Manga Berserk: Japanesche Manga

Berserk (ベルセルク, Beruseruku) ass e Manga vum japanesche Mangaka Kentarō Miura (三浦 建太郎).

1989 koum Berserk fir d'éischt offiziell op de Maart. De Manga gehéiert zu der Kategorie vun de Seinen. Berserk gëtt no 30 Joer nach ëmmer vum Kentarō Miura produzéiert. Zanter 2003 gëtt de Manga och fir den internationale Marché vun Dark Horse Manga publizéiert. 2002 krut de Kentarō Miura fir de Manga Berserk den Osamu-Tezuka Kulturpräiss an der Kategorie fir Exzellenz.

Berserk
Manga Berserk: Handlung, Verkafszuelen[6], Multimedial Ëmsetzung
Land Japan
Sprooch Japanesch
Erauskomm 1989
Auteur Kentaro Miura

Handlung

Black Swordsman Arc:

En Eenzelgänger mat engem risege Schwäert mécht sech op de Wee an d'Duerf Koka. Hien ass op der Sich no den Apostelen, déi wëssen, wou sech d'God Hand ophält. Ënnerwee bréngt Hien e weiblecht Monster ëm. Soubal hien am Duerf ukënnt, leet sech de Schwäertkämpfer mat de lokale Banditten un. Ongewollt befreit hie sou eng Fee mam Numm Puck, déi zu engem vu sengen treie Begleeder gëtt. D'Fee nennt den onbekannte Kämpfer Guts. De Guts léisst just ee vun de Banditte liewen, fir datt deen dem Chef vum Duerf d'Noriicht ka bréngen, datt de Black Swordsman no him sicht. Nodeems de Snake Lord, ee vun den Apostelen, gewuer gëtt, datt de Guts am Duerf ass, mécht e sech op de Wee fir de Guts ze konfrontéieren. Ënnerwee brennt hien d'Duerf nidder. De Guts stellt sech dem Dämon an de Wee a ka géint e gewannen. Hien interrogéiert de Snake Lord fir gewuer ze ginn wou d'God Hand ass. Dono iwwerléisst de Guts den Dämon de Flame vum brennenden Duerf. Méi spéit konfrontéiert de Guts de Count, en aneren Apostel. Eng Grupp Garden, ënnert dem Kommando vum Zondark, verfollegen de Guts. Hie flücht zesumme mat engem Mann, dem Vargas, an e Labo. De Vargas zielt dem Guts vun engem geheime Gank fir an dem Count säi Schlass. Hie gëtt dem Guts och e Beherit, en dämonescht Artefakt, dat hie viru 7 Joer vum Count geklaut hat. Kuerz dono ginn de Guts an de Vargas erëm vum Zondark ugegraff, déi zwéi kënnen awer erëm flüchten. De Vargas gëtt méi spéit gefaange geholl a vum Count exekutéiert. De Guts schwiert doropshin, dem Vargas säi Plang ëmzesetzen a sech duerch de geheime Gank an d'Buerg ze schläichen. Um Wee fir bei de Count kämpft hien eng weider Kéier géint de Zondark a kann dëse besäitegen. De Count verwandelt sech an en Dämon. Mat Hëllef vum Puck kann de Guts dem Count säi Meedchen, d'Theresia, als Geisel huelen. De Guts notzt d'Oflenkung, fir den Dämon schwéier ze blesséieren. Dëse notzt de Beherit fir d'God Hand ze beschwieren.  De Femto, e Member vun de God Hand, daucht op an de Guts gëtt kloer rosen. De Femto wiert dem Guts seng Attacke mat Liichtegkeet of a verlaangt dem Count seng Duechter als Sacrifice. De Count kënnt dëser Demande awer net no a gëtt dofir an d'Hell gezunn. De Guts ka sech befreien a verhënnert mat engem Schoss aus senger Aarmwaff, datt hien och an d'Hell gezu gëtt. Zeréck and der reeller Welt rett de Guts d'Theresia virum Suicide. Dem Count seng Duechter gëtt dem Guts d'Schold um Doud vu sengem Papp a schwiert Revange. De Guts geet senger Wee...

Golden Age Arc:

De Golden Age Arc ass zäitlech virum Black Swordsman Arc situéiert. An dësem Deel vun der Geschicht gëtt erzielt, wéi de Guts zum Black Swordsman gëtt. D'Geschicht ass ganz stark vum europäesche Mëttelalter inspiréiert. Zanter ronn 100 Joer bekriche sech d'Kinnekräich Midland an d'Tudor Imperium. De Guts besäitegt an enger Schluecht e renomméierte Kämpfer mam Numm Bazuso. De Griffith, de Leader vun enger Sëldnerband, gëtt sou op de Schwäertkämpfer opmierksam. De Griffith fuerdert de Guts zu engem Duell eraus. Wann de Guts verléiert, muss hien der Band of the Falcon, dem Griffith senger Sëldnerband, bäitrieden.

De Griffith bezwéngt de Guts an d'Geschicht hëlt hire Laf. Dräi Joer laang kämpft de Guts fir d'Band of the Hawk. D'Sëldnerband gewënnt hir Schluechten an duerch hir Renommee gëtt de Kinnek vu Midland op d'Band opmierksam. Hien engagéiert d'Band of the Hawk fir op senger Säit ze kämpfen. Wéi de Griffith a seng Band eng Festung belageren treffe si op de Zodd. De Zodd ass e legendäre Schwäertkämpfer, deen als onstierflech gëlt. De Guts kann dëse blesséieren an de Zodd weist sech dorops hin a senger richteger Dämoneform. De Zodd léisst si awer liewen nodeems hien dem Griffith säi Beherit gesäit. D'Band of the Hawk kann d'Festung Doldrey zeréckerueweren. Dëst ass d'Enn vum Honnertjärege Krich.

De Guts ass onzefridden, dem Griffith sengen Dreem nozelafen. An engem weideren Duell tëschent deenen zwéi kann de Guts sech duerchsetzen a geet senger Wee fir  seng eegen Dreem ze verfollegen. De Griffith gëtt net fäerdeg domat, säi beschter Kämpfer verluer ze hunn a verléiert de Verstand. Hie schläicht sech an der Prinzessin Charlotte vu Midland hiert Zëmmer a schléift mam adelege Meedchen. Den Dag dono gëtt hie festgeholl an zu engem Joer Folter verurteelt. D'Band of the Hawk gëtt als Staatsfeinde verbannt. E Joer méi spéit gëtt de Guts gewuer wat geschitt ass a schléisst sech nees der Band of the Hawk un.

D'Sëldnerband befreit de Griffith, an d'Prinzessin Charlotte decidéiert mat hinnen ze goen. Verfollegt vun enger Band vu Mäerder muss d'Grupp d'Prinzessin zeréckloossen. Obwuel d'Prinzessin hire Papp dorëms biet, de Griffith a seng Band goen ze loossen, schéckt deen d'Black Dog Guards, ënner dem Kommando vum Wyald, fir s'all ze ermuerden. An enger eepescher Schluecht kann de Guts de Wyald bezwéngen, mee brécht säi Schwäert dobäi. De Wyald kann de Griffith festhuelen. De Griffith benotzt doropshi säi Beherit a kritt nei Liewensenergie. Doduerch gëtt déi fënneft Eklips lancéiert an de Griffith trëtt der God Hand als leschte Member, ënnert dem Numm Femto, bäi. Nëmmen d'Casca, e Member vun der Band of the Hawk, dat eng Romanz mam Guts huet, an de Guts selwer kënnen den Event[onkloer] iwwerliewen. De Guts verléiert een Aarm an een A. D'Casca gëtt wärend der Eklips vum Femto vergewaltegt. De Guts schwiert, d'God Hand ze vernichten. Vun engem Schmadd, dem Godot, kritt hien en neit Schwäert, mam Numm Dragon Slayer, gemaach. De Godot mécht him och eng Rüstung, d'Berserk Armor, an installéiert him eng Aarmprothees mat enger Kanoun. De Guts mécht sech dono op de Wee fir seng Revanch an nennt sech ewell de Black Swordsman…

Conviction Arc:

De Conviction Arc erzielt d'Geschicht direkt nom Black Swordsman Arc weider. De Guts an d'Puck treffen op eng Grupp Banditten, déi e Meedchen, d'Jill, gefaangen halen. D'Banditte lafe virun engem Bam fort, dee vu béise Geeschter besiess ass. De Guts kämpft bis moies fréi mam Bam-Monster. D'Jill bréngt de Guts an d'Puck dono a säin Duerf. Vun den Duerfbewunner gi si vun engem mysteriéisen niwwelegen Dall, vun Attacken op d'Duerf a Kanner, déi vun Elfen entfouert ginn, gewuer. Kuerz drop gräifen d'Elfen d'Duerf un. Wärend de Guts mat den Elfe kämpft, fënnt d'Puck eraus, datt d'Elfe selwer déi entfouert Kanner sinn.

Nodeems d'Elfe sech abrupt zeréckgezunn hunn, gräifen d'Duerfbewunner de Guts un. Si geheien him vir, d'Duerf zerstéiert ze hunn an datt hien d'Kanner ëmbruecht hätt. De Guts hëlt d'Jill als Geisel fir z'entkommen. No senger Flucht léisst de Guts d'Jill erëm fräi.

Falcon of the Millennium Empire Arc:

Manga Berserk: Handlung, Verkafszuelen[6], Multimedial Ëmsetzung  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fantasia Arc:

Manga Berserk: Handlung, Verkafszuelen[6], Multimedial Ëmsetzung  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Verkafszuelen

Datum Japan International Total
29. Mäerz 1999 10 000 000 / 10 000 000
11. Februar 2005 20 000 000 / 20 000 000
13. Januar 2006 21 000 000 / 21 000 000
28. Abrëll 2006 21 500 000 / 21 500 000
8. Juni 2006 21 500 000 4 000 000 25 500 000
28. Mäerz 2008 23 000 000 4 000 000 27 000 000
25. Juni 2010 24 000 000 7 000 000 31 000 000
28. Mäerz 2013 25 000 000 8 500 000 33 500 000


Manga Berserk: Handlung, Verkafszuelen[6], Multimedial Ëmsetzung 

Multimedial Ëmsetzung

Kempū Denki Berserk (剣風伝奇ベルセルク), (Anime, 1997)

1997 koum eng éischt animéiert Adaptatioun mam Numm Berserk eraus. Se baséiert um Golden Age Arc. Den Anime setzt sech aus 25 Episoden zesummen an ass vum Kentarō Miura mat produzéiert ginn. Déi animéiert Serie ass vum Studio Oriental Light and Magic produzéiert ginn a baséiert op den 13 éischte Bänn vum Manga.

Berserk: The Golden Age Arc (2013)

2013 koumen 3 animéiert Filmer eraus ënnert dem Numm Berserk: The Golden Age Arc. D'Geschicht behandelt de Golden Age Arc, mee hält sech net eent zu eent un d'Storyline vum Manga.

Berserk (Anime, 2016)

2016 koum eng zweet Anime-Serie eraus. D'Geschicht behandelt de Conviction Arc. Déi zweet Saison (2017) behandelt den éischten Deel vum Falcon of the Millennium Empire Arc.

Berserk and the Band of the Hawk (Videospill, 2017)

Den 21. Februar 2017 koum e Computerspill vun der Firma Koei Tecmo Games Co., Ltd., mam Numm Berserk and the Band of the Hawk eraus.

Bibliographie

Black Swordsman Arc

Volume

Japenesche Releasedatum

Europäesche Releasedatum

1 26. November 1990 22. Oktober 2003
2 26. Februar 1991 14. Januar 2004
3 25. Oktober 1991 14. Abrëll 2004

Black Swordsman & Golden Age Arc

4 26. Februar 1992 14. Juli 2004

Golden Age Arc

5 29. Mäerz 1993 13. Oktober 2004
6 29. September 1993 19. Januar 2005
7 29. Mäerz 1994 11. Mee 2005
8 29. September 1994 13. Juli 2005
9 29. Mäerz 1995 12. Oktober 2005
10 29. September 1995 25. Januar 2006
11 29. Mäerz 1996 12. Abrëll 2006
12 27. September 1996 12. Juli 2006
13 27. Mäerz 1997 27. September 2006

Golden Age & Conviction Arc

14 29. September 1997 6. Dezember 2006

Conviction Arc

15 29. Januar 1998 31. Januar 2007
16 26. August 1998 28. Mäerz 2007
17 29. Mäerz 1999 30. Mee 2007
18 1. Oktober 1999 25. Juli 2007
19 29. Mäerz 2000 26. September 2007
20 27. Oktober 2000 28. November 2007
21 29. Mee 2001 23. Januar 2008

Falcon of the Millennium Empire Arc

22 19. Dezember 2001 26. Mäerz 2008
23 28. Juni 2002 28. Mee 2008
24 19. Dezember 2002 23. Juli 2008
25 27. Juni 2003 24. September 2008
26 19. Dezember 2003 26. November 2008
27 29. Juli 2004 28. Januar 2009
28 28. Februar 2005 25. Mäerz 2009
29 29. September 2005 27. Mee 2009
30 29. Mäerz 2006 22. Juli 2009
31 29. September 2006 30. September 2009
32 29. November 2007 25. November 2009
33 24. Oktober 2008 27. Januar 2010
34 25. September 2009 15. September 2010
35 29. September 2010 21. September 2011

Fantasia Arc

36 23. September 2011 19. September 2012
37 29. Mäerz 2013 20. November 2013
38 24. Juni 2016 5. Juli 2017
39 23. Juni 2017 11. Juli 2018
40 28. September 2018 25. September 2019

Referenzen

Tags:

Manga Berserk HandlungManga Berserk Verkafszuelen[6]Manga Berserk Multimedial ËmsetzungManga Berserk Bibliographie[9]Manga BerserkJapanMangaka

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Banque centrale du LuxembourgIndienGuido Oppenheim23. MeeCS Fola EschLeopold III. vun der BelschÉdouard Kutter (1887)Auguste TrémontGuy TheisenBetribssystemSteve ThullWorld Wide WebHareler PoteauCharles BarthelHaushongR1818Casino LuxembourgÉcole polytechniquePiret MängelDSerge KochMonnerechFaustiMinière Prince HenriFrank GoetzPlëss d'AremMelusinaFamillMichel LentzKierch RandscheltGëlle FraThe Battle Hymn of the RepublicBommeleeërJemenLuxtram-Linn T1Minett (Äerz)Lëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderAndy BauschPaiD'MargréitchenSociété à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)Paul DostertAntoine MeyerLëscht vu lëtzebuergesche Sportler11. FebruarMarc LambertStille dage i ClichyFurio CardoniDonald TrumpSchëld F, 18aÖnologieMaria Teresa MestreSchëld F, 15KulturHaaptsäit/Artikel vun der WochLëtzebuerger JournalMäerteskierch vu JonglënsterWashington D.C.1600KommunikatiounssatellitMoskau1811SambiaHip-HopFernand FoxRiedelenBotanikEdmond de la FontainePéitruss (Film)GriichelandStadion Op der Grenz🡆 More