Juni ass den 177. Dag vum Joer (178. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
- 1807: Duerch d'Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, an der Stad Lëtzebuerg kommen 32 Persounen ëm d'Liewen an 120 ginn der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat.
- 1945: D'UNO gëtt gegrënnt.
- 1960: Madagaskar gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 1960: Dat fréiert brittescht Protektorat Somaliland gëtt fir fënnef Deeg onofhängeg.
- 1997: De Bertie Ahern gëtt neie Ministerpresident vun Irland.
Sport
Gebuer
- 1730: Charles Messier, franséischen Astronom.
- 1761: Dominik Constantin München, Theolog an Historiker.
- 1824: William Thomson, 1. Baron Kelvin, brittesche Physiker.
- 1836: Émile Guimet, franséischen Asien-Spezialist a Konschtsammler.
- 1854: Prosper Müllendorff, lëtzebuergesche Journalist, Historiker an Iwwersetzer.
- 1876: Gaston Barbanson, belschen Industriellen.
- 1882: Friedrich von Gagern, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1883: Pierre Laval, franséische Politiker.
- 1892: Pearl S. Buck, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 1901: Jean Boyer, franséische Regisseur.
- 1903: Maurice Sevenig, lëtzebuergesche Jurist.
- 1904: Peter Lorre, US-amerikanesch-ungaresche Filmschauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1913: Aimé Césaire, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 1913: Carlo Hemmer, lëtzebuergeschen Ekonomist, Manager, Editeur an Auteur.
- 1914: Lyman Spitzer, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 1920: Hans Giese, däitsche Medezinner a Sexolog.
- 1920: Ernst Melchior, éisträichesche Foussballspiller an -trainer.
- 1926: Bruno Wyzuj, Musekspedagog a Komponist.
- 1928: Danford B. Greene, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1933: Claudio Abbado, italieeneschen Dirigent.
- 1943: Alvin Sold, lëtzebuergesche Journalist.
- 1947: Lucien Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1949: Georges Backes, lëtzebuergesche Sänger.
- 1954: Catherine Samba-Panza, zentralafrikanesch Politikerin.
- 1956: Véronique Genest, franséisch Schauspillerin.
- 1957: Andrea Pininfarina, italieeneschen Ingenieur an Direkter vun der Carrosseriesfirma Pininfarina
- 1962: Wolfgang Geiselhart, däitschen Auteur.
- 1963: Michail Borissowitsch Chodorkowski, russeschen Entreprener.
- 1966: Dani Neumann, lëtzebuergesch Molerin.
- 1968: Jovenel Moïse, haitianesche Politiker a Staatspresident.
- 1968: Guðni Th. Jóhannesson, islänneschen Historiker a Staatspresident.
- 1970: Paul Thomas Anderson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1973: Samuel Benchetrit, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Schrëftsteller.
- 1993: Lynn Weis, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
- 1795: Jakob Friedrich Ehrhart, Schwäizer Botaniker.
- 1836: Claude Joseph Rouget de Lisle, franséische Komponist (La Marseillaise), Dichter an Offizéier.
- 1929: Renée Brasseur, lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionikin.
- 1939: Ford Madox Ford, englesche Schrëftsteller.
- 1955: Max Pechstein, däitsche Moler a Graphiker.
- 1957: Alfred Döblin, däitschen Dokter a Schrëftsteller.
- 1967: Françoise Dorléac, franséisch Schauspillerin.
- 1973: John Cranko, südafrikanesche Choreograph.
- 1975: Josemaría Escrivá, spuenesche Kardinol, Grënner vum Opus Dei.
- 1977: Henri Luja, lëtzebuergesche Landschaftsarchitekt an Urbanist.
- 1984: Carl Foreman, US-amerikanesche Filregisseur an Dréibuchauteur.
- 1989: François Mergen, lëtzebuergesche Bësch-Expert.
- 2001: Will Bertrand, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 2005: Haidy Jacobi, däitsch Radio-Speakerin, Schauspillerin a Regisseurin.
- 2010: Algirdas Brazauskas, litauesche Politiker.
- 2012: Nora Ephron, US-amerikanesch Regisseurin an Dréibuchauteur.
- 2013: Bert Stern, US-amerikanesche Fotograf.
- 2016: Nicole Courcel, franséisch Schauspillerin.
- 2016: Roland Karpen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 2017: Habib Thiam, senegaleesesche Politiker.
- 2019: Edith Scob, franséisch Schauspillerin.
- 2020: Fred Hammer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
Feierdeeg
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 26. Juni, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.