De Begrëff Famill ass, a senger wäiter Definitioun, eng Grupp vu Leit déi zesummelieft an där een no deem anere kuckt.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Famill am tëschemënschleche Sënn. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Famill (Homonymie). |
D'Wuert kënnt vum laténgesche Begrëff familia (vu famulus - "Haussklav"), wou et ufanks net déi bestuete Koppel an hir Kanner bezeechent huet, mä den Numm war fir all d'Sklaven, déi zum Besëtz vum Patriarch gehéiert hunn. Mann ouni Famill ass deemools ee genannt ginn, deen an Aarmut gelieft huet.
Hautdesdaags bezeechent ee mam Begrëff Famill awer éischter déi Leit, déi biologesch a sozial Verbindungen hunn, wéi de Papp, d'Mamm, d'Kanner, d'Enkelen (Kandskanner), d'Grousselteren, d'Monnien, d'Tattaen an d'Kosengen.
D'Kärfamill ass nach méi enk gefaasst a besteet nëmmen aus Papp, Mamm a Kanner, oder souguer just aus engem eenzegen Elterendeel mat dem Kand oder de Kanner.
Commons: Famill – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Famill, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.