De Benoît Majerus, gebuer de 5.
November">5. November 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker. Hien ass de Bouf vum Mill Majerus a vun der Simone Majerus-Schmit.
Benoît Majerus | |
---|---|
Gebuer | 5. November 1975 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Auteur, Professer, Filmregisseur |
Famill | |
Papp | Mill Majerus |
No sengem Secondairesstudium (C classique), am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht, huet de Benoît Majerus op der ULB zu Bréissel Geschicht studéiert. Seng Diplomaarbecht huet sech mat den Ortsgruppenleiter am duerch Nazi-Däitschland besate Lëtzebuerger Land beschäftegt. Duerno huet hien, ëmmer nach op der ULB, eng Dokterthees gemaach (2004). Haut ass hie weiderhin an der historescher Recherche aktiv, an zwar zu Bréissel beim FNRS an op der Uni Lëtzebuerg.
Seng Fuerschungsgebidder si virun allem d'Geschicht vun der Psychiatrie, d'Belsch a Lëtzebuerg wärend der Occupatioun am Zweete Weltkrich an d'Wiesselwierkung vum Ausbau vun engem Nationalstaat a senge Lieu-de-mémoiren op d'Historiographie.
2013 huet hien zesumme mat der Regisseurin Anne Schiltz den Documetaire Orangerie iwwer de Centre hospitalier neuropsychiatrique vun Ettelbréck realisiéiert.
2013-2014 huet hien un der Virbereedung vun enger Ausstellung zum Theema Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich matgeschafft; D'Regierung Bettel-Schneider huet d'Subventioune fir d'Realisatioun dovun awer gestrach, soudatt d'Ausstellung net gemaach gouf.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Benoît Majerus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.