Stärebild Orion

D'Stärebild Orion steet um Himmelsequator an ass an eiser Géigend dat interessantst Stärebild um südlechen Himmel an de Wanterméint.

Wärend deene Méint ass den Orion op béiden Deeler vun der Äerd ze gesinn (Nordhalefkugel a Südhalefkugel). Den Orion soll e mytheschen Himmelsjeeër duerstellen.

Date vum Stärebild Orion
Lëtzebuergeschen Numm Orion
Laténgeschen Numm Orion
Laténgesche Geenitiv Orionis
Laténgesch Ofkierzung (Ori)
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 4h 45m bis 6h 25m
Deklinatioun -10° 58' bis +22° 52'
Fläch 594 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 85° Nord bis 75° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
8
Hellste Stär,
Gréisst
Rigel (β Orionis),
0,12m
Meteorstréim Orioniden
Chi-Orioniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Gemini
Taurus
Eridanus
Lepus
Monoceros
Stärebild Orion
Stärebild Orion
Stärebild Orion
Laangbeliicht Foto vum Orion mat rout liichtende Wolleke vu ioniséiertem Waasserstoff (H-alpha). De grousse Bou gëtt Barnard's Loop genannt.
Stärebild Orion
Orion am siichtbaren an am infraroude Spektrum.
Stärebild Orion
Stärekaart Orion
Stärebild Orion
Stärebild Orion an Natur

Orion ass de laténgeschen Numm. An der Astronomie ass seng Ofkierzung Ori

Stären am Stärebild Orion

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 19 Rigel 0,12m 773 B8 Ia
α 58 Betelgeuse, Betelgeuze, Beteigeuze 0,3 bis 0,9m 428 M2 Ib
γ 24 Bellatrix 1,64m 243 B2 III
ε 46 Alnilam 1,69m 1342 B0 Ia
ζ 50 Alnitak 1,74m 818 O9.5 Ib
κ 53 Saiph 2,07m 722 B0.5 !a
δ 34 Mintaka 2,20 bis 2,35m 916 O9.5 II
ι 44 Nair-al-Saif, Hatysa 2,75m 1326 O9 III
π³ 1 Tabit 3,19m 26 F6 V
η 28 3,35m 901 B1 V + B2
λ 39 Heka, Meissa 3,39m 1056 O
τ 20 3,59m 555 B5 III
π4 3 3,68m 1259 B2 III SB
π5 8 3,71m 1342 B2 III SB
σ 48 3,77m 1149 O9.5 V
ο2 9 4,06m 169 K2 III
φ2 40 4,09m 116 G8 III-IV
μ 61 4,12m 152 Am
e 29 4,13m 174 G8 III
A 32 4,20m 289 B5 V
π2 2 4,35m 194 A1 Vn
φ1 37 4,39m 985 B0 IV
χ1 54 4,39m 28 G0 V
ν 67 4,42m 535 B3 IV
ξ 70 4,45m 635 B3 IV
ρ1 17 4,46m 344 K3 III
π6 10 4,47m 954 K2 II
ω 47 4,50m 1623 B3 IIIe
HR 2113 4,53m 3978 K2 III
c 42 4,58m 786 B2 III
ψ2 30 4,59m 1418 B2 IV
υ 36 Thabit 4,62m 1546 B0 V
χ2 62 4,64m B2 Ia
π1 7 4,64m 121 A0 V
11 4,65m 400 A0p Si
31 4,71m 456 K5 III
ο1 4 4,71m 542 M3
22 4,72m 1 289 B2IV-V
56 4,76m 1113 K2IIvar
49m 4,77 154 A4V
HR 1887 4,78m 1 864 B0.5V
15 4,81m 319 F2IV
ψ1 4,89m 1110 B1V:pe
51 4,90m 302 K1III
4,91m 507 M1III
HR 1952 4,95m 2091 B2IV-V
69 4,95m 775 B5Vn
23 4,99m 962 B1V
74 5,04m 64 F5IV-V
27 5,07m 172 K0III
θ2 5,08m O9.5Vpe
θ1 Trapez 5,13m 1897 O6p
64 5,14m 1070 B8V
HR 1684 5,18m 321 K5III
6 5,18m 241 A3V
71 5,20m 69 F6V
60 5,21m 367 A1Vs
45 5,24m 371 F0III
52 5,26m 480 A5V
38 5,32m 345 A2V
5 5,33m 638 M1III
HR 1571 5,33m 441 K1III
14 5,33m 194 Am
72 5,34m 480 B7V
21 5,34m 198 F5IIvar
HR 1861 5,34m 2 569 B1IV
HR 1519 5,35m 267 Am
HR 1868 5,36m 1853 B1V
55 5,36m 1681 B2IV-V
75 5,39m 254 A2V
HR 1507 5,39m 157 F0V
U 5,40m 2146 M6e-M9.5e
16 5,43m 176 A2m
73 5,44m 1400 B9II-III
33 5,46m 1568 B1.5V
HR 1709 5,50m 599 K4III

D'Bellatrix (γ Orionis), deen drëtthellste Stär am Orion, ass e bloe liichtende Stär op 243 Liichtjoer Distanz. Hien huet déi 4.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Bellatrix ass laténgesch a bedeit „Krichsfra“.

Den ε Orionis, de mëttelse vun de Ceinturestären, ass 1342 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e blowäissen Iwwerris. Den Numm Alnilam ass vun alarabeschen Urspronk a bedeit „Pärelschnouer“.

Méifachstären

System Gréisst Abstand
β 0,3 /6,8/6,8m 9,8"
θ¹ 5,1 / 6,4 / 6,6 / 8,0m 20,4"
ι 2,8 / 6,9m 11,3"
λ 3,6 / 5,5m 4,4"

De Rigel (β Orionis) ass trotz senger Distanz vu 770 Liichtjoer de siwenthellste Stär um Nuetshimmel. Et handelt sech ëm een Duebelstäresystem. Den Haaptstär ass e bloe Ris mat der 17facher Mass, dem 60fachen Duerchmiesser an der 40.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hien ass domat e vun de liichtkräftegste Stären aus eiser Mëllechstrooss. Am Teleskop kann een e Begleetstär vun der 6. Gréissteklass gesinn. Den alarabeschen Numm Rigel leet sech of vum „de lénkse Fouss“.

Den ζ Orionis, de lénkse Ceinturstär, ass en Dräifachstär op enger Distanz vun 817 Liichtjoer. En huet e Begleetstär vun der 4. Gréissteklasse. Den arabeschen Numm Alnitak bedeit „Ceinture“.

De δ Orionis, de rietse Ceinturestär, ass och en Dräifachstär. D'System ass 916 Liichtjoer ewech.

Stärebild Orion
Déi dräi „Ceinturestären“ an den Orionniwwel am Wanterstärebild Orion

Verännerlech Stären

Stär Gréisst Period Typ
α 0,3 bis 0,9m 420 Deeg / 6 Jahre hallefreegelméisseg (SR c)
δ 2,20 bis 2,35m Bedeckungsverännerlechen
U 4,8 bis 12,6m 372 Deeg Mira-Stär
W 5,9 bis 7,7m 12 Deeg hallefreegelméissg

De Stär Betelgeuse (α Orionis) ass e roudem Iwwerris op enger Distanz vu 428 Liichtjoer. Hien huet ongeféier déi 15fach Mass an de 630fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Géif de Stär am Zentrum vun eisem Sonnesystem sinn, géif hie bis iwwer d'Marsbunn ewech stoen. De Betelgeuze ass e Sechsfachstäresystem. Déi fënnef Begleetstäre kënnen awer net am Teleskop gesi ginn. Si sinn nëmme spektroskopesch nozeweisen. Den Haaptstär ass e verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vu ronn 6 Joer verännert. De Stär ass um Enn vu senger Entwécklung ukomm a wäert méiglecherweis an deenen nächsten 100.000 Joer als Supernova vum Typ II explodéieren.
Den arabeschen Urspronk vum Numm Betelgeuze ass net komplett gekläert. E kënnt sech aus der „Hand vum Mëttleren“ oder der „Achsel vum Mëttleren“ ofleeden.

Messier- an NGC-Objete

Messier (M) NGC diverses Gréisst Typ Numm
1662 6,4m Oppene Stärekoup
42 1976 4,0m Emissiounsniwwel Orionniwwel
43 1982 9,0m Emissiounsniwwel klengen Orionniwwel
78 2068 8,0m Reflexiounsniwwel
1977 7,0m Reflexiounsniwwel
1980 2,5m Oppene Stärekoup an Niwwel
1981 4,2m Oppene Stärekoup
2024 diffusen Niwwel Flamenniwwel
2071 8,0m diffusen Niwwel
IC 434 Emissiounsniwwel mat Päerdskappniwwel
2169 5,9m Oppene Stärekoup
2175 Oppene Stärekoup mat Gasniwwel
2186 8,7m Oppene Stärekoup
2194 8,5m Oppene Stärekoup
Stärebild Orion
Amateurastronomesch Foto vum Orionniwwel

Den M 42 an den M 43, dee 1400 Liichtjoer wäiten Orionniwwel, ass eent vun deene schéinsten Observatiounsobjete um Nuetshimmel.

En anere bekannten Objet ass eng Stëbswollek, déi sech virun dem Emissiounsniwwel IC 434 ofzeechent a wéinst hirer Form Päerdskappniwwel genannt gëtt. Wéinst der schwaacher Flächenhellegkeet ass den Niwwel och mat Teleskope schwéier ze gesinn. Eréischt laang beliichten astronomesch Fotoe weisen Detailer.

Kuckt och

Stärebild Orion  Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Orion – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Stärebild Orion Stären am Stärebild Orion MéifachstärenStärebild Orion Verännerlech StärenStärebild Orion Messier- an NGC-ObjeteStärebild Orion Kuckt ochStärebild Orion Um SpaweckStärebild OrionStärebild

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Max MeierHenri-Jean-Népomucène CrantzAlgorithmusPutty SteinMalawiMalaysiaStar TrekEdouard KohlD'Maus KettiMoscheeHande YenerLëtzebuerger ConstitutiounHollandInternationale WärungsfongSchlass TurelbaachEddington MedailPortugalWashington D.C.Lëscht vun de Lëtzebuerger GemengenOoops! Noah is Gone...Henri LujaIndoeuropäesch SproochenSchlass MierschEveryday ZuluIrakAngkor WatLuxairOdessaEleanor HelinTom Bimmermann1996Charles KohlSchongMohammedFräi SoftwareCharles MederPolice grand-ducaleM. Emmet WalshThe Dead Don't HurtLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Esch-UelzechtFernand FehlenInternetMoskauMicky ErpeldingOuschterenPlanzeräichKontinentHaaptstadMarokko.gifGewerkschaftBlue (Film 1968)RTL Télé LëtzebuergWladimir Wladimirowitsch PutinEuroTurkmenistanMartine DeprezPandemieGalaxiëkoup1964Laura BettiLëtzebuerger am KongoKroatien1193LondonMichel LentzHannes AlfvénGemeng Bous-WaldbriedemesJosy BraunDiane FeipelAndré GrosbuschTild🡆 More