06. Februar: Ronnen Dësch a Polen; Solidarność soll nees zougelooss ginn, d'Zensur ofgeschaf, an eng zweet Kummer, de Senat, dee fräi gewielt soll ginn, soll geschaf ginn.
02. Mee: Ungarn fänkt domat un, d'Grenzspären no Éisträich ofzebauen.
08. Mee: Éischt Nummer vun der Gazeta Wyborcza, der éischter legaler Oppositiounszeitung am Ostblock.
07. Oktober: D'Ungaresch Sozilistesch Aarbechterpartei nennt sech an Ungaresch Sozialitesch Partei ëm an entmuecht sech gréisstendeels.
09. Oktober: Zu Leipzig gi bei der "Montagsdemonstration" trotz Verbuet 70.000 Leit op d'Strooss fir fir Reformen a Fräiheet ze demonstréieren; déi Woch drop sinn et der 120.000, nach eng méi spéit 300.000.
18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zeréck, den Egon Krenz gëtt säin Nofollger.
23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Constitutioun a Kraaft: Ungarn ass eng Republik a keng "Volleksrepublik" méi.
04. November: Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu Ost-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.
09. November: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnertdausende vu Leit kënne fir d'éischt Kéier no 28 Joer an de Westen.
18. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtz, d'LSAP der 18, d'DP der 11, d'GLEI an d'GAP der jee 2, d'ADR der 4 an d'KPL 1. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.
24. Mäerz: De Pëtrolstanker Exxon Valdez leeft am Prince William Sound virun der Küst vun Alaska aus; -zeg-dausend Tonne Pëtrol verknaschten eng 2000 Kilometer Côte.
1.-3. Juli: De Prolog, déi 1. an déi 2. Etapp, souwéi den Depart vun der 3. Etapp vum Tour de France sinn zu Lëtzebuerg. De Greg LeMond gewënnt am Generalklassement 8 Sekonne virum Laurent Fignon.
01. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:5 géint Belsch.
11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Saarbrécken, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:3 géint Portugal.
25. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu St. Gallen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1989, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.