D'Pamela Denise Anderson, gebuer den 1.
Juli 1967 zu Ladysmith, British Columbia, ass eng kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin an e Pin-Up-Girl.
Pamela Anderson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pamela Denise Anderson |
Gebuer | 1. Juli 1967 |
Nationalitéit | Kanada, USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Playmate, Mannequin, Synchronspriecher, Erotikmodel, Produzent, Animateur, Filmproduzent, Televisiounsmoderateur, Televisiounsproduzent |
Famill | |
Bestuet mat | Tommy Lee |
Liewenspartner(in) | Tommy Lee, Adil Rami |
Nodeem datt d'Pamela Anderson 1989 bei engem Football-Spill zu Vancouver entdeckt gouf, well s'e Reklamms-Tshirt vun der Béiermark Labatt unhat, ass se vu Labatt engagéiert gi fir d'Promotioun vun hire Produkter.
Si ass dunn op Los Angeles geplënnert an am Februar 1990 war se fir d'éischt Kéier Covergirl vum Playboy. Zéng mol duerno sollt se nach am Häremagasine ze gesi sinn. Hire Succès als Sexsymbol vun den 1990er Jore grënnt sech ë. a. op hire grousse Broschtëmfank, dee s'am Ganze véiermol verännere gelooss huet.
An der Tëlee hat si hiren éischten Optrëtt als Lisa bei der US-amerikanescher Comedy-Serie Tool Time. Welberühmt ass si awer eréischt ginn duerch hir Roll an der Fernseeserie Baywatch, wou se nieft dem David Hasselhoff fënnef Joer laang d'Rettungsschwëmmerin Casey Jean "C. J." Parker gespillt huet. Weider ernimme kann een nach d'Fernseeserie VIP-The Bodyguards, déi d'Anderson selwer produzéiert huet an an där s'als Valery Irons d'Haaptroll gespillt huet.
Privat war d'Anderson och dacks an de Boulevardsnoriichten, net zulescht wéinst hirem turbulente Bestietnes mam Tommy Lee, dem Batteur vun der Heavy-Metal-Band Mötley Crüe, vun deem d'Hochzäitsvideo vun 1995 an Ëmlaf gerode war. No der Scheedung vum Lee war d'Anderson fir kuerz Zäit mam schweedesche Model Marcus Schenkenberg an duerno mam US-amerikanesche Museker Kid Rock zesummen.
D'Anderson ass Mamm vun zwee Kanner déi se mam Tommy Lee huet (Brandon, *
6. Juni 1996, an Dylan, * 29. Dezember 1997). Nodeem datt se gewuer gouf, datt si sech mat enger Tätowéiernol mat Hepatitis-C infizéiert huet, setzt si sech fir d'Bekämfung vun där Krankheet an. Donieft engagéiert se sech fir den Déiereschutz an ass Member vun der Déiereschutzorganisatioun Peta.Commons: Pamela Anderson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pamela Anderson, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.