2022: Joer

◄ | 20.

Joerhonnert | 21. Joerhonnert    
◄◄ | ◄ | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | 2023 | 2024 | 2025 | 2026 | ►  

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2022.

D'Joer 2022 huet op engem Samschdeg ungefaangen. Et war kee Schaltjoer.

2022: Evenementer, Konscht a Kultur, Ekonomie
Manifestatioun géint de Krich an der Ukrain, 5. Mäerz

Evenementer

Europa

  • 30. Januar: Bei virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt dem Premierminister António Costa seng Sozialistesch Partei mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit.
  • 13. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum däitsche Bundespresident erëmgewielt.
  • 24. Februar: Russland fänkt mat engem Ugrëffskrich op d'Ukrain un, nodeems et 2 Deeg virdrun d'Onofhängegkeet vun de vu russesche Rebelle kontrolléierte sougenannte "Volleksrepubliken" Luhansk an Donetsk eesäiteg unerkannt huet. Iwwer 4 Milliounen Ukrainer sinn an d'westlech Nopeschlänner an aner EU Staate geflücht; weltwäit kënnt et zu Protester, a vu Säite vu ville Länner zu Sanktioune géint Russland an Hëllefsliwwerungen (zivil wéi militäresch) un d'Ukrain. Nodeems Russland am Ufank séier a vill Terrain eruewere konnt, gëtt et an de Wochen a Méint dono nees zeréckgeworf, an d'Front huet sech am Summer am Süden an am Oste quasi stabiliséiert. Russland ass dunn dozou iwwergaangen, zivil Infrastrukturen (haaptsächlech Energie- a Waaserversuergung) uechtert d'ganzt Land mat Rakéiten z'attackéieren. Bis zum Joresenn gëtt et wäit iwwer Honnertdausend Doudeger op béide Säiten, dorënner vill ukrainesch zivil Affer.
  • 03. Abrëll: Dem aktuelle Premierminister Viktor Orbán seng Fidesz-Partei gewënnt bei de Parlamentswalen an Ungarn, mat 135 vun den 199 Sëtz, déi absolut Majoritéit.
  • 03. Abrëll: Den Aleksandar Vučić gëtt a Serbien bei de Presidentschaftswalen erëmgewielt. Bei de Parlamentswalen dee selwechten Dag bleift seng Walallianz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit.
  • 24. Abrëll: Beim zweeten Tour vun de Presidentewalen am Frankräich gewënnt den amtéierende President Emmanuel Macron géint d'Marine Le Pen.
  • 10. Mee: D'Katalin Novák gëtt zu der neier Presidentin vun Ungarn gewielt.
  • 16. Mee: D'Elisabeth Borne gëtt zu der neier Premierministesch a Frankräich ernannt.
  • 25. Mee: No de Parlamentswale vum 24. Abrëll a Slowenien gëtt de Robert Golob vun der Fräiheetsbeweegung (GS) neie Premierminister.
  • 19. Juni: Beim 2. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich verléiert Ensemble pour la majorité présidentielle déi absolut Majoritéit a kënnt op 245 vu 577 Sëtz, d' Nouvelle Union Populaire écologique et sociale kritt der 131, de Rassemblement National der 89 an d' Union de Droite et du Centre der 64.
  • 23. Juni: Um Europäesche Conseil zu Bréissel kréien d'Ukrain a Moldawien de Status vun engem Kandidat fir der EU bäizetrieden.
  • 05. September: Nom Boris Johnson sengem Récktrëtt gëtt d'Liz Truss als nei Presidentin vun der Conservative Party an domat als nei Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich gewielt.
  • 08. September: Nom Doud vu senger Mamm, der Kinnigin Elisabeth II., gëtt den Charles III. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich.
  • 09. Oktober: Den Alexander Van der Bellen gëtt am éischten Tour vun de Presidentschaftswalen an Éisträich erëmgewielt.
  • 17. Oktober: No de Parlamentswale vum 11. September a Schweden, bei deenen d'Schwedendemokraten, déi Moderat, d'Chrëschtdemokraten an déi Liberal eng Majoritéit vu Sëtz am Riksdag gewonnen hunn, gëtt den Ulf Kristersson neie Premiermnister.
  • 22. Oktober: No de Parlamanetswale vum 25. September an Italien, gëtt d'Giorgia Meloni (Fratelli d'Italia) Premiermnistesch vun enger rietspopulistescher Regierung.
  • 25. Oktober: No der Liz Truss hirem Récktrëtt gëtt de Rishi Sunak als neie Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich ernannt, nodeems en een Dag éischter neie President vun der Conservative Party gouf.
  • 1. November: Bei de virgezunnene Parlamentswalen an Dänemark kréien d'Sozialdemokrate vun der Mette Frederiksen déi meescht Stëmmen, an d'Parteien am lénke Spektrum eng Majoritéit.
  • 13. November: D'Nataša Pirc Musar gëtt zur Presidentin vun der Republik Slowenien gewielt.
  • 17. Dezember: De Leo Varadkar iwwerhëlt fir déi zweet Hallschecht vun der Legislaturperiod vum Micheál Martin d'Amt vum Premierminister an Irland.

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

Nordamerika

Mëttel- a Südamerika

Asien

Arabesch Welt an Noen Osten

Ozeanien & Pazifik

Konscht a Kultur

2022: Evenementer, Konscht a Kultur, Ekonomie 
Logo Esch 2022

Molerei

Literatur

Musek

Kino

  • Oscar fir de beschte Film: Coda vun der Sian Heder.
  • César fir de beschte Film: Illusions perdues vum Xavier Giannol.
  • Gëlle Palm fir Triangle of Sadness vm Ruben Östlund.

Ekonomie

  • 01. Januar: D'Regional Comprehensive Economic Partnership, dat gréisst Fräihandelsofkommes vun der Welt, trëtt a Kraaft.
2022: Evenementer, Konscht a Kultur, Ekonomie 
SMACS J0723.3-7327 am Webb's First Deep Field, der éischter publizéierter Opnam vum James-Webb-Weltraumteleskop.

Wëssenschaft an Technik

  • De Summer 2022 war zu Lëtzebuerg deen dréchensten, sonnegsten an zweetwäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen (1947).
  • 18. Mäerz: D'Çanakkale-1915-Bréck an der Tierkei, déi Hänkbréck mat der gréisster Spanwäit op der Welt, gëtt ageweit.
  • 11./12. Juli: Den James-Webb-Weltraumteleskop schéckt seng éischt Biller op d'Äerd.
  • 30. November: OpenAI mécht ChatGPT, op Basis vun GPT-3.5, gratis fir d'Ëffentlechkeet zougänglech,

Sport

Gebuer

Gestuerwen

Sidney Poitier
David Sassoli
Yvette Mimieux
Hardy Krüger
Meat Loaf
Monica Vitti
Jacques Poos
Madeleine Albright
J.-Louis Trinitgnant
Shinzō Abe
Nichelle Nichols
Anne Heche
Olivia Newton John
Jean-Jacques Sempé
Mikhail Gorbatschow
Elizabeth II.
Jerry Lee Lewis
Jiang Zemin
Pelé
Benoît XVI.

Um Spaweck

Commons: 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

2022 Evenementer2022 Konscht a Kultur2022 Ekonomie2022 Wëssenschaft an Technik2022 Sport2022 Gebuer2022 Gestuerwen2022 Um Spaweck202219. Joerhonnert20. Joerhonnert2012201720182019202020212023202420252026202721. Joerhonnert

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

RegierungFair useLiz BrazAuguste TrémontGesetzMarie-Astrid vu LëtzebuergA (Buschtaf)VulvaKaunerefGemeng KopleschtRusslandJFailliteBatty WeberPolitikerÖnologieLëschJean Georges HaméliusFamill (Biologie)Kathedral Notre-Dame vu LëtzebuergKofi AnnanAndy BauschMichel LentzHenri WehenkelAlbert SimonFamillBiergbau zu Lëtzebuerg11. FebruarSchëld F, 19aQuod erat demonstrandumJohny FlickFacebookGemeng MunnerefMarc ThomaJo KoxBréisselSerge TonnarIndienThe Battle Hymn of the RepublicHämmelsmarschDonald TrumpComité flamand de FranceEric FalcheroCasino LuxembourgCFL 260Daniel BalthasarGuillaume vu LëtzebuergStadion Op der GrenzAmsterdamAmerika (Kontinent)Krich an der VendéeLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergGréiwelsKommunikatiounssatellitSarah SchreiberHLycée Josy-Barthel MamerHenry MillerCOVID-19-Pandemie zu LëtzebuergCharlie ChaplinCool FeetWikipedia op LëtzebuergeschHelmut KäutnerMyriam Spiteri DebonoHaaptsäit/Op engem/AbrëllDatumPolitikPaul DostertFernand Fox🡆 More