1933: Joer

◄ | 19.

Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert  
◄◄ | ◄ | 1929 | 1930 | 1931 | 1932 | 1933 | 1934 | 1935 | 1936 | 1937 | ► | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1933.


Evenementer

Europa

  • Januar: Den António de Oliveira Salazar féiert a Portugal eng Geheimpolizei, d'PVDE (Polícia de Vigilância e Defesa do Estado) an. Méi spéit am Joer trëtt d'Verfassung vum Estado Novo a Kraaft.
  • 10. Februar: E Gasometer explodéiert zu Neunkirchen (Saar); ronn 70 Leit stierwen, a grouss Deeler vun der Stad ginn zerstéiert.
  • 04. Mäerz: An Éisträich léist d'Parlament sech selwer op; Ufank vum Austrofaschismus.
  • 29. Oktober: A Spuenie gëtt déi der faschistesch Falange gegrënnt.
  • 19. November: Bei de Parlamentswalen a Spuenie gewannen d'Rietsparteien; déi Liberal an d'Sozialisten, déi bis do un der Regierung waren, verléiere staark.
  • 23. Dezember: Zuchaccident bei Lagny; 204 Doudeger an 120 Blesséierter.

Däitscht Räich

1933: Evenementer, Konscht a Kultur, Wëssenschaft an Technik 
Bicherverbrennung 1933 am Kader vun enger "Aktion wider den undeutschen Geist".
  • 30. Januar: Den Adolf Hitler gëtt zum däitsche Reichskanzler ernannt ("Machtergreifung").
  • 01. Februar: De Reichstag, d'däitscht Parlament, gëtt op Wonsch vum Hitler vum President Paul von Hindenburg opgeléist.
  • 03. Februar: Den Hitler hält seng éischt Ried virun der Reichswehr an definéiert d'Zil vu senger Aussepolitik: "Lebensraum im Osten" a récksiichtlos "Germaniséierung" vun deenen Territoiren.
  • 04. Februar: D'Versammlungs- an d'Pressefräiheet ginn duerch Veruerdnung an Däitschland limitéiert.
  • 27. Februar: Brand vum Reichstag; den 28. Februar gëtt an der Reichstagsbrandverordnung ë. a. d'Kommunistesch Partei verbueden.
  • 05. Mäerz: Neiwale fir de Reichstag; d'NSDAP kritt 43 % vun de Stëmmen.
  • 20. Mäerz: D'Konzentratiounslager Dachau gëtt opgeriicht.
  • 23. Mäerz: Den däitsche Reichstag stëmmt fir d'Gesetz zur Behebung der Not von Volk und Reich, dat als "Ermächtigungsgesetz" bekannt gëtt an dem Hitler erméiglecht, och ouni d'Parlament Gesetzer z'erloossen.
  • 01. Abrëll: D'Nationalsozialisten organiséieren e Boykott vu jiddesche Geschäfter, Affekoten an Dokteren.
  • 02. Mee: Gewerkschafte gi verbueden.
  • 10. Mee: Zu Berlin gi Bicher vun Auteuren, déi den Nationalsozialisten net passen, verbrannt.
  • 10. Mee: D'Deutsche Arbeitsfront gëtt gegrënnt, d'Streikrecht ofgeschaaft.
  • 14. Oktober: De Joseph Goebbels erkläert den Austrëtt vun Däitschland aus dem Vëlkerbond.
  • 01. Dezember: Mam Gesetz zur Sicherung der Einheit von Partei und Staat gëtt en Eeparteiesystem agefouert. All Parteien ausser der NSDAP sinn ewell verbueden.

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

USA

  • 04. Mäerz: De Franklin D. Roosevelt gëtt 32. US-President, a fänkt gläich un, säin New Deal-Programm ëmzesetzen.
  • 05. Dezember: Duerch dat 21. Amendement vun der Verfassung vun de Vereenegte Staate gëtt dat 18. Amendement opgehuewen, an d'Prohibitioun nees ofgeschaaft.

Mëttel- a Südamerika

Asien

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Wëssenschaft an Technik

Sport

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1933 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

1933 Evenementer1933 Konscht a Kultur1933 Wëssenschaft an Technik1933 Sport1933 Gebuer1933 Gestuerwen1933 Um Spaweck193318. Joerhonnert19. Joerhonnert19231928192919301931193219341935193619371938194320. Joerhonnert21. Joerhonnert

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

MeeréischenErnest HemingwayBasilika vum Hellegen Häerz zu BréisselAlbert BieverSchëld F, 20caE Buch am ZuchAndré Hoffmann (Politiker)LithiumUlrike BailAuteursrechtLonkechParäisNei GemengUkrainClaudine MunoKierch RandscheltHoratio NelsonInternet Movie DatabaseAlex (Haute-Savoie)IndonesienJean-Marie BiwerAnja Di BartolomeoAmerican Horror StoryDorothy LamourVeianenUNESCOLaurence HarveyFrancis of DeliriumJean MaraisWaldbëlleger AffärLëscht vu lëtzebuergesche RockgruppenMinière Prince HenriGuy RosenKoordinéiert WeltzäitJames Robertson JusticeNyctereutesChişinăuMartine KempCetonia aurataSchëld D, 5aFurio CardoniKlass (Biologie)Comité flamand de FranceVerkéierswarnschëldNBCNikloskierfechtAwunnerLara HeinzLëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a SchlässerPaul Wurth S.A.Alternativ Demokratesch ReformparteiFaustiEuropa (Kontinent)Joseph SteichenAkeschtCharles WeilerGeschicht vun der Lëtzebuerger ArméiLou LinsterThailandSão ToméTilly JungZesummen - d'BréckGewerkschaft🡆 More