Biologie

D'Biologie ass d'Wëssenschaft vun de Liewewiesen.

Biologie
Animalia - Bos primigenius taurus
Biologie
Planta - Triticum
Biologie
Fungi - Morchella esculenta
Biologie
Stramenopila/Chromista - Fucus serratus
Biologie
Bacteria - Gemmatimonas aurantiaca (- = 1 Micrometer)
Biologie
Archaea - Halobacteria
Biologie
Virus - Gamma phage

D'Wuert „Biologie“ kënnt aus dem algriicheschen βιος bíos „Liewen“ a λογος lógos „Léier“ a gouf am Joer 1802 vum franséische Biolog Jean-Baptiste de Lamarck agefouert.

Kennzeeche vun de Liewewiesen (ouni d'Viren)

Déi wichtegst Kennzeeche vun de Liewewiesen (oder Organismen) sinn:

  • d'Zell als klengsten, liewege Bestanddeel vun all Organismus;
  • d'DNA als Träger vun der geneetescher Informatioun;
  • de Metabolismus oder Stoffwiessel: Otmung, Narungsopnam, Verdauung, Ausscheedung, Opbau an Ofbau vu kierpereegene Stoffer...;
  • d'Entwécklung vun der Gebuert iwwer de Wuesstum bis zum Doud;
  • d'Reproduktioun;
  • d'Reizbarkeet: Reaktioun op Reizen aus der Ëmwelt (Liicht, Geräischer...);
  • d'Evolutioun: geneetesch Verännerungen am Laf vun der Zäit (z. B. zwecks enger besserer Upassung un de Liewensraum an/oder d'Liewensweis).

Well d'Viren net aus Zelle bestinn an och keen eegene Metabolismus hunn, gi si dacks net zu de Liewewiese gezielt.

Iwwersiicht iwwer d'Liewewiesen

Populärwëssenschaftlech kann een d'Liewewiesen a fënnef Gruppen (Kinnekräicher) andeelen:

Wëssenschaftlech ginn d'Liewiesen an dräi Domäner agedeelt:

  • Bacteria, eenzelleg, Zellen ouni Zellkär;
  • Archaea, bakteerienänlech Eenzeller, Zellen ouni Zellkär;
  • Eukarya, Een- oder Villzeller, Zelle mat engem Zellkär.

D'Bakteerien an d'Archaeë ginn dacks zesummen als Prokaryonten (Prokaryota) bezeechent.

D'Vire feelen an der Lëscht, well nach net gewosst ass wéi si ënnereneen an och net mat deenen anere Liewewiese Famill sinn.

Der aktueller Systematik no, déi awer vun de Wëssenschaftler nach kontrovers diskutéiert gëtt, ginn d'Eukarya (Eukaryoten) a sechs Gruppen (Kinnekräicher) agedeelt:

  • Opisthokonta: Déieren a Pilzen;
  • Archaeplastida: Gréngalgen an all aner Planzen;
  • Amoebozoa: Amoeben a verwandten Eenzeller;
  • Rhizaria: Foraminiferen, Radiolarien an aner Eenzeller;
  • Chromalveolata: Algen ausser de Gréngalgen;
  • Excavata: Eenzeller wéi z. B. d'Euglenen.

Adl, S.M., 2005. The New Higher Level Classification of Eukaryotes with Emphasis on the Taxonomy of Protists. The Journal of Eukaryotic Microbiology 52 (5): 399-451.(Resümmee a ganzen Text)
Keeling, P.J. et al., 2005. The tree of eukaryotes. Trends in Ekology and Evolution 20 (12): 670-676. (Eng alternativ, liicht verschidde Klassifikatioun, mat fënnef amplaz sechs Kinnekräicher).

Definitioun vum Liewen

Eng Definitioun vum Liewe gëtt gebraucht well:

  • op eiser Äerd sech d'Liewe graduell, also mat (villen?) Tëschestufen aus organescher Matière entwéckelt huet;
  • op anere Planéiten (z. B. d'Venus) oder hire Mounden (z. B. dem Titan vum Saturn) vläicht Liewensformen entstane sinn, déi sech grondleeënd vun deenen op der Äerd ënnerscheeden.

Follgend Definitioune goufen ënner anere virgeschloen:

    • Liewe besteet aus Populatioune vun Eenheete mat follgende Propriétéiten: Vermehrung, Verierwung a Variatioun. (John Maynard Smith, e britteschen Evolutiounsbiolog),
      Dës Definitioun gouf 1994 als Aarbechtshypothes fir d'Nasa bei hirer Sich no Liewen op frieme Planéite virgeschloen.

Literatur: Hazen, R., 2007. Was ist Leben? Spektrum der Wissenschaft Okt. 2007: 67-70.

Aarbechtsmethode vun der Biologie

D'Biologie benotzt ganz allgemeng d'Methode vun der Wëssenschaft, wéi:

  • Froe stellen;
  • Genee observéieren; och mat Hëllefsmëttele wéi dem Mikroskop oder der Spektiv;
  • Dokumentéiere vu Beobachtungen a Form vun Notizen, Handzeechnungen, Fotoen a Filmer, grad wéi Tounopzeechnungen;
  • Experimentéieren;
  • Opstellen an Teste vun Hypotheesen.

Donieft bidden ënnerschiddlech Deeldisziplinnen eegen Zougäng:

    Systemateschen Usaz
    e System vun de Liewewiesen opstellen (Systematik), an onbekannt Liewewiese charakteriséieren, a mat Hëllef vun hiren Eegenschaften a Kennzeechen an dëse System anuerdnen.
    Anatomie
    doudeg Liewewiesen an hir Eenzeldeeler zerleeën an ënnersichen.
    Physiologie
    d'Funktioun an d'Zesummespill vun eenzelen Zellen an eenzelen Organer ënnersichen an erklären.
    Pathologeschen Usaz
    aus kranken Zoustänn op deenen hir Mechanisme schléissen.
    Geneeteschen Usaz
    D'Ierfgutt vun allen Aarte vu Liewewiesen analyséieren a katalogiséieren.
    Biocheemeschen Usaz
    Déi verschidde Bestanddeeler vun de Liewewiesen (z. B. Eewäisser, Lipiden a Kuelenhydrater) grad wéi d'cheemesch Stoffëmsetzungen analyséieren.
    Verhalensbiologeschen, speziell soziobiologeschen Usaz
    D'Verhale vun Individuen, vun aartgläichen Déieren an der Grupp a vis-à-vis vun aneren Déierenaarte beobachten a versichen z'erklären.
    Ökologischen Usaz
    De Liewensraum vun enger Aart vu Liewewiesen dokumentéieren, d'Wiesselbezéiunge vun de Liewewiese mat hirer Ëmwelt an d'Zesummespill vu verschiddenen Aarten an engem Liewensraum analyséieren.
    Notz-Usaz
    Notzplanzen, Notzdéieren an Notzmikroorganismen halen, ziichten, ënnersichen.

Méiglech Andeelung vum Fachgebitt

Wichteg Deelgebidder vun der Biologie

Aerobiologie -- Anatomie -- Anthropologie -- Bakteriologie -- Biochimie -- Biogeographie -- Bioinformatik -- Bionik -- Biophysik -- Biosemiotik -- Biotechnologie -- Biozönologie -- Botanik -- Chorologie -- Chronobiologie -- Entomologie (Léier vun den Insekten) -- Entwécklungsbiologie -- Epidemiologie -- Evolutiounstheorie -- Geneetik (Verierwungsléier) an Epigeneetik (doriwwer eraus) -- Geobotanik -- Histologie (Léier vun de Tissusen) -- Immunologie -- Kladistik -- Lichenologie (Léier vun de Flechten) -- Limnologie -- Mieresbiologie -- Mikrobiologie -- Molekularbiologie -- Morphologie -- Mykologie (Léier vun de Pilzen) -- Neurowëssenschaften -- Ekologie (Biologie) -- Onkologie (Kriibsfuerschung) -- Ontogenie (Individualentwécklung) -- Paleontologie (mat Paleobotanik a Paleozoologie) -- Pathologie (Léier vun de Krankheetserreeger) -- Pharmabiologie -- Phykologie -- Phylogenie -- Physiologie -- Phytopathologie -- Protozoologie -- Séisswaasserbiologie -- Strukturbiologie -- Taxonomie -- Theoreetesch Biologie -- Toxikologie -- Verhalensfuerschung -- Virologie -- Zellbiologie -- Zoologie

Grenzgebidder vun der Biologie

  • Extraterrestresch Biologie (Exobiologie oder Astrobiologie)
  • Cryptobiologie
  • Kënschtlecht Liewen (als Simulatioun op engem Computer och nach AI genannt, vum engl.: Artificial Intelligence)
  • kybernetesch Organismen (Cyborgs)
  • Medezin, Veterinärmedezin
  • Ingenieurbiologie
  • Kriminalbiologie

Fir ze liesen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Biologie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Biologie Kennzeeche vun de Liewewiesen (ouni dViren)Biologie Iwwersiicht iwwer dLiewewiesenBiologie Definitioun vum LiewenBiologie Aarbechtsmethode vun der Biologie Méiglech Andeelung vum FachgebittBiologie Fir ze liesenBiologie Kuckt ochBiologie Um SpaweckBiologieWëssenschaft

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Georges CalteuxNationalstrooss 50Schëld C, 1410GoldstandardLëtzebuerger JournalLëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a SchlässerZesummen - d'BréckNew York CityBlogPlace de la ConstitutionPol LeursJean Louis SchlimFrank HippertHaaptsäit/Artikel vun der WochAffekot18. AbrëllWaldbëlleger AffärVereenegt Staate vun AmerikaFahd ibn Abd al-AzizScott McKenzieFamill (Biologie)Vincent ArtusoGaston VogelLiz BrazStade du ThillenbergReiland23. MeeSchëld F, 17Bernard FeltenBibelHannert dem AtlantikISO 3166-1Schëld F, 9Marcel NoppeneyBanque internationale à LuxembourgHuelen ZantJournalismusHaaptsäit/WDS-ArchivDie WarteEifeler ReegelMarco PoloHans SteinhoffMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)X (Soziaalt Netzwierk)Felix vu Bourbon-ParmaLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergJemenRiesenhaffRiedelenKauneref.jpgActioun LëtzebuergeschKlëppelkrichPéiter OnrouMinettsgéigendSerge TonnarWashington D.C.Charles vu Lëtzebuerg (2020)Cinque per l'infernoJesuittenCharles BarthelSophie DiderrichGast RollingerBasiliscus plumifrons🡆 More