Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert ◄◄ | ◄ | 1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | ► | ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1948.
Evenementer
Europa 10-DM-Billjee: Nei Wärung a Westdäitschland Berliner Loftbréck 0 1. Januar : Italie gëtt eng Republik; den Enrico De Nicola gëtt éischten italieenesche Staatspresident. 0 1. Januar: Groussbritannien verstaatlecht seng Eisebunnen. 0 3. Januar : Am Saarland gëtt de Franséische Frang agefouert. 18. Februar : Den John A. Costello gëtt Premierminister (Taoiseach ) an Irland . 25. Februar : De kommunistesche Ministerpresident vun der Tschechoslowakei , Klement Gottwald, entléisst zwielef biergerlech Minister aus senger Regierung, soudatt d'KP eleng d'Muecht am Land huet. 28. Mäerz : Bei de Parlamentswalen a Rumänien kritt d'Volleksdemokratesch Eenheetsfront 93,2 Prozent vun de Stëmmen. 0 3. Abrëll : Den US-President Harry S. Truman ënnerschreift de Marshall-Plang , woumat 5,3 Milliarden Dollar fir Europa nees opzebauen, fräigi ginn. 13. Abrëll : Rumänien gëtt sech eng Verfassung no sowjeteschem Modell. 0 1. Mee : Nom Attentat op de griichesche Justizminister Christos Ladas rifft d'Regierung d'Krichsrecht aus a léisst 213 Kommunisten exekutéieren. 0 7. Mee : An der Tschechoslowakei trëtt eng nei Verfassung nom sowjetesche Modell a Kraaft. 11. Mee : De Luigi Einaudi gëtt zum Staatspresident vun Italie gewielt. 18. Juni : An Italie si fir d'éischt nom Zweete Weltkrich demokratesch Parlamentswalen. 21. Juni : An de westleche Besatzungszone vun Däitschland gëtt bei enger Wärungsreform d'D-Mark agefouert an d'Reichsmark ofgeschaaft. 24. Juni : Och déi dräi Westsektore vu Berlin féieren d'D-Mark an, doropshi kënnt et zu der Berliner Blockad . 25. Juni : Den US-Generol Lucius D. Clay gëtt den Uerder, eng Loftbréck tëscht de Westzonen a Westberlin opzeriichten. 0 8. Juli - 10. Juli : Op der Rittersturz-Konferenz zu Koblenz gëtt decidéiert, déi dräi westlech Besatzungszonen zu der Bundesrepublik Däitschland zesummenzeleeën. 19. Juli : A Frankräich trëtt déi éischt Regierung ënner dem Robert Schuman zeréck; de 26. Juli gëtt den André Marie Premierminister, wann och just fir 6 Wochen. 0 4. September : D'Juliana gëtt nom Récktrëtt vun hirer Mamm Wilhelmina Kinnigin vun Holland ; se leet de 6. September den Eed op d'Verfassung of. 0 5. September : De Robert Schuman gëtt op en Neits - fir zwéin Deeg - Premierminister a Frankräich. 11. September : Den Henri Queuille gëtt neie Premierminister a Frankräich. Lëtzebuerg 0 2. Februar : Den éischte Fliger vun der Luxembourg Airlines Company , (dem Virleefer vun der Luxair ), eng DC-3 Douglas, immatrikuléiert LX-LAA, flitt op Paräis. 17. Mäerz : Lëtzebuerg ënnerschreift mat Frankräich, Groussbritannien, der Belsch an Holland de Vertrag vu Bréissel, een defensive Militärpakt, deen 1954 an déi Westeuropäesch Union iwwergoe sollt. 22. Mäerz : D'Fleesch, d'Fleeschwueren an d'Ram däerfen erëm ouni Mark verkaaft ginn. 0 5. Abrëll : Déi éischt Nummer vum Lëtzebuerger Journal kënnt eraus. 15. Abrëll : D'Chamber stëmmt eng Verfassungsännerung , no där d'Land seng Neutralitéit opgëtt. 0 2. Mee : D'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen gëtt zougemaach. 0 6. Juni : Partiell Chamberwalen am Süden an am Osten : D'CSV kritt 22 Sëtz, d'LSAP der 15, de Groupement patriotique et démocratique der 9 an d'KPL der 5. 19. Juni : Déi éischt Foire -Ausstellung geet un. 14. Juli : D'Regierung Dupong-Schaus II hëlt hir Funktioun op. 30. Juli : Eng kommunistesch Propositioun fir d'Ofschafe vun der Lëtzebuerger Arméi gëtt an der Chamber mat 30 géint 5 Stëmmen ofgeleent. Afrika Amerika USA 0 2. November : Bei der US-Presidentschaftswal gëtt den Harry S. Truman a sengem Amt knapps confirméiert; Géigekandidat war de Republikaner Thomas E. Dewey. Mëttel- a Südamerika Asien Ozeanien & Pazifik Arabesch Welt an Noen Osten Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
Sport
30. Januar : Zu Sankt Moritz fänken d'Olympesch Wanterspiller un. 22. Februar : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Marcel Paulus a Victor De Bourcy geschoss. 26. Mäerz : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu London 1:2 géint England. De Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss. 27. Mäerz : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu London 0:1 géint Holland. 18. Abrëll : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Tschechoslowakei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Fernand Schammel an Nicolas Kettel geschoss. 0 2. Mee : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:7 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jim Kremer an Nicolas Kettel geschoss. 0 6. Mee : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Léck 0:1 géint Belsch. 18. Juli : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Saint-Quentin 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Wagner geschoss. 26. Juli : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Brighton 29. Juli : Zu London fänken d’Olympesch Summerspiller un. Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp wënnt 6:0 géint Afghanistan. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales (2), Nicolas Kettel, Fernand Schammel a Marcel Paulus (2) geschoss. 31. Juli : Se verléiert 1:6 géint Jugoslawien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Fernand Schammel geschoss. 19. September : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lucie Konter geschoss. 21. November : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:7 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Becker geschoss. Gebuer
Michel Daleiden , Lëtzebuerger Moler a Serigraph. Paul Lafontaine : lëtzebuergeschen Historiker. David Levy , US-amerikaneschen Astronom. 0 2. Januar : Tony Judt , britteschen Historiker. 0 7. Januar : Ichirō Mizuki , japanesche Anisonsänger a Schauspiller. 10. Januar : Bernard Thévenet, franséische Vëlossportler. 10. Januar: Donald Fagen, US-amerikanesche Museker. 12. Januar : Gordon Campbell, kanadesche Politiker. 17. Januar : Davíð Oddsson, islännesche Ministerpresident. 16. Januar : John Carpenter , amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent, Schauspiller, a Filmmusek-Komponist. 29. Januar : Guido Knopp , däitsche Journalist, Publizist a Moderator. 30. Januar : Aly Jaerling , lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler. 30. Januar: Charles Hamer , lëtzebuergeschen Auteur an Ekonomist. 0 3. Februar : Henning Mankell , schweedesche Schrëftsteller. 0 4. Februar : Alice Cooper, US-amerikanesche Rockmuseker. 0 5. Februar : Tom Wilkinson , englesche Schauspiller. 0 7. Februar : Josef Ackermann, Schwäizer Banquier a Manager. 10. Februar : Anna Boch , belsch Molerin. 13. Februar : Sam Garbarski , belsche Filmregisseur. 15. Februar : Art Spiegelman , US-amerikanesche Cartoonist a Comicauteur. 19. Februar : Pim Fortuyn, hollännesche Politiker a Publizist. 20. Februar : Andrew Fabian , britteschen Astronom an Astrophysiker. 22. Februar : Linda de Suza , franco-portugisesch Sängerin. 23. Februar : Raymond Weydert , lëtzebuergesche Politiker an Agronom. 24. Februar : Rolf Tarrach , spuenesche Physiker a Rekter vun der Université du Luxembourg . 24. Februar: Dennis Waterman , englesche Schauspiller. 29. Februar : Gérard Darmon , franséische Schauspiller a Sänger. 29. Februar: Jemp Schuster , lëtzebuergeschen Auteur, Kabarettist an Theaterregisseur. 0 2. Mäerz : Rory Gallagher, iresche Gittarist. 0 9. Mäerz : Chris Thompson, brittesche Museker. 11. Mäerz : Dominique Sanda , franséisch Schauspillerin. 14. Mäerz : Philippe Maystadt , belsche Politiker. 22. Mäerz : Andrew Lloyd Webber, englesche Komponist. 29. Mäerz : Bud Cort , US-amerikanesche Schauspiller. 29. Mäerz: Fern Weirich , lëtzebuergesche Comics-Zeechner. 31. Mäerz : Al Gore, US-amerikanesche Politiker. 0 1. Abrëll : Jimmy Cliff, jamaikanesche Reggaemuseker. 0 2. Abrëll : Nibio Orioli , lëtzebuergesche Foussballspiller. 0 3. Abrëll : Jaap de Hoop Scheffer, hollännesche Politiker. 0 6. Abrëll : Georges Jacquemart , lëtzebuergeschen Ingenieur. 0 6. Abrëll: Patrika Darbo , US-amerikanesch Schauspillerin. 0 8. Abrëll : Danuta Hübner, polnesch Politikerin an EU-Kommissärin. 12. Abrëll : Joschka Fischer , däitsche Politiker. 18. Abrëll : Régis Wargnier , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur. 19. Abrëll : Michel Foret , belsche Politiker. 20. Abrëll : Jean-Paul Lehners , lëtzebuergeschen Enseignant an Historiker. 26. Abrëll : Josef Bierbichler , däitsche Schauspiller. 28. Abrëll : Terry Pratchett , englesche Schrëftsteller. 0 7. Mee : Marc Agosta , lëtzebuergesche Liichtathleet. 0 9. Mee : Hans Georg Bock , däitsche Mathematiker. 11. Mee : Jeannot Moes , lëtzebuergesche Foussballspiller. 12. Mee : Steve Winwood, Museker. 16. Mee : Christiane Steinmetzer , lëtzebuergesch Konschthistorikerin. 18. Mee : François Felten , lëtzebuergesche Moler an Theolog. 19. Mee : Grace Jones, Sängerin, Fotomodel a Schauspillerin. 24. Mee : Richard Dembo , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur. 26. Mee : Stevie Nicks, US-amerikanesch Sängerin. 28. Mee : Pierre Rapsat , belsche Sänger. 29. Mee : Norbert Berens , lëtzebuergesche Pedagog an Auteur. 31. Mee : Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch , wäissrussesch Schrëftstellerin. 0 1. Juni : Powers Boothe , US-amerikanesche Schauspiller. 0 6. Juni : Jürgen Marcus , däitsche Schlagersänger. 15. Juni : Pierre Warin , belsche Geeschtlechen an Auxiliairebëschof vun Namur. 17. Juni : Joaquín Almunia, spuenesche Politiker an EU-Kommissär. 0 8. Juli : Nathalie Baye , franséisch Schauspillerin. 0 8. Juli: Jean Kandel , lëtzebuergesche Liddersammler, Lidderschreiwer an Arrangeur. 13. Juli : Catherine Breillat , franséisch Schauspillerin a Regisseurin. 22. Juli : Otto Waalkes, däitsche Komiker, Cartoonist a Schauspiller. 30. Juli : Jean Reno, franséische Schauspiller. 0 1. August : Abdelmalek Sellal , algeeresche Politiker. 0 3. August : Jean-Pierre Raffarin, franséische Politiker, Premierminister. 11. August : Jan Palach , Philosophie-Student an der deemoleger Tschechoslowakei. 20. August : Jeanne Peiffer , lëtzebuergesch Mathematikerin a Wëssenschaftshistorikerin. 24. August : Jean Michel Jarre , franséische Komponist. 24. August: Sauli Niinistö , finnesche Politiker. 24. August: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist. 26. August : Jean Stock , franséische Journalist. 0 5. September : Benita Ferrero-Waldner, éisträichesch Politikerin, EU-Kommissärin. 12. September : Louis Trierweiler , lëtzebuergesche Foussballspiller. 19. September : Jeremy Irons, brittesche Schauspiller. 26. September : Olivia Newton-John , brittesch-australesch Sängerin a Schauspillerin. 0 2. Oktober : Siim Kallas, estesche Politiker an EU-Kommissär. 0 2. Oktober: Jean-François Rischard , lëtzebuergeschen Ekonomist an Auteur. 0 5. Oktober : Joseph Bruyère , belsche Vëlossportler. 0 8. Oktober : Claude Jade , franséisch Schauspillerin. 12. Oktober : Catherine Jourdan , franséisch Schauspillerin. 12. Oktober: Rick Parfitt , brittesche Museker. 17. Oktober : Margot Kidder , US-amerikanesch-kanadesch Schauspillerin. 22. Oktober : Jeannot Schaul , lëtzebuergesche Foussballspiller. 24. Oktober : Barry Ryan, brittesche Sänger. 30. Oktober : Lucien Zeimes , lëtzebuergesche Vëlossportler. 0 4. November : Amadou Toumani Touré , Politiker a Staatschef aus dem Mali. 0 6. November : Glenn Frey , US-amerikanesche Rockmuseker. 11. November : Vincent Schiavelli , US-amerikanesche Schauspiller. 13. November : Hassan Rohani , iranesche Politiker. 14. November : Charles vu Wales , britteschen Trounfollger. 19. November : Robert Biever , lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot. 28. November : Furio Cardoni , lëtzebuergesche Foussballspiller. 0 1. Dezember : Raphael Constant , belsche Vëlossportler. 0 1. Dezember: Martin Klein , lëtzebuergeschen Dokter. 0 6. Dezember : Yoshihide Suga , japanesche Politiker. 0 7. Dezember : Caroline Cartier , franséisch Schauspillerin. 0 8. Dezember : Mars Klein , lëtzebuergesche Journalist, Kabarettist an Auteur. 12. Dezember : Marcelo Rebelo de Sousa , portugisesche Jurist, Politiker a Staatspresident. 21. Dezember : Samuel L. Jackson, US-amerikanesche Schauspiller. 22. Dezember : Nicolae Timofti , moldawesche Jurist a Staatspresident. 23. Dezember : John Huchra , US-amerikaneschen Astronom. 24. Dezember : Edwige Fenech , italieenesch Filmschauspillerin. 27. Dezember : Gérard Depardieu , franséische Schauspiller. 31. Dezember : Donna Summer , US-amerikanesch Sängerin. Gestuerwen
0 8. Januar : Kurt Schwitters, däitsche Moler. 15. Januar : Henri-Alexandre Deslandres , franséischen Astronom. 30. Januar : Mahatma Gandhi , indesche Politiker. 30. Januar: Orville Wright , US-amerikanesche Fluchpionéier a Fligerbauer. 0 8. Februar : Samuel Prescott Bush, US-amerikaneschen Industrieller. 0 9. Februar : Karl Valentin, däitsche Komiker, Kabarettist, Auteur a Filmproduzent. 11. Februar : Sergei Michailowitsch Eisenstein , sowjetescher Regisseur. 0 4. Mäerz : Antonin Artaud, franséische Schauspiller, Dramatiker, Regisseur, Dichter an Theater-Theoreetiker. 31. Mäerz : Egon Erwin Kisch, Prager Journalist. 0 Abrëll: Tony Kellen , lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer a Journalist. 14. Abrëll : Gusty Kemp : lëtzebuergesche Foussballspiller. 24. Mee : Jacques Feyder , franséisch-belsche Filmregisseur. 0 5. Juli : Georges Bernanos, franséische Schrëftsteller. 0 5. Juli: Carole Landis , US-amerikanesch Schauspillerin. 0 7. Juli : Jean-Pierre Wenkin , lëtzebuergesche Politiker. 14. Juli : Marguerite Moreno , franséisch Schauspillerin. 15. Juli : John Pershing, US-amerikanesche Generol. 21. Juli : D. W. Griffith, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent. 12. August : Jean-Baptiste Merkels , lëtzebuergesch-US-amerikaneschen Auteur a Konsul. 27. August : Jean-Jacques Theisen , lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Organist a Politiker. 0 3. September : Edvard Beneš, tschechesche Politiker. 10. September : Ferdinand I., Zar vu Bulgarien. 13. September : Paul Wegener , däitsche Schauspiller. 17. September : Folke Bernadotte, schweedeschen Offizéier. 19. September : Jan Welzl , genannt Eskimo Welzl , tschecheschen Aventurier, Weltreesender an Eskimohäuptling. 0 3. Oktober : Jean Witry , lëtzebuergesche Handwierksvertrieder. 12. Oktober : Louis Salou , franséische Schauspiller. 24. Oktober : Franz Lehár , éisträichesche Komponist. 24. September : Auguste Thorn , lëtzebuergesche Jurist a Politiker. 0 8. November : Jean-Pierre Muller , lëtzebuergesche Vëlossportler. 20. Dezember : C. Aubrey Smith , brittesche Schauspiller. Um Spaweck Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1948 , which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0") ; additional terms may apply (view authors ). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.