D'Lady Gaga, och Lady GaGa geschriwwen, gebuer den 28.
Mäerz">28. Mäerz 1986 zu New York City als Stefani Joanne Angelina Germanotta, ass eng US-amerikanesch Popsängerin a Songwriterin.
Lady Gaga | |
---|---|
am Joer 2018 | |
Gebuertsnumm | Stefani Joanne Angelina Germanotta |
Gebuer | 28. Mäerz 1986 Lenox Hill Hospital |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Tisch School of the Arts, Lee Strasberg Theatre and Film Institute |
Aktivitéit | Sänger, Lidderschreiwer |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Taylor Kinney |
Papp | Joe Germanotta |
No hirer Aktivitéit als Songwriterin fir d'Pussycat Dolls huet si hiren Debutalbum The Fame am August 2008 verëffentlecht, deen op déi éischt Plaz ënner anerem a Kanada, Éisträich, Däitschland an Irland koum. Hir éischt zwou Singelen Just Dance a Poker Face goufe weltwäit Nummer-Eent-Hitten. Den Album krut spéiderhi sechs Grammy-Nominéierungen a gouf als beschten Electronic-/Dance-Album an als bescht Dance-Opnam ausgezeechent.
Ufanks 2009 ass si am Virprogramm vun den New Kids on the Block an de Pussycat Dolls opgetrueden an huet hir éischt Solotournée The Fame Ball Tour ugefaangen. Am November 2009 huet si hiren zweeten Album The Fame Monster verëffentlecht an och hir zweet Tournée, The Monster Ball Tour ugefaangen.
De "Monster Ball Tour" war a ville Länner direkt no der Ukënnegung ausverkaaft. Am Ufank war se nëmme fir ee Joer geplangt, awer wéinst dem onerwaarte grousse Succès gouf decidéiert d'Tournée bis 2012 duerchzezéien.
Commons: Lady Gaga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lady Gaga, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.