Atmosphär Vun Der Äerd

D'Atmosphär vun der Äerd ass d'Loft déi d'Äerd ronderëm ëmschléisst.

Et ass e Gemësch aus verschiddene Gasen, virun allem Stéckstoff a Sauerstoff. Edelgasen an aner Gase komme nëmmen a klenge Quantitéite vir.

Atmosphär Vun Der Äerd
Sonnenënnergang iwwer dem Indeschen Ozean, vun der ISS aus fotograféiert. Et kann een déi verschidde Schichten erkennen: D'Troposphär, orange a giel, déi schwaarz Flécke si Wolleken; doriwwer, déi beige a wäiss Regioun ass d'Stratosphär; déi blo Zone sinn déi aner Schichten déi da lues an de schwaarze Raum iwwerginn.

D'Atmosphär ass ongeféier 700 km déck an den Iwwergank an de Weltraum (wou guer keng Loft méi ass) ass net abrupt. D'Gasdeelercher gi lues a lues ëmmer méi dënn bis si ganz verschwonne sinn.

Ouni d'Atmosphär wier d'Äerd sou wéi de Mound, et géif kee Waasser gi fir ze drénken a keng Loft fir z'otmen. Ausserdeem schützt si eis virun de Sonnestrahlen a virun Aschléi vu Meteoriten.

Schichte vun der Äerdatmosphär

D'Atmosphär gëtt, jee no Héicht a jee no Temperatur, an ënnerschiddlech Schichten (Sphären) agedeelt. Déi ënnescht ass d'Troposphär mat de Loftzirkulatiounen déi d'Wieder bestëmmen, déi iewescht, d'Exosphär, ass eng ganz dënn Schicht, déi an de Weltraum iwwergeet.

Troposphär

Ganz ënnen an der Äerdatmosphär ass d'Troposphär, wou d'Temperatur, mat der Héicht ofhëlt. Si geet bis ongeféier 10 km an d'Héicht.

Atmosphär Vun Der Äerd  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Troposphär.

Stratosphär

An der Stratosphär, bis zu 50 km déck, ass d'Temperatur relativ konstant. Do ass och déi gréist Ozonkonzentratioun op der Grenz mat der Mesosphär.

Atmosphär Vun Der Äerd  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stratosphär.

Mesosphär

Tëscht 50 km a 85 km läit d'Mesosphär, wou d'Temperatur am Ufank an d'Luucht geet an duerno fält.

Thermosphär

An der Thermosphär (85 bis 500 km) geet d'Tempetratur mat der Héicht och erop.

Aner Andeelungen

Déi iewescht Grenze vun den dräi ënneschte Schichte sinn Tropopaus, d'Stratopaus an d'Mesopaus.

Jee no Dicht an Zesummesetzung vum Gas gëtt tëscht dräi grousse Couchen ënnerscheet:

  • D'Homosphär, tëscht 0 an 100 km wou d'Zesummesetzung vun der Loft konstant ass.
  • D'Heterosphär, tëscht honnert an 1000 km wou et liicht Gase wéi Helium, Waasserstoff a Stéckstoff gëtt.
  • D'Exosphär, wou déi liicht Moleküllen net vun der Schwéierkraaft ugezu ginn an sou lues a lues am interplanetare Raum verschwannen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: D'Atmosphär vun der Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Atmosphär Vun Der Äerd Schichte vun der ÄerdatmosphärAtmosphär Vun Der Äerd Kuckt ochAtmosphär Vun Der Äerd Um SpaweckAtmosphär Vun Der ÄerdEdelgasSauerstoffStéckstoffÄerd

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

CFL 260O. J. SimpsonLéon LavalMaria Teresa MestreFechtenBill GatesGehaansdagJohny FlickIndonesienGeschmaachHandelsregësterKFCDrottnarIndienHelmut KäutnerPiret MängelRtl.luWikiPëtzHannert dem AtlantikPéiter OnrouMinettsgéigendThe Wall (Film 2023)Europa (Kontinent)KnuedlerFailliteDemokratesch Republik KongoFeierstëppelerGast RollingerGaston VogelWikipedia op LëtzebuergeschFamill (Biologie)Lëtzebuerg (Stad)KlëppelkrichXavier BettelCFL 2100Tatjana Nikolajewna KljujewaPaul Sontag1964PortugalSchweedeschNationalstrooss 5023. MeeRepublik KoreaGriichelandHenri AhlbornHaaptsäit/Artikel vun der WochJohn CastegnaroOrdre de Mérite du Grand-Duché de LuxembourgJean CalvinSambiaDéi GréngJohn TravoltaJean vu LëtzebuergHaushongSlowakeiFlavio Becca16. AbrëllWikimediaSchëld C, 14Jules WernerEngleschSerge KochTun TonnarSummerzäitVeronica FerresMinière Prince HenriAutomobile Club du Grand-Duché de LuxembourgJournalismus🡆 More