1918: Joer

◄ | 19.

Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert  
◄◄ | ◄ | 1914 | 1915 | 1916 | 1917 | 1918 | 1919 | 1920 | 1921 | 1922 | ► | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1918.

Evenementer

Europa

Lëtzebuerg

  • 28. Mäerz: Bouneweg gëtt aus der Loft bombardéiert; et gëtt 9 Doudeger.
  • 08. Juli: Loftugrëff op Clausen, 8 Leit kommen ëm d'Liewen.
  • 28. Juli a 4. August: Wale fir eng Chambre constituante, déi d'Verfassung iwwerschaffe soll.
  • September: D'Regierung erlaabt, datt Biergermilizen opgesat kënne ginn, fir géint d'Déifställ vu Liewensmëttelen op Felder an a Lagere virzegoen.
  • 28. September: D'Regierung Kauffman trëtt zeréck, nodeems bekannt gi war, datt de Léon Kauffman bei enger Privataudienz vum däitsche Kanzler Georg Graf von Hertling bei der Groussherzogin Marie Adelheid mat derbäi war. Den Emile Reuter gëtt neie Ministerpresident vun der Regierung Reuter.
  • Oktober: Vill Leit kréien d'Spuenesch Gripp, en ettlech stierwen drun; d'Schoule ginn dowéinst zougemaach.
  • 10.-11. November: En Aarbechter- a Bauererot ("Sowjet") gëtt opgesat; an der Chamber fuerderen déi Liberal an d'Sozialisten d'Ofsetze vun der Groussherzogin, well dës sech an d'Regierungsgeschäfter gemëscht hätt an ze däitschfrëndlech gewiescht wier. Si verpasse knapps d'Majoritéit beim Vote.
  • 13. November: Eng 2000 russesch Krichsgefaangener maachen zu Esch-Uelzecht halt a kréien do z'iessen.
  • 21. November: Eng 20.000 amerikanesch Besatzungszaldote kommen op Lëtzebuerg.
  • 22. November: D'109. Infanterieregimemt vun der franséischer Arméi kënnt op Lëtzebuerg.
  • 23. November: D'Auerzäit gëtt vun där 'däitscher' ëm 55 Minutten hannerzeg op déi 'franséisch' ëmgestallt.
  • 25. November: De Maréchal Ferdinand Foch ass kuerz zu Lëtzebuerg, spéider och ëm de 15. Dezember an ëm Chrëschtdag.
  • 26. November: D'Ligue française gëtt gegrënnt; si setzt sech fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich an.
  • 11. Dezember: De Maréchal Philippe Pétain ass zu Lëtzebuerg.
  • 11. Dezember: De Cours vun der Mark gëtt zu 1,25 Frang festgeluecht, wat e grousse Wäertverloscht fir déi ass, déi Marken hunn.
  • 14. Dezember: D'Regierung kënnegt den 8-Stonnen-Dag bei gläicher Pai an der Sidérurgie un.
  • 23. Dezember: De franséischen Ausseminister Stéphen Pichon wëll déi lëtzebuergesch Ministeren, déi komm sinn, fir mat him iwwer eng Wirtschaftsunioun ze schwätzen, nëmme "privat" an net als Vertrieder vun der groussherzoglecher Regierung emfänken; et gëtt kloer, datt d'Marie-Adelheid als Staatscheffin net méi ze droen ass.
  • 30. Dezember: Lëtzebuerg kënnegt seng Memberschaft am Däitschen Zollveräin op.

Afrika

Amerika

USA

Südamerika

Asien

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Wëssenschaft an Technik

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1918 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

1918 Evenementer1918 Konscht a Kultur1918 Wëssenschaft an Technik1918 Gebuer1918 Gestuerwen1918 Um Spaweck191818. Joerhonnert19. Joerhonnert19081913191419151916191719191920192119221923192820. Joerhonnert21. Joerhonnert

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Strooss vun HormusKnuedlerRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstGeschicht vun der Lëtzebuerger ArméiNazikollaboratioun zu LëtzebuergLycée classique d'EchternachStadKierch ZowaaschJean Massard (Keel)David GoldrakeChristian RiesTurkmenistanFränz HausemerChamberKoordinéiert WeltzäitCharlotte vu LëtzebuergVatikanstadLëtzebuerg (Stad)PolarliichtAthénée de LuxembourgIsabelle SchmitzKlibberenKryosphärEngel AlbertLëscht vu lëtzebuergeschen InsektennimmRepublik China (Taiwan)Heinz ErhardtGare Belval-UniversitéLëscht vun de klasséierte MonumenterRosemarie FendelIan HendryCamille StuderEssenHypertext Markup LanguageAlbert KratzenbergHephaistosFernand FoxChrëschtlech-Sozial VolleksparteiGemeng MunnerefWaldbëlleger AffärMamerOrdre de Mérite du Grand-Duché de LuxembourgZesummen - d'BréckSchlass TurelbaachDullemajik (Museksgrupp)AustralienWolfgang Amadeus MozartLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenGemeng WëntgerLëscht vu lëtzebuergeschen Nimm vun Uebst a GeméisThailandNicolas SchumacherVanuatuËlwenMendaly RiesStater TramEisebunnManderfeldHollandTierkeiBauerZäitzonRuslana LyjytschkoGromperThierry van WervekeRussland🡆 More