R2Lx

Awunnerzuelen vun all Siidlung am rnrpp ass lo am jeeweilegen wikidata dran.

Bäigetrueden 16. Januar 2021
Letzter Kommentar: viru(n) 2 Joer von Sultan Edijingo in Abschnitt Wikiiessen 2022

Awunner

        Ok ech kontrolléieren da manuell, well et sinn der e puer direkt opgefall.
        PS: E si schlecht Manéieren eng Diskussioun eidel ze maachen wann se net ofgeschloss ass. Deen anere muss dann ëmmmer zrécksichen wou d'Diskussioun war, wann en nach ee Wuert derzou wëll soen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:57, 15. Nov. 2021 (UTC)

Musée Patton

Moien, a Merci fir d'Uleeë vun deem Artikel!

Hätt Dir vläicht d'Méiglechkeet, selwer gemaache Fotoen dovun op Wiki Commons ze lueden, vu wou s'an den Artikel agebonne kéinnte ginn? Selwer gemaach dofir, well den Auteur vum Bild selwer em déi fräi Lizenz muss ginn, déi et brauch, fir do stoen ze kënnen (ass op Commons beschriwwen). Merci am viraus!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 15:13, 19. Nov. 2021 (UTC)

Genossenschaft

Kuck mol op dës Säit --Les Meloures (Diskussioun) 21:07, 22. Dez. 2021 (UTC)

Kuck awer mol op déi Säit, do bleift en ettleches kloerzestellen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:05, 25. Dez. 2021 (UTC)

      Ech verstinn datt jiddweree seng Prioritéiten huet. Mä Wikipedia huet och der och, an eng vun de wichtegsten ass, datt d'Texter déi een drasetzt ze verstoe sinn. Déi bescht Fotoen a meescht Quellen notzen näischt wann den Text schlecht liesbar ass a wann de Lieser net versteet wat gemengt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:32, 25. Dez. 2021 (UTC)

Biekerech

Moien,

Wat huet dat Bild mam Wopen ze dinn? --Les Meloures (Diskussioun) 14:33, 28. Dez. 2021 (UTC)


Moien,

et gouf eng Kéier vun der Communautéite decidéiert datt d'Monumenter vun der Ardenneoffensiv sollten eng sonner Lëscht hunn. Wann s du dat lo gär op d'Kopp geheits da solls de dat der Communautéit matdeelen a froen op jiddwereen dermat d'accord ass.-Les Meloures (Diskussioun) 08:39, 31. Dez. 2021 (UTC)

    Gudde Moien,
    Ech hunn all eenzel lux Monument aus der Ardennenoffensiv-Lëscht gekuckt, bis op 2 (+2) Monumenter, waren se all an der grousser Lëscht vum Zweete Weltkrich. Wann dat exklusiv getrennt soll sinn, da muss een dat och konsequent duerchzéien, an net just bei verschidde User. Déi Ofgrenzung misst mMn dann och méi kloer an der Intro vum 2.WK stoen. R2lx (Diskussioun) 10:55, 31. Dez. 2021 (UTC)
      Moien, wann ech mech kuerz aschalten däerf: Et ginn effektiv zwou Lëschten, déi sech zu engem Deel iwwerschneiden: Déi Iwwer Monumenter vum 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg (ënneragedeelt op eng pro Ufanksbuschtaf vun der Uertschaft, well et der soss ze vill wieren), an déi hirersäits en Ënnerdeel ass vun der Lëscht vun de Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg. An da gëtt et eng iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv, déi och där an der Belsch abegräift.
      Well se net deckungsgläich sinn, mécht et Sënn, Monumenter jee nodeem an déi eng, déi aner oder allen zwou opzehuelen. E Monument am Zesummenhang mat der Ardenneschluecht dat zu Lëtzebuerg steet, gehéiert deemno an déi zwou.--Zinneke (Diskussioun) 11:12, 31. Dez. 2021 (UTC)


      Et sollt net userbezunn sinn (Aner Benotzer sinn do net sou kriddleg a maachen de Leit mol einfach Frechheeten). Ech hat just gemierkt datt der an d'Lëscht vum 2. Weltkrich gesat goufen déi am Fong an déi aner (och) gehéiert hunn. Et war mer net opgefall datt déi Trennung scho méi laang net méi existéiert huet. Ech kann och mat der Opfaasung vum Zinneke liewen an dann och eng Schabloun zwaffen als Informatioun déi an d'Monumenter vum 2. Weltkrich kënnt fir op d'Lëscht vun der Ardennenoffensiv hinzeweisen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 31. Dez. 2021 (UTC)

Wikiiessen 2022

Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wiki Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:26, 19. Jan. 2022 (UTC)

Tags:

R2Lx AwunnerR2Lx Musée PattonR2Lx GenossenschaftR2Lx BiekerechR2Lx Wikiiessen 2022R2Lx

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Mario MutschRusty BoysMartin Uhrmacher1852Waudru vu MonsKaribikLycée Josy-Barthel MamerLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmHéichuewenSonnHuelen ZantPrënz-Albert-Piercing19193. OktoberFräi SoftwareSarajevoMärta TorénLycée technique d'EttelbruckLos Angeles800Lëtzebuerger ArméiGeneralstänn vu 1789NGC 38Regierung Juncker-PolferParlamentLycée classique de Diekirch13. JuniGoldstandardLewis CarrollD'Engelcher vu SchëndelsIstanbulFeierstëppelerJean SchiltzBlogSchleswig-HolsteinSchottlandKonzentratiounslagerGielKnuedlerEuropean Space Agency2006Maacher Lycée22. AbrëllJerusalemWeltierwen200325. OktoberKierch NidderpallenMars (Planéit)Lëscht vu lëtzebuergesche Museker28. Juni9. September1945DäitschObligatioun5. JuliÉcole nationale pour adultes9. MeeFloridaEisen28. DezemberEntwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg1935Irak1. DezemberBlummendallAngela WinklerGeographie🡆 More