Butan: Cheemesch Verbindung

n-Butan ass e kettefërmege Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkanen gehéiert.

Butan
Butan
Systemateschen Numm (IUPAC) Butan
Trivialen Numm n-Butan
Cheemesch Formel C4H10
Ausgesinn / Geroch duerchsiichtege Gas
Eegenschaften
Dicht 2,71 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa
Léislechkeet 0,061 g/l bei 20 °C (am Waasser)
Molmass 58,1 g/mol
Schmëlzpunkt −138,3 °C
Kachpunkt −0,5 °C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
–125.6 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
310.23 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
–2877.5 KJ·mol−1
Weideres
Änlech Moleküllen Pentan
Isobutan
Cheemeesch Famill {{{Cheemeesch Famill}}}

D'Famill vun de Butanen besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.

Physikalesch Eegenschaften

n-Butan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.

n-Butan léist sech schlecht am Waasser op. Dogéint ass en am Alkohol, Ether an am Chloroform gutt léislech.

Cheemesch Eegenschaften

n-Butan brennt un der Loft ouni vill Réckstänn. Mat Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.

    Butan: Physikalesch Eegenschaften, Cheemesch Eegenschaften, Virkommen 

Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert de Butan Substitutiounsproduiten.

Virkommen

Butanen oder n-Butan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir. Donieft entsteet en an de Pëtrolsraffinerien a beim Cracking.

Uwendung

Butan: Physikalesch Eegenschaften, Cheemesch Eegenschaften, Virkommen 
Eng raimlech Duerstellung vum Butan

n-Butan ass den Haaptbestanddeel vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Isobutan gemëscht als Brennes benotzt. D'Campingsfläschen enthale 70-80 % Butan an 20-30 % Propan. Si gi nach mat Buten, Propen a Mercaptanen als Gerochsstoffer vermëscht. Gasfläsche mat Butan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündleche Materialien ewegbleiwen.

De kettefërmege Butan gëtt an der Chimie geholl fir Butadien a Buten hierzestellen. Ausserdeem gëtt en an der Alkylatioun benotzt fir d'Oktanzuel vum Sprit z'erhéijen. Doriwwer eraus ass Butan och Killmëttel fir Frigoen. Am Géigesaz zu den FCKW ass e net ozonschiedlech. An en ass en Dreiwmëttel fir Spraydousen.

Auswierkungen op d'Gesondheet

A groussen Dose wierkt Butan narkotesch. Duerch Anotme vum Butan kann een erstécken oder un engem plëtzlechen Doud stierwen.

Literatur

  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul

Um Spaweck

Commons: Butan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Butan Physikalesch EegenschaftenButan Cheemesch EegenschaftenButan VirkommenButan UwendungButan Auswierkungen op dGesondheetButan LiteraturButan Um SpaweckButanAlkanenIsobutanKuelewaasserstoffer

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

RTL Radio LëtzebuergGemeng RéimechJean-Claude LoutschColumetaNicolaus MameranusFloridaDondelNicolas Koob (Autospilot)George H. W. BushRobin Williams1883Fränz HausemerLëtzebuerg (Stad)StadPseudologieLiz BrazPolitik vun AustralienHeintz Van LandewyckWebsäitDiego MaradonaRegierungLift Pafendall-UewerstadWiener KongressCarl Fredrik ReuterswärdD'Maus KettiEnglandOdessaWikiPjöngjangMobil ApplikatiounBonnie Lynn AdelsonFrancis of DeliriumMeespeltWaudru vu MonsWikimediaBelschMiguel de CervantesFeierstengszalotAlbert GlodenFernand MertensHaaptsäit/WDSKatja RiemannGielemännchen (Vull)SchetzelPaul OtletEritrea18. Joerhonnert.kh1899NetregierungsorganisatiounÄermelkanalMundaneumKommunikatiounssatellitIndonesien188724. AbrëllRMS Araguaya1961Tony NeumanBankDäitschlandLëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren🡆 More