Rhode Island ass e Staat am Nordoste vun den USA.
Rhode Island | |||||
| |||||
Spëtznumm: The Ocean State; Little Rhody | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Providence | ||||
Gréisst Stad: | Providence | ||||
Gouverneur: | Daniel McKee | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: | Op 50. Plaz 4.001 km² 13,9 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: | Op 43. Plaz 1.097.379 (2020) 409,81/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 29. Mee 1790 (13ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-5/-4 |
Bis November 2020 war den offiziellen Numm nach „State of Rhode Island and Providence Plantations“, wat awer no der Wal vun 2020 gekierzt gouf no nationale Protester géint Rassismus.
Rhode Island ass dee klengsten US-amerikanesche Staat, mä mat 3.140 km2 trotzdeem nach ëmmer méi grouss wéi Lëtzebuerg. En ass 60 km breet a 77 km laang. E läit an Nei-England a grenzt am Norden an am Osten un de Massachusetts, am Westen un de Connecticut an am Süden un den Atlanteschen Ozean. Donieft huet en nach eng Séigrenz mam Staat New York.
Dem Staat säin héchsten natierleche Punkt ass den Jerimoth Hill op 247 m. Generell ass Rhode Island éischter flaach.
2015 gouf geschat, datt ronn eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 84,8 % als wäiss Amerikaner, 14,4 % als Hispanic/Latino, 7,9 % als Afroamerikaner, 3,6 % als asiatesch an 1 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi enger Kategorie konnt uginn.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 56.423 US-Dollar pro Stot an 30.765 USD op de Kapp.
Commons: Rhode Island – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Rhode Island, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.