HTML steet fir Hypertext Markup Language.
HTML gëtt och dacks als Hypertext bezeechent. Et ass e Quelltext deen duerstellt, wéi geschriwwen Zeechen oder Biller strukturell a logesch op enger Säit presentéiert ginn.
HTML ass d'Grondlag vum World Wide Web, an et ass och den Internet-Browser, deen dës Sprooch liest, a strukturéiert duerstellt. Si kann och Metainformatiounen enthalen an Hyperlinke begräifen, déi duerch Uklicken d'Méiglechkeet ginn, aner Websäiten opzeruffen.
E Browser erlaabt et, fir sech de Quelltext unzekucken an d'Struktur vun der Säit z'änneren.
D'HTML-Sprooch ass net definitiv festgeluecht, mä ass entwécklungsfäeg.
HTML gouf 1989 vum Tim Berners-Lee am CERN zu Genf festgeluecht. Websäit.
Commons: HTML – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hypertext Markup Language, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.