La Biennale di Venezia, offiziell Esposizione internazionale d'arte di Venezia, ass eng Ausstellung vun zäitgenëssescher Konscht, déi all zwee Joer zu Venedeg an Italien ofgehale gëtt.
Si gouf 1893 an d'Liewe geruff fir d'wirtschaftlech Entwécklung an den Tourismus an der Stad ze fërderen an ass all zwee Joer. Domat ass et déi eelst Expo an där Aart op der Welt. Op der Biennale gëtt Konscht vun de verschiddenen Natioune gewisen.
Si alternéiert mat der internationaler Architekturaustellung Mostra internazionale di architettura di Venezia.
Lëtzebuerg huet 1956 fir d'éischt Kéier zu Venedeg mam Moler Joseph Kutter a mam Sculpteur Auguste Trémont deelgeholl. Deemols goufe fofzéng Biller a siwe Skulpturen ausgestallt.
Duerno gouf d'Land aus Plazmanktem net méi ageluede a war joerzéngte laang net méi derbäi an huet dofir tëscht 1953 an 1972 reegelméisseg bei enger änlecher Ausstellung, der brasilianescher Bienal de São Paulo matgemaach. Déi Participatioun gouf awer an den 1970er wéinst der reduzéierter Resonanz an den héijen Transportkäschten a Fro gestallt.
Zënter 1988 hëlt Lëtzebuerg nees all Kéier un der Venedeger Biennale deel. 2003 huet de Lëtzebuerger Pavillon mam Wierk vun der Su-Mei Tse den Haaptpräis, de Gëllene Léif, gewonnen.
Zënter 2019 ass de Lëtzebuerger Pavillon an der Sale d'Armi am Arsenale.
Commons: Biennale di Venezia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Biennale di Venezia, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.