Joerhonnert | 21. Joerhonnert
◄◄ | ◄ | 2010 | 2011 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | 2016 | 2017 | 2018 | ► | ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2014.
D'Joer 2014 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
Europa
- 01. Januar: Lettland gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro als Wärung an.
- 22. Januar: D'Laimdota Straujuma gëtt nei Premierministesch a Lettland.
- 29. Januar: De Bohuslav Sobotka gëtt als neie Premierminister an Tschechien vereedegt.
- 18. Februar: D'Protester op der Maidan-Plaz zu Kiew, an der Ukrain, déi zanter dem 21. November 2013 am Gaang sinn, eskaléieren; et kënnt zu 77 Doudeger, wouropshin d'Parlament den 22. Februar de President Wiktor Janukowytsch fir ofgesat erkläert. Gläichzäiteg fänkt de Konflikt mat Russland ëm d'Krim un.
- 22. Februar: De Matteo Renzi gëtt neie Conseilspresident (Premierminister) an Italien.
- 16. Mäerz: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Serbien gewënnt dem Aleksandar Vučić seng Fortschrëttsparei d'Majoritéit vun de Sëtz.
- 18. Mäerz: No engem Refrendum, de 16. Mäerz, deklaréiert d'russesch Regierung d'Republik Krim an d'Stad Sewastopol, déi bis dohin zu der Ukrain gehéiert hunn, zu zwéin neie Federatiounssujete vu Russland.
- 26. Mäerz: Den Taavi Rõivas gëtt neie Premierminister an Estland, nodeem den Andrus Ansip de 4. Mäerz zeréckgetruede war.
- 29. Mäerz: Den Andrej Kiska gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen an der Slowakei, hie gëtt de 15. Juni vereedegt.
- 02. Abrëll: Nom Récktrëtt vum Jean-Marc Ayrault senger Regierung, den 30. Mäerz, ernennt de François Hollande de Manuel Valls zum neie franséische Premierminister.
- 04. Abrëll: D'Marie Louise Coleiro Preca gëtt als nei Presidentin vu Malta vereedegt.
- 06. Abrëll: Bei de Parlamentswalen an Ungarn behält d'Fidesz-KDNP-Koalitioun hir Majoritéit; de Premier Viktor Orbán gëtt den 10. Mee a senger Fonctioun confirméiert.
- 27. Abrëll: Virgezunne Parlaments- a Presidentschaftswalen a Mazedonien. De Gjorge Ivanov gëtt als President erëmgewielt.
- 18. Mee: Iwwer 50 Doudesaffer bei Iwwerschwemmungen a Südosteuropa, besonnesch an de Balkan-Länner.
- 25. Mee: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament huet d'Europäesch Vollekspartei déi meeschte Sëtz kritt (214; 28,5 %) Zweetstäerkst Fraktioun ginn d'Sozialdemokrate mat 191 Sëtz (25,4 %). An Dänemark, Frankräich a Groussbritannien hunn (extrem)riets Gruppéiereungen, déi géint d'Europäesch Unioun sinn, staark u Sëtz gewonnen oder goufe stäerkst Partei. Mat populistesche Parteie vu soss an Europa fale sou bal e Véirel vun de Sëtz un euroskeptesch Protestparteien. Gréng a liberal Parteie kommen op 6,9 %, resp. 8,5 %.
- 25. Mee: An der Belsch gewënnt bei de Parlamentswalen d'Nieuw-Vlaamse Alliantie (NVA) staark u Sëtz bäi.
- 25. Mee: De Petro Poroschenko gewënnt d'Presidentewalen an der Ukrain, hie gëtt de 7. Juni vereedegt.
- 25. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt bei de Presidentewalen a Litauen an hirer Fonctioun erëmgewielt.
- 18. Juni: De spuenesche Kinnek Juan Carlos dankt zu Gonschte vu sengem Jong Felipe of, deen deen Dag drop säin Nofollger gëtt.
- 24. Juni: Nom Récktrëtt vum Jyrki Katainen gëtt den Alexander Stubb neie Premierminister a Finnland.
- 13. Juli: Neiwale fir dat Sloweenescht Parlament, nom Récktrëtt vun der Premierministesch Alenka Bratušek, de 5. Mee. De Miro Cerar gëtt de 25. August neie Premierminister.
- 15. Juli: D'Europäescht Parlament wielt de Jean-Claude Juncker zum neie President vun der Europäescher Kommissioun.
- 17. Juli: Nodeems sech an de Méint virdrun an der Ost-Ukrain pro-russesch Milize gebilt hunn, déi sech vun der Ukrain wëllen onofhängeg maachen, gëtt e Linnefluch vun der Malaysian Airlines um Wee op Kuala-Lumpur iwwer dem Dombass ofgeschoss, all 298 Leit u Bord stierwen.
- 25. Juli: De Wolodymyr Hrojsman gëtt neie Premierminister an der Ukrain, nom Récktrëtt vum Arseni Jatseniuk, deen Dag vidsrun.
- 30. August: Op engem informelle Conseil vun europäesch Staats- a Regierungscheffe gëtt den Donald Tusk zum neie Conseilspresident; d'Federica Mogherini zu der neier Héijer Representantin vun der Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik ernannt. Si trieden hiert Mandat den 1. Dezember, resp. 1. November un.
- 18. September: Bei engem Referendum huet sech d'Bevëlkerung vu Schottland majoritär dofir entscheet, Deel vum Vereenegte Kinnekräich ze bleiwen.
- 22. September: D'Ewa Kopacz gëtt als nei Premierministesch vu Polen vereedegt.
- 02. Oktober: De Stefan Löfven gëtt neie Premierminister a Schweden, nodeems seng Partei bei de Parlamentswale vum 14. September déi meeschte Stëmme krut.
- 03. Oktober: Grënnung vun der Europapartei Beweegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten
- 11. Oktober: No de Parlamentswale vum 25. Mee gëtt an der Belsch déi nei mëtt-riets Regierung ënner dem Charles Michel vereedegt.
- 01. November: D'Kommissioun Juncker trëtt hir Aarbecht un.
- 17. November: De Klaus Johannis gewënnt am zweeten Tour d'Presidentewalen a Rumänien, hie gëtt den 21. Dezember vereedegt.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
Mëttel- a Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt an Noen Osten
- uechtert d'Joer: De Biergerkrich a Syrien geet weider.
- uchtert d'Joer: De Biergerkrich am Irak geet weider.
- 08. Juli: Ufank vun der Offensiv Protective Edge vun der israeelescher Arméi géint d'Hamas an aner militant palestinensesch Gruppen an der Gazasträif. Bis de 26. Juli gëtt et iwwer 1000 Doudeger.
- 24. Juli: De Fuad Massum gëtt vum irakesche Parlament zum Staatspresident gewielt.
- 22. Dezember: De Beji Caid el Sebsi gëtt am zweeten Tour zum neie President vun Tunesien gewielt.
Katastrophen
2014 hunn eppes méi wéi 12 700 Persounen als Folleg vun techneschen oder natierleche Katastrophen d'Liewe verluer oder goufen als vermësst erkläert, wat an der Geschicht vun de Katastrophen eng vun den niddregsten Zuelen trotz der gréisster Zuel vu Katastrophen an engem Joer ass. Et war mol net d'Hallschent vun 2013, a louch wäit ënner der Joresmoyenne vu 66.000 zënter 1990. Dat déidlechst Evenement war en Äerdbiewen an der chineesescher Provënz Yunnan am August mat op d'mannst 731 Affer.
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Lëtzebuerg
Musek
Kino
- César fir de beschte Film: Les garçons et Guillaume à table vum Guillaume Gallienne.
- Oscar fir de beschte Film: Twelve Years a Slave vum Steve McQueen.
- Gëlle Palm vum Filmfestival vu Cannes fir de beschte Film: Kış Uykusu (en: Winter Sleep) vum Nuri Bilge Ceylan.
Lëtzebuerg
Ekonomie
- November: En décke Pak bis dohin net bekannte Steier-Accorden tëscht multinationalen Entreprisen an de Lëtzebuerger Steieradministratioun ginn duerch déi sougenannt LuxLeaks via e Grupp vu Journalisten an de Medie bekannt gemaach a léisen eng international Debatt iwwer Steiervermeidung aus.
Wëssenschaft an Technik
Sport
Lëtzebuerg
- 05. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel 0:0 géint de Kap Verde.
- 26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genk bei engem Trainingsmatch 1:5 géint d'Belsch, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.
- 04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Perugia 1:1 géint Italien, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss.
- 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1.1 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.
- 09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Skopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.
- 04. Dezember: D'Jenny Warling an de Gilles Müller gi Lëtzebuergesch Sportler vum Joer; d'Dëschtennis-Nationalekipp vun den Dammen d'Ekipp vum Joer.
Gebuer
Gestuerwen
- 03. Januar: Robert Diligent, franséische Journalist an Televisiouns-Moderateur.
- 05. Januar: Eusébio, portugisesche Foussballspiller.
- 09. Januar: Lorella De Luca, italieenesch Schauspillerin.
- 11. Januar: Arnoldo Foà, italieenesche Schauspiller.
- 11. Januar: Vüqar Həşimov, aserbaidschanesche Schachgroussmeeschter.
- 11. Januar: Ariel Sharon, israeelesche Politiker.
- 14. Januar: Jean-Pierre Adam, lëtzebuergesche Moler, Graveur a Sculpteur.
- 14. Januar: Fernand Brosius, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Januar: Claudio Abbado, italieeneschen Dirigent.
- 22. Januar: Fred Bertelmann, däitsche Schlagersänger a Schauspiller.
- 23. Januar: Henri Ackermann, lëtzebuergesche Vëlossportler, Gewerkschaftler a Politiker.
- 27. Januar: Pete Seeger, US-amerikanesche Folk-Museker.
- 29. Januar: François Cavanna, franséischen Auteur an Zeechner.
- 31. Januar: Roland Baldauff, lëtzebuergeschen Architekt.
- 31. Januar: Miklós Jancsó, ungaresche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. Januar: Christopher Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. Januar: Jean-Claude Wolff, lëtzebuergesche Journalist.
- 01. Februar: Luis Aragonés, spuenesche Foussballspiller an -trainer.
- 01. Februar: Maximilian Schell, éisträichesche Schauspiller a Regisseur.
- 02. Februar: Philip Seymour Hoffman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 07. Februar: Camille Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Februar: Shirley Temple, US-amerikanesch Schauspillerin a Kannerstar.
- 17. Februar: Carlo Devillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Februar: Jacques Bintz, lëtzebuergesche Geolog.
- 22. Februar: Fred Sunnen, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Februar: Hansi Knoteck, éisträichesch Schauspillerin.
- 24. Februar: Harold Ramis US-amerikanesche Regisseur, Schauspiller, Auteur.
- 25. Februar: Paco de Lucía, spuenesche Gittarist a Komponist.
- 01. Mäerz: Alain Resnais, franséische FIlmregisseur.
- 09. Mäerz: Gerard Mortier, belschen Operen- an Theaterintendant.
- 09. Mäerz: Tonino Ricci, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 12. Mäerz: Věra Chytilová, tschechesch Filmregisseurin.
- 12. Mäerz: Jean Vallée, belsche Sänger.
- 13. Mäerz: Gérard Lartigau, franséische Schauspiller.
- 16. Mäerz: Mareike Carrière, däitsch Schauspillerin.
- 19. Mäerz: Guy Binsfeld, lëtzebuergeschen Editeur.
- 19. Mäerz: Ernest Mühlen, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Mäerz: Adolfo Suárez, spuenesche Politiker.
- 30. Mäerz: Paul Ulveling, lëtzebuergesche Musikolog.
- 01. Abrëll: Jacques Le Goff, franséischen Historiker.
- 02. Abrëll: Urs Widmer, Schwäizer Schrëftsteller.
- 03. Abrëll: Régine Deforges, franséisch Schrëftstellerin.
- 05. Abrëll: Yvonne Stoffel-Wagner, lëtzebuergesch Turnerin an Olympionikin.
- 06. Abrëll: Mickey Rooney, US-amerikanesche Schauspiller.
- 08. Abrëll: Karlheinz Deschner, däitsche Schrëftsteller.
- 09. Abrëll: Marcel Gilles, Radio- a Fernseekommentator.
- 10. Abrëll: Georges Als, fréieren Direkter vum Statec.
- 10. Abrëll: Madeleine Weis-Bauler, lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.
- 17. Abrëll: Gabriel García Márquez, kolumbianesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 20. Abrëll: Rubin Carter, US-amerikaesche Boxer.
- 21. Abrëll: Craig Hill, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 23. Abrëll: Roby Schaeffer, lëtzebuergesche Liichtathleet, Olympionik an Diplomat.
- 27. Abrëll: Micheline Dax, franséisch Schauspillerin.
- 27. Abrëll: Andréa Parisy, franséisch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Jeannot Bonifas, lëtzebuergesche Gemengepolitiker.
- 29. Abrëll: Bob Hoskins, brittesche Schauspiller, Filmregisseur, -produzent an Dréibuchauteur.
- 02. Mee: John E. Dolibois, lëtebuergesch-US-amerikaneschen Diplomat.
- 05. Mee: Jean Gaven, franséische Schauspiller.
- 12. Mee: H. R. Giger, Schwäizer Kënschtler.
- 15. Mee: Jean-Luc Dehaene, belsche Politiker.
- 25. Mee: Wojciech Jaruzelski, polnesche Militär a Politiker.
- 27. Mee: Helma Sanders-Brahms, däitsch Filmregisseurin.
- 29. Mee: Karlheinz Böhm, éisträichesche Schauspiller.
- 31. Mee: Martha Hyer, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 09. Juni: William Bradfield, neiséilänneschen Astronom.
- 14. Juni: Robert Lebeck, däitsche Fotojournalist.
- 15. Juni: Jacques Bergerac,franséische Schauspiller.
- 19. Juni: Paul Faber, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 24. Juni: Eli Wallach, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juni: Bobby Womack, US-amerikanesche Sänger a Lidderauteur.
- 30. Juni: Paul Mazursky, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 02. Juli: Paul Wild, Schwäizer Astronom.
- 07. Juli: Alfredo Di Stéfano, argentinesch-spuenesche Foussballspieler an -trainer.
- 07. Juli: Eduard Schewardnadse, georgesche Politiker.
- 17. Juli: Horst Bollmann, däitsche Schauspiller.
- 13. Juli: Nadine Gordimer, südafrikanesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch.
- 16. Juli: Johnny Winter, US-amerikanesche Blues-Gittarist.
- 18. Juli: Dietmar Schönherr, éisträichesche Schauspiller.
- 19. Juli: James Garner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Georges Arendt, lëtzebuergesche Bankier, Fechter an Olympionik.
- 28. Juli: Yvette Lebon, franséisch Schauspillerin.
- 05. August: Elfriede Brüning, däitsch Schrëftstellerin.
- 08. August: Menahem Golan, israeelesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 11. August: Robin Williams, US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. August: Lauren Bacall, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. August: Peter Scholl-Latour, däitsch-franséische Journalist a Publizist.
- 19. August: Brian G. Hutton, US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 24. August: Richard Attenborough, englesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 26. August: Maria Mauban, franséisch Schauspillerin.
- 01. September: Gottfried John, däitsche Schauspiller.
- 02. September: Carlo Clasen, lëtzebuergesche Kellereidirekter.
- 10. September: Richard Kiel, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. September: Antoine Duhamel, franséische Komponist.
- 11. September: Mirko Ellis, Schwäizer Schauspiller.
- 11. September: Joachim Fuchsberger, däitsche Schauspiller an Entertainer.
- 12. September: Catherine Sola, franséisch Schaupillerin.
- 20. September: Polly Bergen, amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 20. September: Pino Cerami, belsche Vëlossportler.
- 30. September: Élina Labourdette, franséisch Schauspillerin.
- 30. September: Martin L. Perl, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 01. Oktober: Claude Meintz, lëtzebuergeschen Archivist.
- 04. Oktober: Jean-Claude Duvalier, haitianeschen Diktator.
- 07. Oktober: Siegfried Lenz, däitsche Schrëftsteller.
- 15. Oktober: Marie Dubois, franséisch Schauspillerin.
- 20. Oktober: René Burri, Schwäizer Fotograf.
- 28. Oktober: Michael Sata, President vu Sambia.
- 02. November: Acker Bilk, engleschen Jazz-Klarinettist.
- 02. November: Christiane Minazzoli, franséisch Schauspillerin.
- 06. November: Manitas de Plata, franséische Gittarist.
- 10. November: Georges Parent, belsche Professer, Botaniker an Herpetolog.
- 11. November: Victor Kalmes, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Zwangsrekrutéierten an Historiker.
- 12. November: Léon Lambert, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Zwangsrekrutéierten.
- 19. November: Mike Nichols, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 03. Dezember: Jacques Barrot, franséische Politiker.
- 03. Dezember: Giulio Questi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 05. Dezember: Fabiola de Mora y Aragón, Kinnigin vun de(r) Belsch.
- 09. Dezember: Mary Ann Mobley, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 10. Dezember: Ralph Giordano, däitsche Schrëftsteller.
- 11. Dezember: Giorgio Ardisson, italieenesche Schauspiller.
- 13. Dezember: Ina Bauer, däitsch Äiskonschtleeferin a Schauspillerin.
- 16. Dezember: Théo Peffer, lëtzebuergeschen Auteur vu Gaarden- a Planzebicher.
- 17. Dezember: Maurice Duverger, franséische Jurist a Politikwëssenschaftler.
- 18. Dezember: Virna Lisi, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Udo Jürgens, éisträichesche Komponist a Sänger.
- 21. Dezember: Billie Whitelaw, englesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Joe Cocker, brittesche Rock a Blues-Sänger.
- 26. Dezember: Leo Tindemans, belsche Politiker.
- 30. Dezember: Luise Rainer, däitsch Schauspillerin.
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 2014, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.