Instagram ass e soziaalt Netzwierk, op deem d'Benotzer Fotoen a Videoe kënnen deelen.
Et gehéiert der US-amerikanescher Entreprise Meta Platforms, zu där ënner anerem och Facebook a WhatsApp gehéieren.
D'Netzwierk gouf am Oktober 2010 vum Kevin Systrom a Mike Krieger fir d'Betribssystem iOS gegrënnt an ass séier populär ginn. No zwee Méint hat Instagram schonn zwou Millioune Benotzer, no engem Joer 10 Milliounen, an am Juni 2018 haten eng Milliard Mënschen e Profil op Instagram.
Facebook Inc., wéi Meta Platforms deemools geheescht huet, huet Instagram am Abrëll 2012 fir eng Milliard US-Dollar opkaaft. Am selwechte Mount gouf eng Android-Versioun lancéiert, an 2016 eng App fir Windows 10.
Obwuel Instagram och fir säi Succès an Afloss bewonnert gëtt, gëtt d'Plattform och fir säin negativen Afloss op d'mental Gesondheet besonnesch bei Jugendleche kritiséiert,, a fir presuméiert Zensur,,
Commons: Instagram – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Instagram, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.