Bréisseler Metro

De Bréisseler Metro ass en ëffentlecht Transportmëttel an der Haaptstadregioun Bréissel, dat vun der Société des transports intercommunaux de Bruxelles (STIB) bedriwwer gëtt.

Dëse Metrosystem besteet aktuell aus 4 Linnen, déi op 40 km Schinne fueren, dovu 37,5 km ënnerierdesch.

Bréisseler Metro
De Logo vum Bréisseler Metro

Den Bréisseler Metro fiert zënter 1976. De Prinzip beim Plangen a Baue bestoung doran, de Bréisseler Tram, dee wäit developpéiert ass, kontinuéierlech an Tunnellen ze verleeën an duerch de Metro z'ersetzen. Well den urspréngleche Projet sech als ze vill ambitiéis erausgestallt huet, gouf d'Metroslinn Grande Ceinture ni fäerdeg. Well d'Aarbechten awer scho ugefaangen haten, fuere verschidden Tramsstrecken duerch d'Metrostunnelen. Déi ginn an deem Kontext Premetro genannt.

2020 gouf de Bréisseler Metro 163 Millioune Mol benotzt.

Linnen

Streckeplang

Bréisseler Metro 
De Reseau vum Bréisseler Metro

Strecken

Linn Faarf Streck (franséisch / hollännesch) Opgaangen Längt Garen
Linn 1 Gare de l'Ouest ↔ Stockel / Weststation ↔ Stokkel 2009 12,5 km 21
Linn 2 Leopold II ↔ Elisabeth / Leopold II ↔ Elisabeth 1988/2009 10,3 km 19
Linn 5 Erasme ↔ Herrmann-Debroux / Erasmus ↔ Herrmann-Debroux 2009 17,3 km 28
Linn 6 Roi Baudouin ↔ Simonis (Elisabeth) / Koning Boudewijn ↔ Simonis (Elisabeth) 2009 15,5 km 26

Statiounen

De Bréisseler Metro huet am Ganzen 59 Statiounen, wouvun déi meescht ënnerierdesch sinn. Duerch déi Bréisseler Zweesproochegkeet hunn en ettlech Statiounen en hollänneschen an e franséischen Numm.

Geschicht

Bréisseler Metro 
Eng modern "BOA" Ramm an der Metrosstatioun Érasme

Déi éischt Pläng fir e Metro zu Bréissel gi bis op 1892 zeréck. Vill verschidde Strecke goufe proposéiert mä ni vun der Bevëlkerung oder der Verwaltung akzeptéiert. Eréischt an den 1950er Jore gouf et konkreet an déi éischt Tunnelle goufe gebaut. Vun 1976 u fiert dunn endlech offiziell e Metro zu Bréissel.

Linn 1

D'Aarbechte fir déi Streck hunn 1965 ugefaangen an 1969 sinn déi éischt Trammen ënnerierdesch gefuer. Eréischt 1976 gëtt d'Streck De Brouckère – Tomberg/Beaulieu eng richteg Metroslinn. D'Linn gouf kontinuéierlech erweidert an zanterhier 1A an 1B genannt. No der leschter Erweiderung huet sech d'Streck 1A vun Hermann-Debroux bis op Roi Badouin an d'Streck 1B vu Stockel bis op Érasme erstreckt. Déi zwou Strecken hunn eng gemeinsam Streckeféierung tëscht de Statiounen Mérode a Beekkant. Mat der Reorganisatioun vum Bréisseler Metrosnetz, am Abrëll 2009, verbënnt d'Linn 1, d'Statioune Gare de l'Ouest a Stockel.

Linn 2

D'Linn 2 ass eng Linn déi e Krees ëm den Zentrum vu Bréissel bild. E verleeft gréisstendeels op der Streck vun der sougenannter Petite Ceinture. Deen éischten Deel vun der Streck gouf 1970 ageweit. De Krees gouf de 4. Abrëll 2009 zougemaach.

Linnen 5 a 6

D'Linne 5 a 6 existéieren eréischt zanter dem 4. Abrëll 2009 mat der Reorganisatioun vum Bréisseler Metrosnetz. D'Linn 5 verleeft vun Hermann-Debroux bis op Érasme. D'Linn 6 verleeft gréisstendeels iwwer d'Streck vun der Linn 2, mä zu Simonis fiert se da viru bis op Roi Badouin. Hir Nummeréierung kënnt dohier, well d'Streckeféierung, vereinfacht gekuckt, un eng "6" erënnert.

Linnen 3 a 4

Nieft de 4 Metroslinne gëtt et nach 2 performant Tramslinnen zu Bréissel, déi zum Deel och ënnerierdesch fueren. Déi 2 Linne mat der Bezeechnung Chrono, lafen op enger Nord-Südachs duerch den Zentrum vu Bréissel. Zesumme mat de Metroslinne stelle se déi wichtegst Strecke vum STIB-Reseau.

D'Linn 3 gëtt als Metroslinn ausgebaut, déi no Norden hi bis op Schaerbeek an Evere verlängert soll ginn. Si geet fréistens 2032 a Betrib.

Material

D'Metroen zu Bréissel bestinn aus 3 verschidde Modeller: d'M4 (8 Rammen), d'M5 (37 Rammen) an déi méi nei M6-Boa (21 Rammen). (Stand: 2020)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Bréisseler Metro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Bréisseler Metro LinnenBréisseler Metro GeschichtBréisseler Metro MaterialBréisseler Metro Kuckt ochBréisseler Metro Um SpaweckBréisseler MetroHaaptstadregioun BréisselMetroSociété des transports intercommunaux de Bruxelles/Maatschappij voor het Intercommunaal Vervoer te BrusselËffentlechen Transport

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

TschadGroussherzog vu LëtzebuergNGC 72GravitatiounHyperrisHeeschdrefWalter BaadeDéi KonservativGewerkschaftMinnesotaFrankräich1816Andy BauschEugène MoussetISBNFurio CardoniFinnlandNorbert CampagnaLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenComité flamand de FranceLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng PéitengLëtzebuerger ArméiFluchhafenPorto fir d'AffekotenMedezinFausti1566WikipediaTimothy Garton AshMill MajerusRiedelenSlowakeiMichel Wurth749Whirlpool-GalaxisRTL ZweeSchwiddelbruchDe FeierwonWikimediaNike (Rakéit)Kirk MorrisKutschemusée zu PeppengWarnschëldMilbekéisRomanRouerschlësselRusslandFair useDesdemoniahaushongHans HoltLidderegkeetAndromeda (Stärebild)Libramont-ChevignyBangladeschMarie-Adélaïde vu LëtzebuergMichael CaineStenge SchëffA Wopbopaloobop A LopbamboomKatalouneschUtopolis (Lommel)Lycée technique de BonnevoiePiper LaurieNaomi AyéVulkan🡆 More