Seechomessen (Formicidae) sinn eng Famill vun den Insekten bannent der Uerdnung vun den Hymenoptera (Apocrita).
Seechomessen | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Eng Seechomes vun der Aart Camponotus ligniperda | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Formicidae Latreille, 1802 | |||||||||||||||
Seechomessen am Bernsteen aus dem Baltikum. |
Den Numm setzt sech zesummen aus "seech-" (vu seechen, well d'Déier bei Gefor e Gëft versprutzt) an "-omes", dat op dat alhoudäitscht ‚emaz‘, ‚ëmatîc‘ = Nhd. ‚emsig‘ ("fläisseg") zeréckgoe kéint.
Et gëtt, jee no Quell, tëscht 11.000 an 12.500 Aarte vu Seechomessen, dovun der eng 200 an Europa. Déi eelst fossiliséiert Fondstécker sinn aus der Kräidzäit a ginn op en Alter vu ronn 100 Millioune Joren datéiert. Et gëtt ugeholl, datt et déi Déiere scho virun 130 Millioune Joer gouf.
All bekannt Seechomessenaarte sinn a Staaten organiséiert. Si stellen déi gréisst Grupp vun eusozialen Insekten duer.
En typesche Seechomessestaat besteet aus e puer honnert bis zu e puer Milliounen Individuen. D'Déieren a sou Staaten sinn sou organiséiert (no "Kasten"), datt se verschidde Kategorië vun Aarbechte maachen, déi Haaptkategorië sinn Aarbechter, Weibchen (Kinnigin) a Männchen. D'Aarbechter hu bei de Seechomesse keng Flilleken, just déi geschlechtsräif Weibercher a Männercher.
Seechomessen hunn no Aart vill verschidde Liewensweisen: et gëtt "Jeeër", "Sammler" oder "Ziichter" (z. B. vu Blatlais), bis hin zu Aarten, déi Pilzen als Kascht kultivéieren, wéi z. B. d'Blatschneiderseechomessen (Gattungen Atta an Acromyrmex). Verschidden Aarte bedreiwe Sklaverei oder Sozialparasitismus, andeems s'entweeder d'Aarbechter vun aneren Aarte „versklaven“ (z. B. Polyergus rufescens), oder andeems hir Weibercher sech am Stack vun engem anere Staat "infiltréieren" an do hir Nokommen vun deenen opzille loossen (z. B. Anergates atratulus).
Seechomessestaaten hunn en nohaltegen Afloss op hir Ëmwelt, andeems se déi iewescht Buedemschichten ëmkéipen, planzlecht Material ofbauen, Som verbreeden oder als Raiber d'Entwécklung vun aneren Arthropode reguléieren.
D'Erfuerschung vun de Seechomessen heescht Myrmekologie.
Dem Henri Klees no gëtt et follgend Nimm a Bezeechnungen:
Fossil a rezent Seechomessen, kombinéiert no Moreau a Ward
Formicidae |
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Tëscht 2013 an 2017 hunn d'Myrmekologe Philippe Wegnez, David Ignace a Cécile Morro en Atlas vun de Seechomessen zu Lëtzebuerg opgestallt, an deem 64 Aarten, aus 4 Ënnerfamillen, repertoriéiert sinn. 19 Aarte goufe vun hinnen eng éischt Kéier am Land nogewisen, iwwerdeems der 10, déi fréier eng Kéier signaléiert gi waren, entweeder ugezweifelt goufen, oder als warscheinlech net méi present deklaréiert goufen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Seechomessen zu Lëtzebuerg.
Commons: Seechomessen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Seechomes Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Seechomessen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.