D'Schlaangen (gr.
ὄφεις ópheis; lat. serpentes) sinn eng Ënneruerdnung vun de Schuppereptiller, déi weltwäit eng 3000 Aarten ëmfaasst.
Schlaangen | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Systematik | |||||||||||
|
Schlaange si Reptiller mat engem zylindreschen a verlängerte Kierper, ouni siichtbar Glidder. Si hunn hir Patten am Laf vun der Evolutioun verluer, geneesou wéi zwou aner Gruppe vu véierbeenege Vertebraten, d'Amphisbaenia, déi genee wéi d'Schlaangen zu de Schuppereptiller gehéieren (Squamata), an d'Gymnophiona, déi zu den Amphibien zielen.
Zu Lëtzebuerg gëtt et zwou Schlaangenaarten, déi allen zwou an d'Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéieren.
Eng drëtt Aart ass ëmmer nees am Gespréich, well d'Schléngnatter reegelméisseg mat der Kräizotter (Wipper) verwiesselt gëtt. D'Kräizotter konnt awer bis haut nach nie zu Lëtzebuerg nogewise ginn.
Dem Heng Klees no gëtt et zu Lëtzebuerg nach follgend Bezeechnungen: Schlaangendéier, Schéiss-Onk, Schéiss-Schlaang (bezeechent eng gréisser Schlaang an de Seechen zu Lëtzebuerg).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Schlaangen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.