Java: Indoneesesch Insel

Java, (op Indoneesesch: Jawa) ass eng vun de véier Grousse Sundainselen an der Republik Indonesien (déi aner si Sumatra, Borneo a Sulawesi).

Java: Indoneesesch Insel
lénks, de Vulkan Bromo, hanne riets, de Semeru.
Java: Indoneesesch Insel
Administrativ Kaart

Déi indoneesesch Haaptstad Jakarta läit op Java.

Java ass 126.650 Quadratkilometer grouss; mat de méi klengen, virgelagerten Insele wéi Madura sinn et 132.107 Quadratkilometer. Et huet eng 130 Milliounen Awunner (Stand 2006), méi wéi all aner Insel op der Äerd. Mat iwwer 1000 Awunner pro Quadratkilometer huet se eng vun den héchste Bevëlkerungsdichten op der Welt. Jakarta eleng huet iwwer 10 Milliounen Awunner. Mëttlerweil ass et mat de Nopeschstied Bogor, Depok, Tangerang a Bekasi zesummegewuess, woufir alt "Jabodetabek" (aus den Ufankssilben zesummegesat) gesot gëtt.

D'Insel ass ausseruerdentlech fruchtbar. Am Weste gëtt et nach e puer méi kleng Dschungelflächen, iwwerdeems et no Osten hin no an no méi dréche gëtt. Bal all ondebaut Teraine gi landwirtschaftlech benotzt. Nieft Kaffi, Tubak a Mais ass et virun allem de Räis, deen op groussen Terrassen ugabaut gëtt.

D'Insel ass dominéiert duerch eng Kette vun 38 deels aktiven, deels net méi aktive Vulkaner. Déi bekanntst sinn de Bromo (2329 Meter), de Merapi (ca. 2985 Meter), ee vun de geféierlechste Vulkaner op der Welt, an den 3676 Meter héijen Semeru. De Solo ass, mat ronn 600 Kilometer, dee längste Floss op der Insel.

Administrativ ass Java an d'Provënze Banten, Jawa Barat (Westjava), Jawa Tengah (Zentraljava), Jawa Timur (Ostjava) an an d'onofhängegt Fürstentum Yogyakarta agedeelt. Jakarta ass direkt der Zentralregierung ënnerstallt.

Stied

  • Jakarta mat ronn 11 Milliounen Awunner
  • Surabaya, 2,8 Milliounen
  • Bandung, 1,7 Milliounen
  • Semarang, 1,3 Milliounen
  • Bogor, 950.000
  • Malang, 750.000
  • Surakarta, 600.000
  • Yogyakarta, 510.000 Awunner

Um Spaweck

Commons: Java – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

IndonesienSumatra

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Claude RadouxNeiséilandKasachstanPolneschSibirienRaymond Clement1754Bridder GrimmBuergplaz zu HuldangMartine DeprezRobert Wilhelm BunsenGrethe WeiserChrëschtentumVolleksrepublik ChinaPandemieIvan BoumansSchock (Film)MohammedFinanzkris 2007/2008Beauvallon (Drôme)FechtenComputerPond SterlingPolitesch ParteiAlexandra Schoos13. FebruarVerdauungsapparatNora Back24. JuliKaspescht MierJemp SchusterEemaischenAdolf RaderschallLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenAnnett RennebergKaweechelcher1088MoscheePhilippinnenPolytheismusLëscht vun de Lourdes-Grotten zu LëtzebuergAshcan14. SeptemberDraach (Mythologie)WikimediaHans SöhnkerRiedelenTelekommunikatiounEsch-Sauer1000Johnny HallydayFC Blo-Wäiss IzegHande YenerSchëld C, 18René Wiroth2021Jang de BlannenGemeng DéifferdengAl EschDavid GoldrakeOoops! Noah is Gone...1949Arcturus (Stär)Lëtzebuerg (Land)Thomas vun AquinDäitsch11. JuliBenoît XVI. (Poopst)FäröerPaul LafontaineProvënz HuescaDiane FeipelMaria Sebaldt🡆 More