De Marxismus ass eng Gesellschaftsléier, déi hiren Ursprong am 19.
Joerhonnert">19. Joerhonnert huet an op den Theorië vum Karl Marx a vum Friedrich Engels baséiert. Et ass eng Analys a Kritik vum Kapitalismus zu där Zäit. D'Endzil vum Marxismus ass eng kommunistesch Gesellschaft ouni sozial Klassen.
Am Marxismus gëtt d'Geschicht vum Mënsch als Geschicht vu Klassekämpf betruecht. E kritiséiert haaptsächlech, datt d'Gesellschaft am Kapitalismus duerch d'Fortschrëtter an der Wirtschaftsproduktioun bestëmmt gëtt, an net duerch politesch oder moralesch Krittären. Duerch déi kapitalistesch Produktiounsweis géif d'Aarbechtsopdeelung an der Gesellschaft verdéift ginn: de wirtschaftleche Räichtum géif vun der Aarbechterklass, dem sougenannte Proletariat, geschaaft ginn, mä de Räichtum géif nëmmen un eng kleng Elite goen, déi och d'Produktiounsmëttel géife besëtzen. Fir de Karl Marx war dat eng Kontradiktioun an der kapitalistescher Produktioun: d'Aarbechterklass representéiert de gréissten Deel vun der Gesellschaft a produzéiert de Räichtum, mä d'Kapitalisten, e klengen Deel vun der Gesellschaft, eegene sech de Gewënn privat un.
Der marxistescher Léier no kann de Widdersproch nëmmen duerch e revolutionären Opstand vun der Aarbechterklass eliminéiert ginn, deen noutwendegerweis och mat Gewalt a Kampf verbonnen ass. Duerch déi Revolutioun géif d'Aarbechterklass d'Kapitalisten enteegnen an d'Eegentum an d'Produktiounsmëttel géifen an den ëffentleche Besëtz iwwergoen.
De Kapitalismus géif duerno vum Sozialismus ofgeléist ginn, mä leschtendlech wier d'Endzil d'Etabléiere vun enger Gesellschaft ouni Klassen am Kommunismus.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marxismus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.