E klenge Merci tëschenduerch fir d'Asetze vun där Schabloun, an de Biograpiesartikele wou se feelt; et war bis ewell nach keen derzou komm, dat méi systeematesch ze maachen.
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Joer1 Bemierkung1 Persoun an der Diskussioun
--Zinneke (Diskussioun) 12:02, 3. Sep. 2020 (UTC)
Munchen
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer14 Bemierkungen3 Leit an der Diskussioun
Moien, als Erklärung: ech hunn d'Homonymie-Säit Munchen e bëssen an d'Fassong bruecht; e Redirekt, wéi Dir en ugeluecht hat, ass do net méiglech, well et méi Leit mat deem Numm gëtt.
Bescht Gréiss,--Zinneke (Diskussioun) 09:03, 21. Aug. 2020 (UTC)
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Joer2 Bemierkungen2 Leit an der Diskussioun
Moie Gerard141,
wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wiki! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Robby (Diskussioun) 12:49, 17. Aug. 2020 (UTC)
Gudde Moien,
Merci fir Är Aarbecht beim Nosiche vun Datummen. Et wier allerdéngs besser déi direkt an den Text als Referenz anzebauen. Dat hätt den Avantage datt Dir Iech e laange Kommentar kënnt spueren, an datt da keen anere muss hannendru lafe fir dat dann ze maachen.
Merci am Viraus --Les Meloures (Diskussioun) 13:30, 26. Aug. 2020 (UTC)
Walen
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Joer3 Bemierkungen1 Persoun an der Diskussioun
Jacques Santer, Jacques Poos, Jean-Claude Juncker, Robert Goebbels, Alex Bodry, Mme Mady Delvaux-Stehres et M. Georges Wohlfart ayant été nommés membres du Gouvernement, dont la qualité est incompatible avec celle de membre du Parlement européen , la Commission a également vérifié les pouvoirs de leurs suppléants.
Ben Fayot, Mmes Astrid Lulling, Viviane Reding, MM. Marcel Schlechter, Jup Weber et Mme Lydie Polfer sont élus comme membres du Parlement européen
Ech wees net genee wat dir dem Lieser wëllt bäibréngen an deemno ass et schwéier fir ze soen wéi den Aufsatz richteg soll geschriwwe ginn. Franséisch Säz sollen nëmmen als Referenz oder Zousätzlech Erklärung benotzt ginn.
Ben Fayot, Mmes Astrid Lulling, Viviane Reding, MM. Marcel Schlechter, Jup Weber et Mme Lydie Polfer sont élus comme membres du Parlement européen."
Dës Ausso stëmmt net mat der Lëscht vun den Deputéierten iwwereneen. Do feelt dann nach eng Erklärung.
Ech froe mech och firwat een hei d'Procedure vum Walgesetz an d'Applikatioun dervu soll erklären. Déi sollt bekannt sinn (All Lëtzebuerger sollt säi Walgesetz kennen), a wann ee meng et misst een dat maachen da soll dat an engem Artikel iwwer d'Walgesetz gemaach ginn. Soss musse mer dat bei all Artikel iwwer d'Wale widderhuelen --Les Meloures (Diskussioun) 09:49, 10. Sep. 2020 (UTC)
Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 (Lëtzebuerg)
Moien,
Ech hu mol probéiert fir d'Interpretatioun vun der Tabell méi verständlech duerzestellen.
Et bleift allerdéngs eng Fro: Firwat stinn net all déi Éischtgewielt déi aus iergendenger Ursaach net op Europa gaange sinn an der Tabell?
Mat halwen Informatioune wier et besser déi, déi net Deputéiert goufen einfach ewech ze loossen, nom Motto entweder alles oder näischt. --Les Meloures (Diskussioun) 13:21, 10. Sep. 2020 (UTC)
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer2 Bemierkungen1 Persoun an der Diskussioun
Merci fir den Zeitungsartikel. Op wat am Artikel soll e sech als Quell bezéien? --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 8. Sep. 2021 (UTC)
"1945 no der Befreiung vu Lëtzebuerg, gouf de Jacques vun der franséischer Militärpolice verhaft an u Lëtzebuerg ausgeliwwert. Do gouf him de Prozess wéinst Landesverrot gemaach [Source?]. 1946 ass hie verurteelt ginn, a fir ëmmer aus dem Land verbannt ginn [Source?]"
"Il se fait élire bourgmestre de son lieu de rési- dence Schlachter. Dénoncé par l'oc- cupant belge, il sera remis aux auto- rités luxembourgeoises après la guerre. Sa nationalité allemande le préserve d'une condamnation et les actes judiciaires se referment en 1946 sur une extradition."
Jo a wat maache mer lo.
Franséisch Miltärpolice kontra Occupant belge. (Et hätte missten d'Fransouse sinn wann en zu Lindau fonnt gi wier,
son lieu de résidence Schlachter kontra Schlachters (wéi déi Uertschaft richteg heescht) an a Wierklechkeet huet en zu Thumen gewunnt
1946 ass hie verurteelt ginn kontra le préserve d'une condamnation
fir ëmmer aus dem Land verbannt ginn kontra les actes judiciaires se referment en 1946 sur une extradition
Do hat einfach ee vill Saache behaapt déi net gestëmmt hunn. Dat ass jo lo veschwonn. Ier Quell déi Dir einfach sou ouni Commentaire geliwwert hutt huet jo och net de Beweis bruecht datt déi Behaaptunge gestëmmt hunn. Deemno war se als Quell net sou extra am Sënn vun der Nofro awer als Informatioun net schlecht. Dofir setzen ech se lo mol op de Spaweck. --Les Meloures (Diskussioun) 12:19, 8. Sep. 2021 (UTC)
Wikiiessen 2022
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer1 Bemierkung1 Persoun an der Diskussioun
Léiwe Wikikolleeg,
Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wiki Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:22, 19. Jan. 2022 (UTC)
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Benotzer Diskussioun:Gerard141, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.