Irland (Iresch: Éire), och bekannt als Republik Irland (Poblacht na hÉireann), ass en europäesche Staat.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Staat Irland. Fir aner Begrëffer mam selwechten Numm, kuckt wgl. Irland (Homonymie). |
E läit op der Insel Irland, am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.
Ireland Éire | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Iresch, Englesch | ||||
Haaptstad: | Dublin | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Michael D. Higgins | ||||
• Taoiseach: | Simon Harris | ||||
Fläch: | 70.273 km² (120.) | ||||
• Dovu Waasser: | 2 % | ||||
Bevëlkerung: | 4.757.976 (2016) (120.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 67,7/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 6. Dezember 1922 vu Groussbritannien akzeptéiert | ||||
Nationalhymn: | "Amhrán na bhFiann" | ||||
Wärung: | Euro | ||||
Zäitzon: | UTC +0 | ||||
Internet TLD: | .ie | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +353 | ||||
Ladies View am Killarney Nationalpark an der Grofschaft Kerry |
Irland ass eng gréng Fielsinsel an dofir wuessen do net vill Beem a Bësch. Irland ass haaptsächlech vun Hecken, Gestrëpp an aneren niddrege Planze bewues, déi net vill Nierstoffer brauchen. Laanscht d'Südküst - wou de Golfstrom laanscht kënnt - wuesse kleng Palmen a verschidden aner verkrëppelt tropesch Planzen. An där Regioun sti mat déi meescht Beem, mä si wuesse kaum iwwer Maansgréisst eraus.
Op der Insel gëtt et vill Séien. Dee bekanntsten ass de Lough Neagh. De Floss Shannon ass mat 370 Kilometer dee längste Floss an Irland. Hien entspréngt am Norden tëscht den Uertschafte Belleek a Kesch aus dem Lough Erne (Erneséi) an e fléisst zu Limerick (Grofschaft Munster) an den Atlantik. Tëscht der Quell an der Mëndung leeft en duerch e sëllege kleng an e puer grouss Séien, ë. a. de Lough Ree an de Lough Derg.
Zu de gréisste politsche Parteien an Irland zielen: Fine Gael, Fianna Fáil, Sinn Féin, Socialist Party, People Before Profit Alliance, Anti-Austerity Alliance, Labour Party, Social Democrats, Workers and Unemployed Action Group a Green Party.
Provënzen:
Countien:
D'iresch Wirtschaft huet sech zënter den 1980er vun enger haaptsächlech landwirtschaftlecher Ekonomie zu enger moderner Ekonomie entwéckelt, déi op héich technologesch Industrien an Zerwisser spezialiséiert ass. Mat deemools 11 anere Staaten huet Irland 2002 den Euro als offiziell Wärung agefouert. D'Land ass stark vun Auslänneschen Direktinvestitiounen ofhängeg an huet wéinst senger gutt forméierten Aarbechtskräft an niddrege Steieren op Entreprisë kënnen e puer multinational Gesellschaften unzéien.
Entreprise wéi Intel hunn an Irland an de spéiden 1980er investéiert; spéider sinn nach Microsoft a Google derbäikomm. Irland läit op Plaz 8 (2016) vun de wirtschaftlech fräiste Länner op der Welt vum (dem Index of Economic Freedom no).
2015 hat Irland no Lëtzebuerg den zweethéchste PIB pro Awunner an der EU (49.300 Euro per capita).
D'Réimesch-Kathoulesch Kierch ass mat 91,6 % vertrueden, d'Church of Ireland mat 2,5 %, aner Glawensrichtunge kommen op 5,9 % (1998).
Commons: Irland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Irland, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.