eng Comedie gutt aus (en huet e sougenannten Happy End), och wann dat net ëmmer muss de Fall sinn.

An der Zäit vun de Stommfilmer ware de Slapstick-Filmer, dat heescht d'Schauspiller hunn duerch eng iwwerdriwwe kierperlech Aktivitéit d'Zuschauer zum Laache bruecht. Berüümt dofir sinn zum Beispill de Laurel and Hardy an den Charlie Chaplin. Spéider, mat den Tounfilmer, konnt och d'Situatioun an den Dialog dat humoristesch Element liwweren.

Et gëtt zwee grouss generell Formater: Filmer, déi vun engem grousse Schauspiller oder Komiker geleet ginn, duerch Witzer am richtege Moment a Sketchkomik; a Filmer, déi méi staark op d'Geschicht opbauen a sech duerch Situatiounskomik auszeechnen. Déi zwee Formater kënnen och zesummen an engem Film virkommen oder sech iwwerschneiden.

Eng Comedie erzielt generell eng onbeschwéiert Geschicht a wëll just ameséieren. Heiansdo liwwert se e politeschen oder soziale Kommentar iwwer bestëmmt gesellschaftlech Theme mat engem humoristeschen Ënnertoun.

Am Laf vun der Filmgeschicht hu sech immens vill Ënnergenren entwéckelt, déi meeschten humoristesch Elementer mat deene vun anere Genrë verbannen. D'Tragicomedie mécht d'Verbindung mam Drama, d'Sexcomedie mam Erotikfilm, d'Actioncomedie mam Actionfilm, d'Horrorcomedie mam Horrorfilm an d'romantesch Comedie mam Liebesfilm. Eng Filmparodie mécht de Geck mat anere Filmer an eng Filmsatir ridiculiséiert Persounen, Evenementer oder Zoustänn. E Mockumentary gëtt presentéiert wéi en Documentaire, mä erzielt eng fiktional Geschicht. U sech kann all Filmgenre mat den Elementer vun enger Comedie kombinéiert ginn.

Referenzen

Tags:

FilmGenre

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Massimo FranciosaËnnescht Millen (Wal)Santiago CalatravaStamm (Biologie)Germaine DamarPiratepartei LëtzebuergDäischter ZäitalterenPodcastLiz AlliaumeStater Tram1029Tun TonnarAdolf HitlerItalienBëschof6. MäerzFacebookSchach22. Abrëll12. MeePlakatsailWikimediaRond-point GluckKierch BielesBiekerechFeuchyLëscht vun Däller um ÄerdmoundAsterix (Personnage)IdoRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstLëscht vun de portugisesche GroussstiedRue Jean-SchoetterGréiwelsser BarrièreVerkéiersschëlter aus dem lëtzebuergesche Code de la RouteLuka TonnarGemeng BeefortArnold StadlerGemeng DippechConcomberNicaraguaLutz NiethammerMacOSJean CalvinSonndegAtomPolly BergenSchëld A, 13Europahaus.ciCanton de Villars-les-DombesD'Maus KettiDenis NetgenSchlass SchengenYann TonnarWëssenschaftAkbar Haschemi RafsandschaniJom-Kippur-KrichBen SpeltzAndy WarholOktav-MäertchenLetzeburger Nationalunio'nMessier 61Acte uniqueRoland ArmontelAnaheimÄerduewerfläch🡆 More