Den Aidamir Mugu (Айдамир Мугу), gebuer de 17.
Abrëll 1990 zu Maikop, Republik Adygeja, Russland, ass e russesche Sänger.
Aidamir Mugu | |
---|---|
Gebuer | 16. Abrëll 1990 Maikop |
Nationalitéit | Russland |
Aktivitéit | Sänger |
De Mugu huet sech am Summer 2004 en Numm gemaach wéi hien zesumme mam Akkordeonist Aslan Tlebzu säi Lidd "Schwaarz Aen" (Чёрные глаза) op Russesch an am tradtionelle tscherkessesche Melodiestil opgeholl huet, an deem en eng onglécklech Léift zu enger ondefinéierbarer Schéinheet beséngt.
Déi zwéin hunn nach an der selwechter Saison eng sëllege Concerte ginn an och hir éischt CD erausbruecht, wou nieft hirem groussen Hit nach aacht weider Lidder mat naiv-leidenschaftlecher Summerstëmmung drop sinn. De Mugu ass awer weider um Lycée vu Maikop bliwwen, wou en alles wat e wéinst seng plëtzlecher musikalescher Karriär verpasst huet nohëlt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Aidamir Mugu, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.