D'Amalia-Monument ass e Monument um Bord vum Park an der Stad Lëtzebuerg, dat un d'Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach erënnert.
D'Amalia-Monument am Stater Park | |
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Uewerstad |
Koordinaten | 49°36'50,652"N, 6°7'27,790"O |
Ageweit | 30. Oktober 1876 |
Material | Bronz |
Kënschtler | Charles Pêtre |
Architekt | Oscar Belanger, Tony Dutreux |
Zu Éiere vun | Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach |
Scho kuerz nom Doud vun der Prinzessin Amalia den 1. Mee 1872 goufen et Pläng fir hir e Monument opzeriichten. Eng ëffentlech Souscriptioun huet sech awer méi schwiereg erwisen, wéi geduecht. Dobäi koum, datt de Wëllem III. net begeeschtert war, datt enger Prinzessin, déi och nach dynastiefriem war, e Monument opgeriicht gi soll, virun engem aus der Dynastie vun den Oranier. Duerch déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, nodeems d'Chamber de Projet ofgeleent hat, konnt am Agank vum Park dëst Monument awer opgeriicht ginn.
D'Pläng an d'Dispositioun vum Monument goufe vun den Architekten Oscar Belanger an Tony Dutreux ausgeschafft. D'Standbild steet op engem sailenaartege Sockel an der Mëtt vun enger Exedra, engem nischenaartege Raum, vun 10m Duerchmiesser mat 2 Trapen. Den hënneschten Deel besteet aus enger Bänk mat den agravéierten Nimm vun den 12 Kantonen.
D'Skulptur aus Bronze gëllt offiziell als Wierk vum franséische Sculpteur Charles Pêtre. D'Maquette vun der Skulptur gouf awer vun deem sengem Schüler Jean-Antoine Injalbert ausgefouert.
D'Aweiung vum Monument war den 30. Oktober 1876. Et ass dat éischt Monument zu Lëtzebuerg, dat fir eng Fra opgeriicht gouf.
No enger Renovatioun vum Monument an enger Neigestaltung vun den Alentoure koum et den 21. Juni 2000 zu enger weiderer Aweiung bei där de Buergermeeschter Paul Helminger eng Ried gehalen huet.
Lénks a riets vum Monument stinn zwou bemierkenswërt Sequoiaen. Nobäi ass och den Amaliabuer.
Commons: Monument Princesse Amélie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Amalia-Monument, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.