Youtube: Internet-Videoportal

YouTube ass en Internet-Videoportal, dat de 15.

Februar 2005 vun den dräi fréiere PayPal-Mataarbechter Chad Hurley, Steve Chen an Jawed Karim gegrënnt gouf. D'Benotzer kënne gratis Video-Clipe kucken an eroplueden.

Youtube: Internet-Videoportal
Den offizielle YouTube-Logo
Youtube: Internet-Videoportal 00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Et sinn dës kleng selwergedréite Filmer, mä awer och Museksclippen a kleng Filmausschnëtter.

De 17. Mee 2010 huet YouTube vu méi wéi zwou Milliarden Opriff pro Tag geschwat. Dat wieren an den USA e Maartundeel vun engen 73 Prozent bei de Videoportalen (Stand Mäerz 2008). No Berechnunge vun der US-Entreprise Ellacoya Networks ass YouTube verantwortlech fir 10 Prozent vum gesamten Internet-Dateverkéier a fir 20 Prozent vum HTTP-Transfert.

Den 9. Oktober 2006 gouf YouTube vu Google fir ëmgerechent 1,31 Milliarden Euro (an Aktien) kaaft. De Betrib mat 67 Mataarbechter – dorënner d'Grënner Chad Hurley a Steve Chen – soll d'Geschäfter uganks nach onofhängeg weiderféieren. De Sëtz ass zu San Bruno, Kalifornien.

Youtube: Internet-Videoportal
Verglach vun der Standardqualitéit mat HQ an HD, a Player- an Originalgréisst

D'Videoe gi bei der Konvertéierung an d'Flash-Video-Format (320×240 Pixel) respektiv d'H.264-Format (352×244 Pixel) eriwwergeholl. D'Skaléierung eliminéiert eventuell Qualitéitsverloschter, déi duerch eng verloschträich Formatkonvertéierung entstoe kënnen.

Dacks gouf déi schlecht Qualitéit vun de Filmer kritiséiert. Mëttlerweil ass et awer och bei verschiddene Videoe méiglech, fir op eng méi héich Audio- a Bildqualitéit (HQ) ëmzeschalten. Ausgewielt Videoe ginn och nach am HD-Format (720p oder 1080p) ugebueden, dëst zanter Dezember 2008 respektiv November 2009.

Op Englesch bezeechent ee mat "Tube" (eigentlech: Rouer) e Fernsee, ofgeleet vun den traditionell dra gebrauchte "cathode ray tubes". Den Numm "YouTube" als Ganzt léisst sech op Lëtzebuergesch mat "Du sents" erëmginn.

Um Spaweck

Commons: YouTube – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Internet

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Guy SchonsHenri WehenkelOrion (Stärebild)Richard NixonMichel Clees2022Rue Philippe-IICarlo Vögele6. FebruarPrefektur TokioFoussball-Weltmeeschterschaft 2006/FinallGemeng LeidelengOsama Bin LadenAnja Di BartolomeoPepe ReinaClaude RadouxPhilippe FelgenLëtzebuergeschOskar SimaLëtzebuerg (Land)Agnes Windeck2006Monica SemedoGalaxiëkoupMicky ErpeldingEuropäesch UniounBukarestSteve JobsFrancis of DeliriumCharles MansonOlympesch Summerspiller 1956Queen Elizabeth 2Jimmy Martin (1962)1088KréischelenAndrei Dmitrijewitsch SacharowEsch-SauerSchlass MierschArecibo ObservatoireFeilRobert Mugabe11. JanuarSlowakeschAdolf RaderschallCampus GeesseknäppchenRené DeltgenHousekerHeintz Van LandewyckPhilippe Henri BlasenZweete WeltkrichHoratio Nelson(1) CeresKierch DikrechLëscht vu lëtzebuergesche KomponistenHans SöhnkerJapanScience-FictionLellgenNaturreservat vu RolyKaspescht MierAbsolut HellegkeetAl Ginter1662Star TrekMuttergottesliddYerkes-ObservatoireDe Superjhemp retörns1922RandLuxairBaltikumConseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch🡆 More