Netflix, Inc.
Netflix, Inc. | |
---|---|
Grënnungsdatum | 29. August 1997 |
Sëtz | Los Gatos, Kalifornien, USA |
Leedung | Reed Hastings (CEO) Ted Sarandos (CCO) |
Mataarbechter | 9400 (2020) |
Ëmsaz | 25 Mrd. USD (2020) |
Branche | Filmwirtschaft |
Homepage | www.netflix.com |
Se gouf 1997 am kalifornesche Los Gatos vum Reed Hastings an dem Marc Randolph gegrënnt. Ufanks huet s'als Online-Videothéik fonctionéiert, andeems se Filmer op DVD a Blu-ray un hir Abonnente verschéckt huet. 2007 huet Netflix mat Video-on-Demand ugefaangen, sou datt Abonnenten op e Katalog vun audiovisuellen Inhalter per Streaming Zougang kruten.
Netflix produzéiert eege Serien a Filmer, ma weist der och eng jett, fir déi se d'Exploitatiounsrechter (net ëmmer fir iwwerall an zum Deel zäitlech begrenzt) kaaft huet.
Bis Mäerz 2020 hat Netflix knapps 3000 Film- an Televisiounsprogrammer a senger Offer. Bis Enn Mäerz 2022 goufen, zanter dass d'Firma gegrënnt gouf, am Ganzen 221,64 Milliounen Abonnementer ofgeschloss, dovun der 74,58 Milliounen an den USA an a Kanada. 2020 louch hire Wäert op der Bourse mat knapps 195 Milliarden Dollar iwwer deem vun der Walt Disney Company.
Zanter 2014 kann een Netflix och zu Lëtzebuerg abonéieren.
Deen éischte Lëtzebuerger Film, deen op Netflix gewise gouf, ass Sawah vum Adolf El Assal.
Commons: Netflix – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Netflix, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.