Allerbuer (lokal: Allerburren) ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger.
Allerbuer Allerburren | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Allerborn de: Allerborn |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Wëntger |
Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
Awunner | 99 |
1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023 | |
Fläch | 431,0290 ha |
Héicht | 475 m |
Koordinaten | 50° 02’ 08’’ N 05° 52’ 11’’ O |
Allerbuer ass e klengt Bauerenduerf mat ronn enger hallwer Dosen Haiser, an déi westlechst Uertschaft an der Gemeng Wëntger. Si läit an engem Westhank dee seng héchst Plaz mat 517 Meter um Flouer Paatzeratt huet. Déi déifst Plaz ass am Dall vun der Wemperbaach mat ongeféier 420 Meter.
Duerch d'Uertschaft féiert d'N 20, déi vun der Féitsch op d'belsch Grenz féiert, a vun do weider iwwer déi belsch Nationalstrooss N 874 iwwer Longvilly op Baaschtnech.
Commons: Allerbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Allerbuer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.