Internet

D'Internet (Ofkierzung fir Interconnected Networks) ass e weltwäiten Zesummeschloss vu Computernetzwierker déi op de verschiddensten Technologië berouen, an deen d'Benotze vun Internetdéngschter wéi WWW, E-Mail, Telnet, Usenet an FTP erméiglecht a sou der Kommunikatioun an dem Austausch vun Informatioun déngt.

Dat Netz vun Netzer kënnt dem Benotzer awer wéinst enger komplexer Internet-Software, déi all Detailer verstoppt, als eenheetlecht homogeent Netz vir. Dofir gëtt och dacks vun engem virtuellen Netz geschwat.

Iertemlecherweis gëtt d'Wuert "Internet" dacks als Synonym fir de World Wide Web benotzt, deen awer just ee vu ville Servicer vum Internet ass.

Gebuertsstonn vum Internet

Gebuertsstonn vum Internet geet zeréck op 1969, wéi véier amerikanesch Universitéiten (Stanford Universitéit, Santa Barbara, Los Angeles an Utha) matenee vernetzt goufen. Dat Netz war ënner dem Numm ARPANET bekannt a gouf vun der Advanced Research Projet Agency (ARPA) vum amerikanesche Verdeedegungsministère ënnerstëtzt. D'ursprénglecht Zil vum Projet stoung am Hannergrond vum Kale Krich, fir ee verdeelte Kommunikatiounssystem opzebauen, dat am Fall vun engem Atomkrich eng Kommunikatioun ouni Stéierungen erlabe géif. D'ARPANET ass séier gewuess a gouf scho gläich drop an ee militärescht benotzt a wëssenschaftlecht, zivil benotzt Netz opgedeelt. Nodeem 1983 dunn d'ARPANET op d'TCP/IP Protokollfamill adaptéiert ginn ass, huet lues a lues sech och den Numm Internet duerchgesat.

Zanter ufanks der 1990er Joren, huet awer de World Wide Web an déi éischt einfach benotzbar graphesch Webbrowseren dem Internet zu sengem risegem Erfolleg a weltwäiter Verbreedung verhollef.

Opbau a Funktiounsweis vum Internet

Vernetzung

Internet 
Schemateschen Opbau vum Internet

Computere loosse sech zu Netzwierker zesummeschléissen. Sou Netzer sinn ënner anerem:

  • Firmenetzwierker, iwwer déi d'Computeren aus enger Firma verbonne sinn,
  • Providernetzwierker, un deenen d'Computere vun de Clientë vun engem Internet Service Provider ugeschloss sinn oder
  • Universitéitsnetzwierker.

Dës Netzwierker ginn no hirer raimlecher Ausdeenung klassifizéiert:

  • Lokal Netzer (Local Area Networks, LAN) gi just iwwer kleng Distanzen a sinn an der Reegel privat Netzer. Si hunn eng symmetresch Struktur a baséieren allgemeng um Broadcasting-Prinzip. Wichteg Technologien am LAN-Beräich sinn Ethernet oder zum Beispill Token Ring.
  • Wäitverkéiersnetzer (Wide Area Networks, WAN) iwwerbrécke gréisser Distanzen a sinn allgemeng op Netzwierkbedreiwer ugewisen. Si besëtze meeschtens eng irregulär Struktur a baséieren op der Store-and-Forward Switching Method. Vertrieder am WAN-Beräich sinn zum Beispill ATM oder ISDN.

Gi verschidden Netzer zesummegeschalt, sou entsteet een Internet. Zesummeschalte vun Netzer weltwäit bezeechent een dann als d'Internet. Dës Zesummeschaltung geschitt iwwer Vermëttelungscomputeren oder Routere genannt. Si hunn unhand vun enger eendeiteger Adress ze decidéieren iwwer wat fir ee Wee eng Noriicht weidergeleet gëtt.

Pakvermëttelung

Allgemeng gëtt eng Noriicht a Päck vun enger bestëmmte Gréisst opgedeelt (Fragmentéierung), déi dann eenzel an onofhängeg vun eneen iwwer d'Netz transportéiert ginn. Dobäi kënnen dës Päck iwwer ganz verschidde Weeër zum Destinataire geroden, deen dann Noriicht nees muss zesumme setzen. Sou huet all Benotzer ee gläichfairen Zougrëff op d'Netz an 't ass eng héich Ausfallsécherheet garantéiert. Duerch d'Verschécke vu klenge Päck kënnen Iwwerdroungsfeeler séier erkannt ginn a bei Bedarf musse just déi feelerhaft Päck nei verschéckt ginn.

Internetworking

Déi héich komplizéiert Technologie, déi et fäerdeg bréngt fir déi verschiddenst Hardware-Technologië a Prinzipie mateneen ze verbannen, datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn, gëtt als Internetworking bezeechent a baséiert op enger Rei vu Kommunikatiounsprotokollen. Dës Protokoller bauen op enger Partie vu streng festgeluechte Reegelen op a ginn no engem Schichtemodell kassifizéiert. All Schicht aus dësem Modell adresséiert e bestëmmten Deelproblem vun der Kommunikatioun. Am Internet schwätzt ee vum TCP/IP-Protokollstapel.

E puer Internetservicer

Service Protokoll Protokoll-Beschreiwung
Nummopléisung Domain Name Service (DNS) Déngt zur Opléisung vun Nimm (z. B. lb.wikipedia.org) an IP-Adressen
World Wide Web (WWW) Hypertext Transfer Protocol (HTTP) Déngt zur Iwwerdroung vu Websäiten
Elektronesch Post (E-Mail) Simple Mail Transfer Protocol (SMTP),
Post Office Protocol (POP)
Interactive Mail Access Protocol (IMAP)
Déngt zum Verschécken an empfänke vun elektronesche Bréiwer
Dateitransfer File Transfer Protocol (FTP) Déngt zur Iwwerdroung vun Dateien
Remote Login Telecommunications Network Protocol (Telnet)
Secure Shell (SSH)
Déngt zur Benotzung vu Computeren aus wäiter Distanz

Literatur

Um Spaweck

Commons: Internet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Internet Gebuertsstonn vum Internet Opbau a Funktiounsweis vum Internet E puer servicerInternet LiteraturInternet Um SpaweckInternetE-MailInformatiounKommunikatiounSoftwareWorld Wide Web

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

AssuranceOrdre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de NassauBréisselFaillite1Veronica FerresPolitikComputerspillLuc FriedenLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmHandelsregësterJames Robertson JusticeWaldbëlleger AffärHelmut KäutnerStille dage i ClichyKulturÖnologieCharles vu Lëtzebuerg (2020)JMarc ThomaJean-Jacques RousseauPaul ScheuerComité flamand de FrancePafemillenWilliam TurnerSchëld F, 16MelusinaThe Wall (Film 2023)MadagaskarPol LeursCOVID-19-Pandemie zu LëtzebuergV. Chr.LiteraturBockfielsPëtzKathedral Notre-Dame vu LëtzebuergLeschte SteiwerSummerzäitJoséphine-Charlotte vun der BelschPéiter OnrouAndré ZimmerMathias SchiltzFahd ibn Abd al-AzizGuido OppenheimSchëndelsKierch RandscheltNorbert BeckerTélévieLëscht vu lëtzebuergesche MusekerFranz Josef GottliebGëlle Fra51Auguste-Charles LavalJang de BlannenQuittKambodschaING Night Marathon LuxembourgMinett (Äerz)Piret MängelPolitikerBetribssystemJesuittenAutomobile Club du Grand-Duché de LuxembourgMusekFrank Hippert23. Mee🡆 More