Zäitmooss: Am Miesswiese gëtt den Dag formelméisseg beschriwwen als eng
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zäitspan: An der Kalennerrechnung (deem bei eis gebräichlech gregorianesche Kalenner) d'Zäitspan vun enger Hallefnuecht bis zu der nächster Hallefnuecht.
D'Kalennerdeeg ginn no der ISO 8601 bannen engem Mount vun 1 un als Kalennerdatum fortlafend nummeréiert an an engem Datumsformat schrëftlech fixéiert. Ausserdeem ginn hinnen, vu Mount a Joer onofhängeg, a fester Reiefolleg e Wochendag zougewisen. Domat beschreift d'Dageszuel eng fortlafend Zäitskala (linear Zäit), am Ënnerscheed zum Wochendag, dee sech a sengem Oflaf reegelméisseg widderhëlt (zyklesch Zäit).
Den Ufank vum Dag um Hallefnuecht ass vun astronomesche Konventioune beaflosst. Aner Kalennersystemer setzen den Ufank vum Dag op de Sonnenopgang. Am jiddeschen an am islamesche Kalenner ëmfaasst den Dag d'Zäit vun engem Sonnenënnergank bis zum nächsten.
Am Droit geet alt emol vum „vollen Dag” ((fr) jour franc) rieds, absënns wann et ëm d'Berechne vun Delaie geet. Am Lëtzebuerger Droit ass e Gesetz am Allgemengen dräi voll Deeg nodeems et am Mémorial publizéiert gouf gülteg, ausser et ass explizitt en aneren Datum virgesinn.
Fir dräi voll Deeg ze zielen, gëtt den Dag vun der Publikatioun net gerechent. Duerno zielen dann dräi Periode vu 24 Stonnen.
Beispill: Publikatioun am Mémorial ass op engem Méindeg, dräi voll Deeg duerno sinn de Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg. D'Gesetz zielt vum Freideg 00:00 un.
Wann den Delai dann op e Samschdeg, e Sonndeg oder e Feierdag fält, zielt et eréischt vum nächste Schaffdag un.
Am astronomesche Sënn ass en Dag eng vollstänneg Ëmdréinung vun der Äerd.
Besonnesch Bedeitung haten an hunn d'Sonnen- a Stärenzäit vum Nullmeridian fir d'Festleeë vun der Weltzäit oder fir d'Bestëmme vun Stäreplazen. Am allgemenge Sënn ass een Dag d'Rotatiounsdauer vu jiddwer Himmelskierper, also kënnt och vun engem Marsdag oder engem „Dag op dem Mound“ geschwat ginn.
Den däitsche Begrëff: lichten Tag, op Englesch och awake time period, op Lëtzebuergesch hellliichten Dag entsprécht dem astronomesche Begrëff Dagesbou vun der Sonn.
Am alldeegleche Liewe gëtt de subjektiven Dag duerch de Rhythmus vum Opstoen a Schlofegoe bestëmmt. Den Dag gëtt dacks verallgemengert an d'Ofschnëtter Nuecht, Mueren, Virmëtteg, Mëtteg, Nomëtteg, Owend an Hallefnuecht gegliddert.
Fir déi meescht Mënsche falen déi verschidden Aspekter zesummen. Tatsächlech ergëtt awer d'Tatsaach, datt een am Wanterhallefjoer „virun Dagesufank“ opstoe muss, also den Dagesoflaf net mat dem helllliichten Dag korrespondéiert, e Widdersproch, dee sou zu sou engem Phenomeen wéi d'Wanterdepressioun féiere kann. Dësen Effekt gëtt duerch d'Summerzäit e bëssen ofgeschwächt.
Commons: Day – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dag, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.