Den Charlie Chaplin, KBE, eigentlech Charles Spencer Chaplin, gebuer de 16.
Abrëll 1889 zu London a gestuerwen de 25. Dezember 1977 zu Vevey um Genferséi, war en englesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur.
Charlie Chaplin | |
---|---|
Den Charlie Chaplin, 1965, fotograféiert vum Erling Mandelmann | |
Gebuertsnumm | Charles Spencer Chaplin |
Gebuer | 16. Abrëll 1889 |
Gestuerwen | 25. Dezember 1977 |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Komponist, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komiker, Filmediteur, Autobiograph, Theaterschauspiller, Filmkomponist, Schauspiller |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR |
Famill | |
Bestuet mat | Mildred Harris, Lita Grey, Paulette Goddard, Oona O'Neill |
Papp | Charles Chaplin |
Mamm | Hannah Chaplin |
Geschwëster | Wheeler Dryden, Sydney Chaplin |
Kanner | Charles Chaplin, Geraldine Chaplin, Michael Chaplin, Josephine Chaplin, Victoria Chaplin, Eugene Chaplin, Christopher Chaplin, Sydney Chaplin |
Den Charlie Chaplin ass aus ganz aarme Verhältnesser komm an huet sech d'éischt als Geleeënheetsaarbechter a mat klenge Bünerollen duerchgeschloen. Duerno gouf hie Clown a Schauspiller bei enger Wandergrupp. Op enger Amerikatournee huet hien en Engagement als Filmkomiker zu Hollywood ugeholl.
Hien huet schonn a sengem éischte Joer (1914) 35 Filmer gedréint.
The Tramp (1915) a The Immigrant (1917) waren dem Charlie Chaplin seng éischt Meeschterwierker.
1919 huet hien zesumme mat der Mary Pickford an dem Douglas Fairbank d'United Artists gegrënnt, fir déi den Chaplin no 1923 ausschliisslech gespillt huet.
Commons: Charlie Chaplin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Charlie Chaplin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.