Suizid

Ënner Suizid versteet een d'Aktioun vun engem Mënsch, dee sech selwer, ouni friem Awierkung, ëmbréngt.

Suizid Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Grënn fir Suiziden

Déi relativ dackst Ursaach fir e Suizid respektiv Suizidversuch gëtt an enger psychescher Krankheet gesinn. En héije Prozentsaz vun alle Suiziden an de westleche Gesellschafte ginn dorop zeréckgeféiert. Virun allem bei Persounen, déi un Depressioune leiden ass de Suizid méi heefeg.

Suchtkränkten a chronesch Péng ginn och den Ulass zu Suiziden, heiansdo och de wirtschaftleche Ruin, z. B. duerch Verloschter um Spilldësch.

Forme vu Suiziden

  • Neierdéngs gewielte Methoden (Schwäiz: 1969-2000)
    • Duerch de Strack 25 %
    • Erschéissen 24 %
    • Vergëftung duerch fest oder flësseg Substanzen 14 %
    • Erofsprangen 10 %
    • Erdrénken 9 %
    • Iwwerfueren duerch en Zuch 7 %
    • Vergëftung duerch Gase 6 %
    • Mat spatze Géigestänn 2 %

De Suizid an der Geschicht

Massesuiziden

Ausser dem duebele Suizid, wou z. B. Mann a Fra oder zwee Verléifter sech zesummen ëmbrengen (Fall vum Dichter Heinrich von Kleist), gëtt och nach de Massesuizid.

  • Zu engem historesch bekannte Massesuizid koum et 70 n. Chr. zu Masada an der réimescher Provënz Judäa dem haitegen Israel, wéi d'Stad vu réimeschen Truppe belagert gouf. De Flavius Josephus erzielt, datt déi méi wéi 900 belagert Persounen an hirer Situatioun ouni Aussiicht, fräiwëlleg an den Doud gaange sinn, fir als fräi Mënschen ze stierwen.
  • Staark kommentéiert gouf och a rezenter Zäit (1994) de Massesuizid vun 61 Membere vun de Sonnentempler an der Schwäiz.

Suiziden zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg huet de STATEC an de Joren 2000 bis 2005 all Joer tëscht 53 (2003) an 99 (2002) noweisbar Suiziden erfaasst. Et fält op, datt d'Suiziden zu Lëtzebuerg bei de Männer ongeféier 4-mol sou dacks si wéi bei de Fraen. Ausserdeem wäicht d'Aart a Weis wéi Männer sech ëmbréngen (Erschéissen, Strack) staark vun der Manéier, wéi Frae sech suizidéieren, (Medikamenter, Erdrénken, Erofsprangen) of. Et ass rar zu Lëtzebuerg datt eng Fra sech erschéisst oder op de Strack zeréckgräift.

Dacks ass et och, datt Persounen, déi sech suizidéiere wëllen, vun der Neier Bréck erofsprangen. Dobäi ass et allerdéngs eng Kéier virkomm, datt eng Persoun, déi net an der Mëtt vun der Bréck erofgesprongen ass, an engem Bam gelant ass, a schwéier blesséiert iwwerlieft huet.

Statistik iwwer d'Suiziden zu Lëtzebuerg 2005
Aart a Weis
Zuel
Medikamenter, chem. Prod.
10
Gas
4
Strack
25
Erdrénken
4
Erschéissen
7
Erofsprangen
11
Schaarf Géigestänn
2
Aner Manéier
3
Total
66
dovun 51 Männer a 15 Fraen

Zënterhier ass d'Zuel liicht erofgaangen: Engem Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO/OMS no hu sech am Joer 2012 56 Leit zu Lëtzebuerg d'Liewe geholl, wouvunner 42 Männer a 14 Fraen, wat enger Quot vun 10 Fäll op 100 000 Awunner entsprécht. Am Verglach mat sengen Nopeschlänner huet Lëtzebuerg déi niddregst Quot.

Am Juli 2015 huet de Gesondheetsministère den éischte nationale Preventiounsplang fir 2015-2019 mat 33 Moossname presentéiert,,. No dësem Rapport gouf et am Joer 2014 offiziell 85 Doudesfäll duerch Suizid. 2% vun allen Doudesfäll géifen zu Lëtzebuerg duerch Suizid geschéien. Déi Zuele sinn awer Schätzungen an d'Donkelziffer läit wuel e gutt Stéck driwwer. Eng vun 10 Persounen hätt schonn op d'mannst eemol déi Manéier ze stierwen envisagéiert.

Literatur

  • Durkheim, Émile: Le suicide, PUF, Éischt Editioun: 1897 (gouf puermol nei opgeluecht)
  • Als, Georges: Le suicide au Luxembourg, Institut grand-ducal, section des sciences morales et politiques, 1979.
  • Als, Georges: Le suicide au Luxembourg. L'évolution séculaire des suicides au Luxembourg. Variables socio-personnelles du suicide, an: Luxemburger Wort, Jg. 131(1978), n° 123, p. 3 ; n° 124, p. 3 ; n° 126, p. 3

Um Spaweck

Commons: Suizid – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Suizid Grënn fir enSuizid Forme vu enSuizid De an der GeschichtSuizid MassesuizidenSuizid en zu LëtzebuergSuizid LiteraturSuizid Um SpaweckSuizid

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Eise PappModern Times (Museksgrupp)IndienGjilanKathedral Notre-Dame vu ReimsLynn KauffmannRochuskapell vu VeianenPol LeursIechternachFrankräichKatarInterlingueAli RuckertSophie CarleFëlschdrefJuddentumMaggy SteinNajdorf-Variant.cn19741909CFL 3600Nicolas SteilPhilippe SchausRené KollwelterWill FerrellFrançois BiltgenFilmMimas (Mound)Georges BraqueImmanuel KantDiddelengIan De ToffoliSloweeneschHämmelsmarschLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderEuropäesch UniounBanque centrale du LuxembourgWandenergieanlag1949Alex DonnersbachBullettProvënz NordbrabantSchëld E, 24cbKetty ThullSonnewennRue WiltheimKotlettAfrikaFrancis Perrin (Schauspiller)EsperantoRichard NealeItalieeneschAndy BauschWikipediaJapanBounewegLiberté - Fräiheet!Universitéit LëtzebuergSosthène WeisAthénée de LuxembourgMona LisaJointConservative Party (Vereenegt Kinnekräich)HerodotLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergAlphonse de LamartineLéon MetzWorld Wide Web🡆 More